Search

You may also like

De Sultan a säin Haass op d‘Kurden
Neiegkeeten

De Sultan a säin Haass op d‘Kurden

Zanter 2018 geet déi tierkesch Arméi géint d‘Kurden an Nordsyrien

Rousegäertchen: Feier am ënnerierdesche Parking!
Neiegkeeten

Rousegäertchen: Feier am ënnerierdesche Parking!

Gëschter huet beim CGDIS den Telefon net ze mann geschellt.

Den Alain Reuter ass neie President vun der CNAP an dem FDC
Neiegkeeten

Den Alain Reuter ass neie President vun der CNAP an dem FDC

Kuerz virun de Feierdeeg krut den Alain Reuter bei enger

Psychologesch Hëllef am virtuelle Raum

Internetsäit „covid19-psy.lu“ vun der Lëtzebuerger Liga fir Mental Hygiène ass elo online

Psychologesch Hëllef am virtuelle Raum

Nieft de gesondheetleche Problemer, ervirgeruff duerch de Coronavirus Covid19, déi esouwäit een dat feststelle kann, nach ënner Kontroll sinn, gëtt et Beräicher am Gesondheetswiesen, déi een net dierf ausblennen. Esou ass d‘Gefor grouss, datt duerch déi wuel berechtegt awer och bedréckend Isolatioun, déi de Virus de Mënschen operleet, confinéiert Persounen Angschtzoustänn erleiden.

Dat geet vun der Angscht sech ze infizéieren an de Geldsuerge bis hin zur Angscht seng Aarbecht ze verléieren. Dat a vill aner Onsécherheeten, mee och d‘Isolatioun selwer, a Verbindung mat enger verständlecher a seele beherrschter Frustratioun, dierfen net zu engem weider gesellschaftleche Problem ginn, firwat déi Lëtzebuerger Liga fir Mental Hygiène Asbl seng Leit mobiliséiert huet.

Fir all deene Mënschen ze hëllefen an ze ënnerstëtzen, déi mat dëser Situatioun iwwerfuerdert sinn, huet d‘LLHM, an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère an de Partner aus dem psycho-soziale Secteur, eng Internetsäit ageriicht. D‘Säit ënner https://www.covid19-psy.lu (leider exklusiv op franséisch) ass als Complementaritéit zum offizielle Site „Covid19.lu“ ze verstoen.

Ënner covid19-psy.lu, sinn all déi noutwenneg Informatiounen opgelëscht ginn, déi an der jëtzeger Situatioun hëllefräich sinn. De Site adresséiert sech esouwuel un d‘Privatleit wéi och un déi Beschäftegt aus dem Gesondheetssecteur. Hei fannen dës Mënsche Recommandatiounen zum Erhalt vun der mentaler Gesondheet an Äntwerten op déi heefegst gestallte Froe vum Public.

All déi offiziell Matdeelungen, den Opruff un d‘Volontaire, Paperassen an aneres méi, sinn awer och weiderhin nëmmen op der Säit vun der Regierung (covid19.lu) anzegesinn. Eng däitsch Fassung vun der Internetsäit ass an Aarbecht, a soll esou séier wéi et d‘Ëmstänn zouloossen, dem Public zougänglech gemaach ginn. Eng Regelméisseg Aktualiséierung gëtt natierlech assuréiert.

Related topics Coronavirus, Covid19, Lëtzebuerger Liga fir Mental Hygiène Asbl, LLHM, Sanitär Kris
Next post Previous post