Search

You may also like

Sri Lanka: No den Uschléi, de Noutstand
Neiegkeeten

Sri Lanka: No den Uschléi, de Noutstand

No den Terroruschléi déi ganz Sri Lanka an Angscht versat

Gaza: Déidleche Joresdag
Neiegkeeten

Gaza: Déidleche Joresdag

Beim Joresdag vun de wëchentlechen Demonstratioun op der Grenz tëscht

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker
Neiegkeeten

Wann d‘Natur an d‘Bléi kënnt, leiden d‘Allergiker

Zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Leit vun Allergië betraff, an

Psychesch gesond bleiwen – och mam Coronavirus

Psychesch gesond bleiwen – och mam Coronavirus

Dëst Joer war nawell zimlech hefteg. D’Coronavirus-Pandemie huet eis zanter e puer Méint fest am Grëff an dat alt méi, alt manner. De Confinement, den Home-Office, Verännerungen am Alldag, sozial Kontakter vermeiden, déi sanitär Moossnamen an nach sou munch aner Verännerunge sinn op eis duerkomm. Si hunn eis quasi iwwerrullt a vun engem Moment op deen aneren huet sech eist ganzt Liewe verännert.

Et ass leider verständlech, datt sech mat der Zäit psychesch Problemer bei de Mënsche bemierkbar maachen. Och d’Statistik seet dat. Aus dësem Grond huet de Max-Planck-Institut fir Psychiatrie ënnert der Leedung vum Prof. Schilbach e wichtege Leetfuedem zur Vermeidung vun Ängschten an Depressiounen am Lockdown verfaasst.

Well ëmmer méi Mënsche betraff sinn, wär et gutt dësem “Guide” méi Opmierksamkeet ze schenken. Zemools elo, virun der Chrëschtdagszäit. De Risiko klëmmt, all Dag e bësse méi. De Guide mat Froebou, Übungen an Tipps fannt Dir HEI.

Dëse Kuerzprogramm enthält 33 PDF-Säiten. Dovunner kënnen der vill selwer ausgefëllt ginn. Si hëllefen d’Gedanken ze sortéieren an en Wee aus dem Däiwelskrees ze weisen.

Wéi eng Verännerungen hutt Dir bei Iech festgestallt? Fält et Iech schwéier moies aus dem Bett ze kommen? Ass den Dagesrhythmus op der Kopp? Do kann zum Beispill ee festen Dagesoflaf hëllefen – Ideeën dozou sinn och am Programm ze fannen.

Wat deet Iech gutt? Hutt Dir positiv Gedanken oder sidd Dir éischter pessimistesch? Positiv Aktivitéite kënnen hëllefen, eng aner Siichtweis unzehuelen. Wéi kann een se un déi aktuell Situatioun upassen? Och dës Äntwert ass an dem Leetfuedem ze fannen.

Zum Thema sozial Kontakter kann een verschidden Übunge maachen, dat hëlleft villäicht e bëssen sech net ganz eleng a verluer ze fillen.

Wéi geet een am beschte mat belaaschtende Gedanken an anere Schwieregkeeten ëm? Wéi kann ech dat Negatiivt a positiv Kraaft ëmwandelen? A wéi soll ech schlofen?

Dës Verhalensinterventioun ass Gold wäert – a kéint souguer Liewe retten.

Opmaacherbild: © Frank McKenna / Unsplash

Related topics Guide, Hëllef, Lockdown, Max Planck Institut, Pandemie, Psychesch Gesondheet, Rhythmus, sozial Distanz, Tipps, Übungen, Verhalen
Next post Previous post