Search

You may also like

FAL um Bostalsee: Op der Sich no 11 Vakanzebegleeder
Neiegkeeten

FAL um Bostalsee: Op der Sich no 11 Vakanzebegleeder

Mir si frou, Iech kënne matzedeelen, dass déi éischt Vakanzewoche

D‘Ageständnis vum Emmanuel Macron
Neiegkeeten

D‘Ageständnis vum Emmanuel Macron

Am Interview mat der franséischer Televisiounschaîne TF1, huet sech e

Thema Fusioun: Wäerten d’Gemenge Groussbus a Wal eent ginn?
Neiegkeeten

Thema Fusioun: Wäerten d’Gemenge Groussbus a Wal eent ginn?

D’Diskussiounen zur eventueller Fusioun tëscht Groussbus a Wal sinn den

Protestaktioun um Samschdeg: Begnodegung fir katalanesch politesch Gefaangener!

Protestaktioun um Samschdeg: Begnodegung fir katalanesch politesch Gefaangener!

Katalanesch Fraen a Männer sinn, duerch eng politiséiert an ofhängeg Justiz, zu schwéiere Prisongsstrofe veruerteelt ginn. Zënter dëser Decisioun vum ieweschte Geriichtshaff zu Madrid ass Katalounien am Ausnamezoustand. Elo gëtt och zu Lëtzebuerg zu enger Protestaktioun opgeruff.

Mat dëser Aktioun beweist déi spuenesch Demokratie op een neits, datt et bei hinnen ëm ee Modell vun der Manipulatioun vun de Geeschter geet, bei der d’Fräiheet bedreet an d’Demokratie verworf gëtt. Dat kann esou net akzeptéiert ginn.

Aus dësem Grond organiséiert d’Assemblea Nacional Catalana a Luxembourg um Samschdeg, den 19. Oktober 2019 ab 12:00 Auer eng Protestaktioun op der Clairefontainesplaz.

Protestaktioun

Ee kuerze Réckbléck

Vergaangene Méindeg hat den ieweschte Geriichtshaff zu Madrid géint néng vun zwielef katalanesch Separatisten een Uerteel gesprach, wouduerch Prisondgsstrofen tëscht 9 an 13 Joer verhaange gi sinn. Déi néng Persoune goufe beschëllegt den 1. Oktober 2017 en illegalen Onofhängegkeetsreferendum organiséiert ze hunn, aus deem d’Regionalregierung d’Onofhängegkeetserkläerung ofgeleet huet.

Related topics Assemblea Nacional Catalana, Begnodegung, Clairefontainesplaz, Katalounien, politesch Gefaangener, Protestaktioun
Next post Previous post