Search

You may also like

Et geschéien nach Zeechen a Wonner
International Neiegkeeten

Et geschéien nach Zeechen a Wonner

En Donneschdeg huet d‘Inneministesch Taina Bofferding de „Büro“ vum Stied-

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter
International Neiegkeeten

Eng Initiative fir de Respekt vun de Mënscherechter

Och an Entreprisen ass eng effikass Ëmsetzung vun der Suergfaltsflicht

Héije Besuch op der Pirmesknupp
International Neiegkeeten

Héije Besuch op der Pirmesknupp

Um Site Pirmesknupp bei Kauneref ginn archeologesch Ausgruewungen ënnerholl, an

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht

Puerto-Ricaner erliewe wéinst Stuerm Maria Schreckensnuecht

Déi ganz Nuecht mat waarde verbruecht, verschanzt a voller Suerg, dat den Orkan Maria endlech laanscht ass. Fir d‘Iris Rivera eng Schreckensnuecht. „Ech hat Angscht wéi nach ni, mee mir Puerto-Ricaner hunn eng grouss ënnerlech Kraaft“, esou d‘Iris dat sech net wëll decouragéiere loossen, ugesicht der Zerstéierung déi iwwerall ze gesinn ass.

„Et hëlleft een deem aneren, beim Botzen, de Verkéier nees an de Grëff ze kréien an alles wat soss grad ufält“, erzielt eng Fra vun 53 Joer der AFP-Journalistin Nitza Pérez, déi him am touristesche Quartier vun Ocean Park zu San Juan begéint. Déi ganz Insel huet kee Stroum, d‘Haaptstad steet quasi integral ënner Waasser an et brauch ee schonn e Boot oder wéinstens e Kayak fir virunzekommen.

Während sech d‘Secouristen op déi am schlëmmste betraffen Zone konzentréieren, mécht sech d‘Juani Martinez an senger Strooss mat enger Kierbiischt nëtzlech. „Vill Fläschen si gebrach, iwwerall läit Glas. Et ass einfach geféierlech fir d‘Leit déi hei duerch mussen. Ech wollt hëllefen“, esou déi eeler Dame, déi frou ass d‘Maria iwwerstanen ze hunn. An anere Stroossen vereenege sech d‘Nopere fir d‘Beem aus der Strooss ze huelen…

Doheem bleiwen

Wann de Gouverneur Ricardo Rossello och Versteesdemech huet fir den Äifer, esou rifft hien seng Leit op, doheem ze bleiwen an d‘Rettungsdéngschter hir Aarbecht maachen ze loossen. Op der klenger amerikanescher Insel mat 3,5 Milliounen Awunner, déi u sech fir hir paradisesch Stränn bekannt ass, schéngt eng nei Ära ugebrach.

„Am Ament hunn d‘Leit näischt op de Stroosse verluer, se sollen doheem oder an der Schutzraim bleiwen. Zimlech all d‘Stroossen sinn onpasséierbar“, verséchert de Gouverneur a warnt virum heftege Reen deen erwaart gëtt. „Mir hunn dat schlëmmst nach virun eis“, esou de Ricardo Rossello.

Déi ganz läscht Nuecht iwwer hunn d‘Membere vun der Nationalgard Dosende Mënschen zu Toa Baja, an der Peripherie vun der Haaptstad aus der Iwwerschwemmung gerett. E Séi war hei iwwergelaf. „Alles ass nach iwwerschwemmt. Mir musse waarden dat d‘Waasser sech zréckzitt fir erëmzekommen. Mee mir danke Gott nach ëmmer um Liewen ze sinn“, esou d‘Iris Colon eng Dame vu 65 Joer géintiwwer der Zeitung El Vocero.

Gedold ass gefrot

Op der Insel, déi bis ewell just een Affer ze bekloen huet, mee de Schued allerdéngs immens ass, mussen d‘Awunner elo Gedold beweisen. D‘Waasser zitt sech, wann iwwerhaapt nëmme ganz lues zréck. Et ass dann och méi eng Beschäftegung fir sech vum „Chaos“ ofzelenken, déi d‘Leit dozou animéiert, den Dreck opzerafen an de Bulli „ewechzekieren“.

Den US-President huet d‘Deklaratioun zu Naturkatastroph ënnerschriwwen, wat bedeit, datt gehollef wäert ginn. An de sozialen Netzwierker an op de Radiostatioune gi Messagen diffuséiert wou engersäits no Leit gesicht gëtt, an sech déi wou a Sécherheet sinn bei hire Famillje mellen. D‘Maria hat d‘Insel ëmmerhi mat Wandspëtzte vun iwwer 250 Km/h duerchgerëselt. Do huet ee sech dann och kënnen aus den Ae verléieren.

Wa Puerto Rico mat „nëmmen“ engem Affer nach verhältnesméisseg den Orkan gutt iwwerstanen huet, dat nodeems schonn d‘Irma der Insel zougesat hat, esou ass dat net an der ganzer Karibik de Fall. An der Regioun ginn insgesamt 18 Affer beklot, am schlëmmste betraff vum Maria war déi dominikanesch Republik.

mam Nitza Pérez an Leila Macor/AFP

Foto: Eng Momentopnam vu Puerto Rico. Hei Catano Town zu Juana Matos; esou gesäit op zimlech der ganzer Insel aus. Nach gëtt sech masseg Reen erwaart an de Gouverneur rifft d‘Leit op doheem oder an de Schutzraim ze bleiwen. Et misst een elo emol Gedold hunn an den Autoritéite vertrauen. © Hector Retamal/AFP

Related topics Karibik, Orkan Maria, Puerto Rico
Next post Previous post