Search

You may also like

Fënnef Wierker vum Tavernier
International Neiegkeeten

Fënnef Wierker vum Tavernier

De Bertrand Tavernier ass en Donneschdeg, de 25. Mäerz 2021

Etüd: Bei Kanner déi ze vill op Ecrane kucken, verännert sech d‘Gehir
International Neiegkeeten

Etüd: Bei Kanner déi ze vill op Ecrane kucken, verännert sech d‘Gehir

D‘Gehir vu Kanner déi vill Zäit mat oder hannert engem

Paulette Lenert: Ganzer 94.031 Covid-Tester goufen duerchgefouert
International Neiegkeeten

Paulette Lenert: Ganzer 94.031 Covid-Tester goufen duerchgefouert

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet haut de Bilan zur Evolutioun vun

Protester a Russland: iwwer 5.000 Aktiviste verhaft

Protester a Russland: iwwer 5.000 Aktiviste verhaft

Bei erneite Protester fir d‘Fräiloossung vum Kremlkritiker Alexej Nawalny, sollen a Russland wäit iwwer 5.000 Aktiviste verhaft gi sinn. Dat zumindest geet esou aus Berichter vun den opmierksame Mënscherechtsorganisatiounen ervir. Eleng zu Moskau sollen der fofzénghonnert agesat gi sinn. Déi vun den Autoritéiten ergraffe Virsiichtsmoossname waren der Situatioun ugepasst.

Mee net nëmmen zu Moskau ass stramm hiergaangen. A ville gréissere russesche Stied war et zu Protester komm. Ausenanersetzung a Konfrontatioun ass net ausbliwwen. Déi russesch Autoritéiten haten hir Truppen entspriechend ausstafféiert, an déi gi fir gewéinlech eppes méi haart mat hire „Géigner“ ëm. Knëppel, Elektroschocker an natierlech dierf och d‘Tréinegas net feelen…

Dem wéinst engem Verstouss géint Bewährungsoplagen zu 30 Deeg feste Prisong verurteelten Nawalny seng Ekipp, huet den Asaz vun der Police als „onverhältnesméisseg“ beschriwwen an op de „friddleche“ Charakter vun de Protester verwisen. Ënnert de festgesaten Aktivisten hunn sech och nees Journaliste befonnt. Eng 50 Journaliste wieren trotz Akkreditéierung verhaft ginn.

Russland

Am Kontext vun de Verhaftungen ass nach festzehalen, datt och dem Dissident seng Fra, d‘Julia Nawalnaja vun den Autoritéite „matgeholl ginn ass“. Kuerz virdrun hat si nach ee Selfie op der Plattform Instagram verëffentlecht. An engem weidere Post huet si kritiséiert, datt hire Mann am Prisong géif sëtzen, well hien et gewot hätt, eng Attack mat engem Gëftstoff ze iwwerliewen.

D‘Welt ass veriergert…

Wärend d‘EU-Kommissioun den Amerikaner de Virtrëtt gelooss huet, a sech wuel eréischt am Laf vum Dag wäert iwwert d‘Iwwergrëff vun den Autoritéiten ausloossen, hunn d‘Amerikaner zügeg a gewinnt kämpferesch reagéiert: „D‘USA verurteelen déi unhalend Uwennung vu brutalen Taktike géint friddlech Demonstranten a Journalisten duerch russesch Autoritéiten“, esou den Ausseminister Antony Blinken op Twitter. Et ass jo richteg, datt d‘US-Autoritéiten esou eppes ni maache géifen.

Russland

Och aus der Tschechien gouf et eng Wuertmeldung. Den Ausseminister Tomas Petricek huet déi vun de russeschen Autoritéiten ugeuerdent Gewalt schaarf veruerteelt. Gewaltsam d‘Oppositioun ënnerdrécken, d‘Meenungsfräiheet verhënneren a friddlech Demonstranten zesummeschloen an da verhaften… Dat géif hie perséinlech, seng Regierung a säi Land net toleréieren. Den tschecheschen Ausseminister huet ugekënnegt, sech zu Bréissel fir weider Sanktioune géint Russland ze fuerderen.

Russland

Bulgarien, och ee Musterbeispill un Demokratie bannent der Unioun, huet geschichtlech gesi vill Erfarung am Ëmgang mat Russland an senger Politik. D‘Ausseministesch Ekaterina Sachariewa huet via Twitter verkënnegt: „Mir verurteele schonn erëm déi gewaltsam Festnam vun de friddlech protestéierenden Unhänger vum Alexej Nawalny. (…) D‘Uwennung onverhältnesméisseger Gewalt verstéisst géint d‘Garantie vun de Mënscherechter zu deenen sech Russland bekannt huet“.

mat indymedia/mow

Foto: Et ass en ongläiche Kampf, deen sech dem Kremlkritiker seng Fans ugeholl hunn. D‘Police a Russland huet eng laang Geschicht an entspriechend Erfarung, wéi ee mat engem Protest ëmzegoen huet. Et dierf nach drop higewise ginn, datt – offiziell – wéinst der Covid19-Pandemie all Protester an Demonstratioune verbuede goufen. © Nataliya V.

Related topics Alexej Nawalny, Julia Nawalnaja, Kremlkritiker, Protest, Russland, Vladimir Putin
Next post Previous post