Search

You may also like

Dat grousst Geschäft
International Neiegkeeten

Dat grousst Geschäft

Dem Donald Trump steet den Toupet zu Bierg an de

“Fjorde” vum Tomas Bjørnstad
International Neiegkeeten

“Fjorde” vum Tomas Bjørnstad

Et ass de literareschen Debut vum norwegesch-Lëtzebuergeschen Auteur Tomas Bjørnstad

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht
International Neiegkeeten

D‘Ofstëmmung iwwert de Budget gëtt net verluecht

D‘Annonce vun der Staatstrauer, nom Dout vum Groussherzog Jean, soll

Grousse Protest zu Madrid

Regierung wëll katalanesch Separatiste begnodegen, an d‘Monarchiste flippen aus

Grousse Protest zu Madrid

Um Sonndeg war et an der spuenescher Haaptstad batter waarm an d‘Stëmmung den Temperaturen ugepasst. Op der „Plaza de Colón“ haten sech d‘Nationalisten an d‘Monarchiste versammelt. Esou wäit de Bléck gereecht huet, war e Mier vu „Spuenien“ Fändelen, Präbbelien a Gesiichtsmasken ze gesinn. Et gouf vu „Viva Espana“ a „Vive de Kinnek“ gebläert. Wat war dann nëmme lass?

De sozialistesche Premier Pedro Sanchez hat d‘lescht Woch annoncéiert, dat hien no Concertatioun mat der Regierung beschloss hätt, déi inhaftéiert katalanesch Separatisten, an och all aner Bedeelegt un der Proklamatioun zur Onofhängegkeet vu Katalounien begnodegen ze wëllen. Dat gefält awer de spuenesche Monarchisten, Nationalisten a Franko-Nostalgiker, net firwat protestéiert gëtt.

E Protest hannert deem déi neofaschistesch „Unión 78“ steet an eppes Froen opwerft. Esou géif ee gäre wëssen ob d‘Land u sech, oder just d‘Monarchie a Gefor sinn. Fir d‘Aktiviste vun dësem Mouvement schéngt genee dat de Fall ze sinn. Si sinn dann och iwwerzeegt, datt en onofhängegt Katalounien nëmmen den Ufank vum batteren Enn wier. Esou eppes hätt Beispillcharakter…

Néi däitlech: d‘Militante vun „Unión 78“ sinn iwwerzeegt, datt dann och d‘Baskeland an aner Provënzen hir Onofhängegkeet afuerdere géifen. Sécher, d‘Begnodegung vun de Separatisten u sech wier nach net d‘Enn vum Land an de Monarchie, mee schonn eng zolidd Beleidegung. D‘Sozialiste wieren eng Schan, si hätte keng Prinzipien. Nujee firwat och, et si jo keng richteg Sozialisten.

Déi Grënn déi keen ernimme wëll

Elo muss een dann awer nach festhalen, dat de Pedro Sanchez jo och perséinlech Interessen huet, an dozou gehéiert un der Muecht ze bleiwen. Doranner ënnerscheeden sech an der EU d‘Staats- a Regierungscheffen net, an et huet och näischt mat der oft virgetäuschter ideologescher Ausriichtung ze dinn. Dat ass ee generelle Problem vun der Demokratie, mee och vum sougenannte Wielvollek.

Anersäits muss nach emol drop higewise ginn, datt dem Pedro Sanchez säin Zousproch bannent dem Kongress éischter minimalistesch ass. Ouni vun de katalanesche Separatiste gestäipt ze ginn, fiert dem pseudo-Sozialist d‘Muecht ëm d‘Oueren. Ganz esou fräiwëlleg oder mat Iwwerzeegung, wéi dat ee Sonndeg vun den Neofaschisten duergestallt gouf, mécht de Pedro Sanchez dat elo net.

Richteg ass natierlech och, datt den Dialog ëmmer dem Konflikt virzezéien ass. Datt de Pedro Sanchez net dem Mariano Rajoy säin haarde krus géint Katalounien weidergefouert huet, also eigentlech ze begréissen. Dat gesinn se a Katalounien ënnert de Separatisten och esou, hei huet zanter Enn Mee d‘Partei vum Oriol Junqueras de „Lénk Republikaner“ d‘Leedung iwwerholl.

Den Oriol Junqueras, ass e vun de Separatisten deen zu 13 Joer Prisong verurteelt gouf, a sech och weiderhin engagéiert. Déi lescht Woch huet hien op der Internetsäit vu „La Sexta“ an engem Artikel op d‘Importenz vum Dialog higewisen. Fir hien a seng Matstreider wieren d‘Onofhängegkeet nach ëmmer dat prioritäert Zil, an et gëtt och nach ëmmer ee Referendum gefuerdert. Mee am Dialog.

An nach eng Prezisioun

Wann natierelch unhand esou politeschen Aussoen, wéi och dem begleedende Protest vum Sonndeg elo kann d‘Hoffnung opkommen, datt déi politesch Prisonéier zäitno kéinte fräi kommen, esou ass deem leider net esou. Och d‘Definitioun „Begnodegung“ muss hei an de richtege Kontext gesat ginn. Fir eng vollstänneg Begnodegung bréicht d‘Regierung hei d‘Zoustëmmung vum Geriicht.

Net iergendwellechem Geriicht. Nee et muss dat Geriicht sinn, wat d‘Urteeler geschwat huet, an dat ass dat iewescht spuenescht Geriicht. Dat awer hat scho virun dräi Wochen an engem Avis däitlech gemaach, datt eng Begnodegung vun de Separatiste guer net a Fro kënnt. Trotzdeem kann sech hei d‘Geriicht net ganz géint d‘Regierung an eng méiglech „politesch“ Begnodegung opstellen.

Déi politesch Prisonéier hunn schonn ee puer Joer vun der „Strof“ ofgesiess, firwat also och déi als „partiel“ verkläerte Begnodegung duerchaus ausräichend wier, fir déi katalanesch Separatisten nees op fräie Fouss ze setzen. Dogéint versichen elo neofaschistesch Agitateuren an dem Mariano Rajoy seng korrupt konservativ Banditte virzegoen. Et wäert also nach zu ville Protester kommen.

mat indymedia/mad/bcn

Illustratioun: © Max Kobus / unsplash

Related topics Begnodegung, Katalounien, Madrid, Pedro Sanchez, Separatisten, Spuenien, Unión 78
Next post Previous post