Search

You may also like

Festival vun de Migratiounen: d‘Editioun 2021 fënnt virtuell statt
International Neiegkeeten Stories

Festival vun de Migratiounen: d‘Editioun 2021 fënnt virtuell statt

Et war scho virun ee puer Wochen duerchgedrongen, datt opgrond

Russland-Bashing a Partnerschaftsfleeg
International Neiegkeeten Stories

Russland-Bashing a Partnerschaftsfleeg

D‘Enquêten zu den Explosiounen am Munitiounslager zu Vrbetice, am Oste

Stan Lee: eng Legend zitt seng Reverenz
International Neiegkeeten Stories

Stan Lee: eng Legend zitt seng Reverenz

Stan Lee, den amerikaneschen Zeenarist dee fir de Verlag „Marvel

Tierkei: Prozessoptakt géint prokurdesch HDP

EU-Kommissiounspresidentin fuerdert vum Sultan méi Respekt géintiwwer Fraerechter

Tierkei: Prozessoptakt géint prokurdesch HDP

Zu Ankara stinn zanter ee Méindeg 108 Mënsche viru Geriicht, déi sech der „Zerstéierung vun der Eenheet vum Staat an der Integritéit vum Land“ ze veräntwerten hunn. Déi grouss Majoritéit vun den Ugekloten si Membere vun der prokurdescher HDP. Déi, esou de Wonsch vum Sultan, sollt elo zäitno verbueden a hir Memberen al Terroriste viru Geriicht gestallt ginn.

Ënnert den Ugekloten ass och de Selahattin Demirtas, deen zanter 2016 am Prisong sëtzt, a fir deen den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan schonn 2018 „ee séiere Prozess“ gefuerdert hat. Et ass ganz kloer dat, wat een ee Schauprozess nennt. Offiziell geet et ëm Onrouen aus dem Joer 2014. Deemools ware bei Protester an der Kausa Kobane (Syrien), 37 Mënschen ëmbruecht ginn.

Kobane gouf sengerzäit vum Islamesche Staat (IS) gehalen, déi kurdesch Miliz YPG huet dësen hei ugegraff an d‘Tierkei huet sengersäits „aus Grënn“ d‘Kämpfer vum selwer erkläerte Kalifat mat Waffen/Munitioun ënnerstëtzt. Och blesséiert IS-Kämpfer sinn an tierkesche Spideeler, nees fir de Kampf gemaach ginn. Den 108 kurdesche Politiker geet virgeworf d‘Protester organiséiert ze hunn.

Esouvill zu de Fakten. Tatsächlech awer geet et dem tierkesche President an senger Partei AKP hei net am geréngsten ëm ee siwe Joren ale Protest deen ausgeaart ass. Et ass däitlech ze erkennen – an d‘Regierung mécht net emol de Versuch et ze verstoppen – datt et hei eenzeg drëms geet, d‘HDP als politeschen Acteur ze eliminéieren, an dat méiglechst nohalteg. Kurden si jo och alles Terroristen…

Et huet och Grënn

De Sultan, dee vun engem neien osmanesche Räich dreemt, dofir d‘Revenuen aus der Fërderung vum Gas aus der Ägäis brauch, op dat awer och Griicheland an Zypern Usproch erhiewen, huet innepolitesch Problemer. Zwee Joer virun den nächste Parlaments- a Presidentschaftswalen, kann sech de Recep Tayyip Erdogan net méi op d‘Zoustëmmung vun den tierkesche Wieler verloossen.

Et gëtt gemunkelt, datt de Sultan elo scho keng Majoritéit méi hätt, woubäi… D‘Chancen datt hien dat wat een als „Oppositioun“ bezeechne kann, géintenaner opbréngt, sinn duerchaus realistesch. Et ass gewosst, datt d‘HDP bannent der Allianz vun den Oppositiounsparteien, zimlech Gewiicht huet. Géif ee sech dëser entleedegt, oder hir Partner zur Distanzéierung animéiert kréien, hätt et eppes.

Wat elo d‘Virwërf vum Terror ugeet, deenen sech déi Ugekloten ze stellen hunn, esou muss gewosst sinn, datt et bei dësem Prozess net emol am Usaz ëm „Recht“ am juristesche Sënn geet. Hätt et fir d‘Virwërf vum Terror Beweiser, wier dozou längst en Urteel gefält ginn. Ëmmerhi kontrolléiert jo d‘Regierung de Gremium vun de Riichter a Procureuren, an entscheet iwwer d‘Besetzung.

An dann ass nach drop hinzeweisen, datt déi Riichter a Procureuren, wou net esou direkt hannert der politescher Ausriichtung vum Sultan stinn, entweder längst hire Job lass sinn, oder sech brav un d‘Linn halen, esou wéi se vun Ankara virgi gëtt. A fir vun den innepolitesche „Suergen“ ofzelenke gi militäresch Aktioune géint de verhaasste kurdesche Feind organiséiert. Et brauch Helden…

Europa net op der Héicht

Datt déi Europäesch Unioun gegrënnt gouf, fir d‘Demokratie a „Wäerter“ ze verdeedegen, heescht net datt si och Amstand ass, dës Grondlagen ëmzesetzen, besonnesch wann d‘Interesse bannent der Unioun diametral ausenaner ginn, et sief et gëtt Goss anzestiechen (méiglechst an déi eegen Täsch) oder et fillt ee sech op de Schlips getrueden. An esou ass een zu Bréissel tatsächlech saierlech.

Nee net wéinst dem Schauprozess géint HDP-Politiker an der Tierkei, mee wéinst dem mëttlerweil dräi Wochen ale „Sofgate“ vum Ursula vun der Leyen, dat sech vum Schoulbouf Charles Michel an dem Sultan Recep Tayyip Erdogan virféiere gelooss huet. D‘EU-Kommissiounspresidentin huet den Affront nach ëmmer net verquësst. Si fillt sech als Fra an Europäerin verletzt an eleng gelooss…

Wann et sécher richteg a wuel noutwenneg ass, datt déi europäesch Diplomatie sech fir d‘Rechter vun de Fraen an der ganzer Welt, also och an der Tierkei abrénge muss, esou et virun allem dem beholl vum Charles Michel geschëlt, datt et zum Eclat komme konnt. Den Thema ass eigentlech duerch, an et dierft ee sech erwaarden, datt déi Europäesch Unioun sech fir d‘Demokratie asetzt.

Et ass jo méiglech Sanktioune géint Russland ze ergräifen, well de Kreml een Dissident ausgeschalt huet, an elo och géint dem Oppositionellen seng Organisatioune virgeet. Wat d‘Tierkei betrëfft, esou huet de Sultan seng Kaarten „propper gespillt“ an seng Gäscht bis op d‘Muerch blaméiert. D‘Zopp ass giess ginn, an et gëtt wesentlech gréisser Problemer, wéi dem Uschi säin Ego opzepäppelen.

mat indymedia/tlv/bru

Illustratioun: Bei engem Schauprozess ass et wichteg eng gutt Aussiicht ze hunn © Mana5280 / unsplash

Related topics Ankara, Demokratie, EU, HDP, Kurden, Recep Tayyip Erdogan, Sultan, Tierkei, Ursula von der Leyen
Next post Previous post