Search

You may also like

Fir eng Verfassungsreform ouni de Bierger
Neiegkeeten

Fir eng Verfassungsreform ouni de Bierger

Gëschter huet nees déi parlamentaresch Kommissioun vun den Institutiounen an

D-Day Zeremonie an der Normandie
Neiegkeeten

D-Day Zeremonie an der Normandie

De franséische President Emmanuel Macron, huet gëschter bei der grousser

Op der däischterer Säit vum Mound
Neiegkeeten

Op der däischterer Säit vum Mound

Si hu laang dru geschafft, an elo ass et hinne

Protestpiquet elo och bei der Luxguard I zu Käerjeng

Protestpiquet elo och bei der Luxguard I zu Käerjeng

Zu Diddeleng (Luxguard II) huet Guardian Europe den Uewen déi lescht Woch ausgemaach, wat fir eng 200 Mataarbechter Ongewëssheet bedeit. Um Standuert Käerjeng, op der Luxguard I, soll den Uewen nach bis 2022 säin Déngscht leeschten, mee och hei sinn nach emol eng 250 Jobs a Gefor.

Um leschte Mëttwoch, haten den OGBL an d‘Personaldelegatioune vun den zwee Standuerter, déi elo am August zu enger Entitéit fusionéiert ginn, zu Diddeleng hir Enttäuschung zum Ausdrock bruecht an den Dialog mat den Direktiounen an dem Management vu Guardian Europe gefuerdert. En Appell, deen awer net gehéiert ginn ass, an esou mussen d‘Aktiounen och weidergefouert ginn.

Luxguard

Gutt 200 Militanten a Sympathisanten, haten de Wee op Käerjeng fonnt, fir de Salariéeë vun der Luxguard hir Ënnerstëtzung ze weisen. Si wäerte wuel nach méi oft sollicitéiert ginn, an et wier wuel och begréissenswäert, wann sech déi aner Gewerkschaften am Land och elo géifen oppe mat de Personaldelegatioune géife solidariséieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Esou gëschter, wou d‘Organisateure vum Protestpiquet eng 200 Militante virum Wierk zu Käerjeng versammele konnten. Vill Gewerkschaftler aus aneren OGBL-Sektiounen hunn sech de Kolleegen ugeschloss. Delegéierter aus dem Bankesecteur, Vertrieder vum Landesverband, och déi lénk an d‘Kommunistesch Partei Lëtzebuerg, ware Present an ënnerstëtzen d‘Revendicatioune vum OGBL.

An den 30 Joer wou Guardian elo zu Lëtzebuerg erfollegräich ass, sollt et och den Amerikaner net entgaange sinn, datt de Lëtzebuerger Modell vum Sozialdialog ëmmer béide Säiten zerguttst komm ass. Datt sech Direktiounen an och d‘Mammenhaus an den USA dësem elo voll a ganz schéngen ze verweigeren, léisst de Schluss zou, datt Guardian Europe de Standuert Lëtzebuerg opginn huet.

Batter Zäite fir d‘Industrie

Datt ënnert dësen Ëmstänn bei de Salariéeë vun den zwee Standuerter – et stinn hei eng 450 Jobs um Spill – d‘Angscht ëmgeet ass verständlech. Zum enge sinn déi meescht zanter Ufank un bei der Luxguard, sinn ëm déi 50 Joer jonk an hir Aarbecht mat vill Passioun erleedegt, wat jo zu gudder Lescht och Guardian zerguttst komm ass. Mee Guardian geet et net ëm Mënschen, et geet ëm Geld.

Luxguard

Säitens dem Landesverband FNCTTFEL, gëtt drop higewisen, datt et hei ëm wäitaus méi wéi „nëmmen“ 450 Aarbechtsplaze geet. Wann dës Produktiounsstanduerter verschwannen, dat huet dat och gehéierlech Auswierkungen op aner Beräicher, notamment de Schinnentransport. Net ze vergiessen, datt och aner Betriber, op Fournisseuren oder Déngschtleeschter betraff sinn. © Martine de Lagardère/moien.lu

A wann dann d‘Direktioun sech an de Keller verkroch, d‘Breifkëscht erofgeschrauft an den Telefon ausgehaangen huet, esou dierft datt zimmlech däitlech drop hindeiten, datt déi ganz Produktioun a Pole verlagert gëtt, an Lëtzebuerg nach just d‘Zentral, also d‘Administratioun wäert behalen. Vum bëllege Loun a Polen a gläichzäiteg vun de Steiervirdeeler hei ze profitéieren ass d‘Zilsetzung.

Mee den Alain Rolling an déi zwee Presidente vun de Personaldelegatioune sinn net gewëllt dat alles einfach esou hinzehuelen. Si verlaangen net méi an net manner, wéi datt elo d‘Kaarten op den Dësch geluecht ginn. Datt et wäert zu Entloossungen, an folgerichteg zu engem Sozialplang, kommen, dorunner kann et kaum Zweiwel ginn, firwat och vun der Politik Mesure gefuerdert ginn.

Et gëtt jo awer investéiert

An esou konzentréiert sech de Sozialkampf den Ament nieft dem Erhalt vun den Aarbechtsplazen, op deen noutwennege Sozialdialog. „Et ass eng schwiereg Schluecht, wëll mir am Ongewësse sinn, net wësse wat d‘Patrone fir d‘Zukunft virgesinn hunn“, esou den Alain Rolling, deen nach emol drop higewisen huet, datt de Standuert Diddeleng „dout“ ass an d‘Leit net wësse wat elo kënnt.

Luxguard

Den Alain Rolling an d‘Presidente vun de Personaldelegatiounen hunn et gëschter däitlech zum Ausdrock bruecht. Esoulaang wéi sech d‘Direktioun dem Dialog verweigert, gëtt de Kampf weidergefouert. Et wäert dann och net bei Protestpiquete bleiwen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Et wier zudeem falsch ze behaapten, datt dës „Problemer“ duerch d‘Covid19-Kris erbäigefouert gi wier, well et kann net méi bestridde ginn, datt d‘Investitioune just zu a fir Lëtzebuerg op „Äis geluecht“ gi sinn. A Polen – wou schonn 2017 d‘Jalone geluecht goufen – mee och an Ungarn an esouguer a Groussbritannien, gëtt jo weiderhin investéiert. Um Geld eleng kann et net leien.

Hei gëtt kloer: déi laangjäreg Loyalitéit vun der grousser Majoritéit vun de Mataarbechter gëtt weder unerkannt nach gewierdegt. Existenze vu Familljen si Patronen an hiren Aktionäre kee Gedanke wäert. An dat besonnesch wou och nach mat enger gehéiereger Wirtschaftskris ze rechnen ass, firwat vill vun dësen „eelere“ Salariéeë Problemer dierften hunn eng nei Schaff ze fannen.

Et dierf keng Zäit verschwent ginn

Den OGBL verlaangt vun der Guardian-Zentralverwaltung de Lëtzebuerger Modell ze respektéieren an sech endlech mat der Gewerkschaft an de Vertrieder vun de Personaldelegatiounen un en Dësch ze setzen, a mat der Sprooch erauszeréckelen. Ugesiichts de schwieregen Zäiten, ass et ausgeschloss bis 2021 ofzewaarden, wat Guardian Europe mat de Lëtzebuerger Standuerter wëlles huet.

Luxguard

Vertrieder vun déi lénk, haten sech – wéi schon zu Diddeleng – zu de berechtegte Fuerderunge vum Personal an der Gewerkschaft bekannt. Si hunn esou guer kee Versteesdemech fir dem Ëmgang mat dëser Situatioun, a verlaangen och vun der Regierung sech endlech dem Dossier unzehuelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Schonn dat ganz Gedeessems ronderëm d‘Fusioun vun de Standuerter, wou jo Diddeleng soll d‘Leedung iwwerhuelen, werft méi Froen op, wéi datt et do géif Äntwerte ginn. An déi Leit wou hei schaffen, sinn jo och net blöd. Deenen ass voll a ganz bewosst, datt d‘Entreprise keng 450 Leit brauch, wann et nach just eng Produktiounslinn gëtt. Dofir hätten si gären Äntwerten op hir Froen.

Beim Landesverband ass ee solidaresch mat den Aarbechter vun de Luxguard-Standuerter, an de President Georges Merenz gëtt ze bedenken, datt d‘Decisioune vu Guardian och en Impakt op de Schinneverkéier, also d‘CFL hunn. Esou kéint beispills de „Sandzuch“ verluer goen. De President vun der KPL, Ali Ruckert, fuerdert sengersäits vun der Regierung endlech aktiv ze ginn.

Opmaacherbild: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Guardian Europe, Luxguard I, OGBL, Personaldelegatioun, Protestpiquet
Next post Previous post