Search

You may also like

D’Landwirtschaft 2019/2020: Vun Déifpräisser fir Schwéngsbaueren a Stabilitéit am Mëllechsecteur
International Neiegkeeten

D’Landwirtschaft 2019/2020: Vun Déifpräisser fir Schwéngsbaueren a Stabilitéit am Mëllechsecteur

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft
International Neiegkeeten

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft

Bei enger Schéisserei zu Jersey-City hu sechs Mënschen hiert Liewe

Éilerenger Schlakentipp: „Mir zerstéieren d’Natur, fir d’Natur ze erhalen“
International Neiegkeeten

Éilerenger Schlakentipp: „Mir zerstéieren d’Natur, fir d’Natur ze erhalen“

Wärend e Schlakentipp tëscht Éilereng an Esch-Uelzecht iwwert Jore brooch

Éischt Doudeger bei Protester am Myanmar

Bei de Protester géint de Militärputsch, sinn op mannst zwou Persounen ëmbruecht ginn

Éischt Doudeger bei Protester am Myanmar

De Chef vum medezineschen Noutdéngscht „Parahita Dahri“ zu Mandalay, Ko Aung, huet bestätegt datt um Samschdeg mindestens zwee Mënschen duerch den Asaz vu Waffe verstuerwe sinn. Et sinn och nach op d‘mannst 20 weider Persounen, deels méi schwéier verwonnt ginn. Police an Arméi hu geschoss, nodeems Werftaarbechter mat Flitsche Kugellager an hir Richtung ofgeschoss haten.

Op de Biller déi duerch den Internet kurséieren, sinn d‘Sécherheetskräften ze gesinn, wéi si d‘Feier op d‘Demonstranten erëffnen. Et léist sech do allerdéngs net erkennen, ob mat schaarfer Munitioun oder mat Gummiskugelen hantéiert gouf. De massiven Asaz vun Tréinegas dogéint ass däitlech ze erkennen. Demonstratioune gouf et déi ganz Woch an der Haaptstad Naypyidaw an zu Yangon.

Myanmar

Virun enger Woch war déi 20 järeg Studentin Ma Mya Thwet Thwet Khine, mat engem Kappschoss „neutraliséiert“ ginn. Si ass ee Freideg hire Verletzungen erleeën, a gëtt de Moien zu Naypyidaw zu Graf gedroen. Gëschter war et ee mann, deem an de Kapp geschoss ginn ass. Och dësen huet seng Blessuren net iwwerlieft. Dat dierft de Protest awer net gestoppt kréien, esou déi gängeg Meenung.

Um Sonndeg hu Jugendlecher zu Myitkyina (Kachin State) op der Sandbänk vum Irrawaddy-Floss ee „Message“ fir d‘Weltgemeinschaft opgestallt. Däraarteg Aktiounen huet et déi ganz Woch iwwer am Land ginn. De Slogan „Civil Disobedience“ (zivillen Ongehorsam) behält seng Gültegkeet an déi meeschte Manifestante verhalen sech friddlech. D‘USA hunn der Junta Sanktioune versprach.

Update:

Laut dem leschte Stand (7 Auer eiser Zäit) huet et och Doudeger zu Yangon ginn. Laut eisem Mediepartner „The Irrawaddy“ si bei Zesummestéiss mat de Sécherheetskräften nach emol véier Persounen zu Dout komm. Mindestens honnert Mënsche wieren duerch massive Gewaltasaz blesséiert ginn. D‘Autoritéite maachen zudeem „Juegd“ op Journalisten, och hei soll et Verletzter ginn.

mat The Irrawaddy

Foto: © The Irrawaddy

Related topics Burma, Militärjunta, Myanmar, Protest, Sanktiounen, zivillen Ongehorsam
Next post Previous post