Search

You may also like

Well d‘Email eppes Verspéidung hat…
Neiegkeeten WTF

Well d‘Email eppes Verspéidung hat…

Nach um Mëttwoch hat de wäissrussesche President Alexander Lukaschenko dem

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens
Neiegkeeten WTF

„Shutdown“: US-Kongress a Wäisst Haus ginn sech net eens

Säit Haut Muere sinn d‘USA an der „Shutdown“ (Haushaltsspär) Period

Dokter geet no Beruffsverbuet an Appell
Neiegkeeten WTF

Dokter geet no Beruffsverbuet an Appell

Nodeems den Dokter Benoît Ochs de 14. Juli vum Disziplinarrot

surprise

D’Belle d’Attenborough: e Käfer suergt fir Opmierksamkeet

D’Belle d’Attenborough: e Käfer suergt fir Opmierksamkeet

De Francesco Vitali, een Expert – spezialiséiert op Bockkäfer – aus dem Naturmusée an der Stad, huet gehollef d’Geheimnis vun enger fossiller Käferaart ze entschlësselen. Riets ass vun der Belle d’Attenborough. D’Exemplar, wat elo eréischt richteg identifizéiert ginn ass, ass ewell zanter Joerzéngten an der Ausstellung „Prehistoric Journey“ vum Denver Museum of Nature & Science ze fannen.

Wéinst senger Schéinheet hunn d’Fuerscher Frank Krell vum Denver Musée an de Francesco Vitali beschloss déi nei Aart „Belle d’Attenborough“ ze nennen. Den Numm ass zu Éieren vum berüümten, engleschen Dokumentarfilmer an Naturfuerscher David Attenborough, deen sech immens iwwert d‘Noriicht gefreet huet.

De Käfer staamt aus der Green River Formation zu Garfield County a Colorado. En ass gutt 49 Millioune Joren al. Dobäi waren et déi wonnerschéin Elytraus-Musteren op de Virfligel, déi dem Frank Krell seng Opmierksamkeet op sech gezunn hunn.

Käfer si robust – wann se um Liewe sinn, mee se verstengeren net sou einfach. Se schwammen am Waasser a briechen dacks op, zemools wann se ënnerginn a Sedimenter erreechen. Am Allgemenge fannen sech meeschtens nëmme vereenzelt Flilleken am Fossillebestand. Gënschteg Bedéngungen, déi zu Green River bestinn, hunn zu dësem vollstännegen Exemplar gefouert.

Seng Identifizéierung war eng Erausfuerderung, an der Ausstellung war en als Bockkäfer bekannt. Allerdéngs hu verschidden Eegenschaften net bei dës Aart gepasst, doduerch huet de Frank Krell, sech un de Francesco Vitali, en Expert fir Bockkäfer aus dem Naturmusée zu Lëtzebuerg gewannt. “Ech hu mech gefreet d’Geleeënheet ze hunn, u sou engem fantasteschen an eenzegaartegem Fossil ze schaffen”, seet dësen dozou.

Zesummen hunn si all Detail ënnersicht, schlussendlech waren et seng verdréite Been, déi seng Identitéit opgedeckt hunn. E Fräschbeenkeefer. Säi wëssenschaftlechen Numm besteet aus zwou Saachen – dem Gattungsnumm an dem Speziesnumm, sou wéi beim „Homo Sapiens“. Dëse Käfer huet en neie Gattennumm gebraucht, well en net an eng vun de existente Gattunge vum Fräschbeenkäfer passt.

Wéinst senger Schéinheet hunn déi zwee Experten den Numm Pulchritudo gewielt – Schéinheet oder schéin op Latäin. Zoologen a Botaniker widmen nei Aarten dacks Kolleegen, déi bedeitend Bäiträg zur Wëssenschaft geleescht hunn, oder u Leit, déi hinne wichteg sinn. Dem Frank Krell ass eng Persoun direkt opgefall: De Sir David Attenborough, de berüümten engleschen Dokumentarfilmer an Naturalist, deen eng Inspiratioun fir sech selwer, seng Famill a Milliounen anerer ass.

Illustratioun: Pulchritudo attenboroughi; Colorado; Garfield; Tertiary; Eocene; Green River Formation © MNHM

Related topics Francesco Vitali, Frank Krell, Naturalist, Naturmusée, Pulchritudo attenboroughi
Next post Previous post