Search

You may also like

Déidlechen Accident um Knuedler
Neiegkeeten

Déidlechen Accident um Knuedler

Groussasaz fir d‘Rettungsdéngschter um Sonndegowend. Op der Äispist um Knuedler

Lëtzebuerg, dat ass Vakanz – Guidéiert Touren un der Musel am Juli 2021
Neiegkeeten

Lëtzebuerg, dat ass Vakanz – Guidéiert Touren un der Musel am Juli 2021

Visit Moselle huet säi Programm vum Juli 2021 verëffentlecht an

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années
Neiegkeeten

Nei am Verlag Binsfeld: Au Fil Des Années

No senge Memoiren Luxemburg im Wandel der Zeiten aus dem

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!

Puppelcher kréien nees méi oft d‘Broscht – awer net ëmmer laang genuch!

Am Kader vun der nationaler Strategie zur Fërderung vum gesonden Iessen an der Beweegung (GIMB – Gesond iessen, méi beweegen), ass eng nei Enquête iwwert d‘Ernierung vun de Puppelcher zu Lëtzebuerg gemaach ginn.

De Rapport ALBA, deen e Méindeg virgestallt ginn ass, analyséiert d‘Ënnerscheeder déi et bei den den Iessgewunnechte vun de Puppelcher ka ginn. Dëst um Niveau vun der Populatioun, den Indicateure vun der demographescher Gesondheet, dem sozial-wirtschaftleche Statut, der Beaflossung op d‘Schwangerschaft duerch d‘Ëmwelt, awer och d‘Aarbechtssituatioun vun de Mammen.

D‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch hält fest: „Wann déi wëssenschaftlech Autoritéiten an der Gesondheet sech eens sinn, datt d‘Stëllen déi bescht Ernierung fir d‘Puppelcher ass, esou hunn net all d‘Mammen déi selwecht Méiglechkeeten an Facilitéite, fir hiert Kand ze nieren. Unhand vu wëssenschaftlechen Erkenntnisser, ginn am Rapport Verbesserunge recommandéiert.“

Ziler vun der Enquête

Eent vun den éischten Ziler vun der Enquête war et, d‘Prevalenz an d‘Dauer vum Stëllen, esou wéi d‘Charakteristik vun der Ernierung generell, fir Puppelcher am Alter vu 4, 6 an 12 Méint, an engem representativen Echantillon ze studéieren.

An der Enquête war et dann och méiglech, déi verschidde Facteuren ze identifizéieren, déi zur Initiatioun vum Stëllen, der Praxis vum exklusiven Nieren, an d‘Ausféiere vum Stëlle bis zum recommandéierten Alter, bäidroen.

De Verglach vun dësen Donnéeën mat deenen aus fréieren nationalen Enquêten ass garantéiert. Zudeem gëtt hei eng gutt Siicht op d‘Evolutioun vun der Praxis vum Stëllen erméiglecht. Mat den Informatiounen déi bei dëser Enquête konnten zesummegedroe ginn, verfüügt een elo och iwwer Daten, déi e Verglach op internationalem Niveau zouloossen.

Wat erauskomm ass

D‘Questionnairë sinn de Mammen an de Sproochen: Däitsch, Englesch, Franséisch a Portugisesch virgeluecht ginn. Domatter wollt een der multikultureller Realitéit vum Land Rechnung droen. Verschéckt goufen 4.745 Froebéi an zréck komm sinn der 3.375.

Dat ass, esou de Ministère, en exzellenten Taux vun 71,1%. Den endgültegen Echantillon, deen als representativ betruecht gëtt, bezitt sech op 3.375 Puppelcher vun 3.309 Mammen. Dorausser ergëtt sech, datt:

  • 90,2% d‘Initiatioun zum Stëllen unhuelen, an bei der Sortie aus der Maternité, nach 62,3% vun de Mammen exklusiv d‘Broscht ginn;
  • geniert am 4. Mount ginn nach 59,1% vun de Puppelcher, exklusiv d‘Broscht kréien nach 33,1% vun de Bëbeeën;
  • geniert am 6. Mount ginn nach 45% vun de Puppelcher, mee exklusiv d‘Broscht kréien nach just 2,6% vun de Kanner;
  • am 12 Mount ginn ëmmer nach 23,7% vun de Kanner gestëllt.

Eng interessant Erkenntnis: 32% vun de Puppelcher si virum 4. Mount ofgewinnt. Déi heefegst Ursaachen: e Mangel u Mëllech (53%), nees schaffe goen (23%), Middegkeet (18%), d‘Broschtverweigerung (18%) a Problemer mat der Broscht (13%)

Wat d‘Evolutioun vum „Stëllen“ zu Lëtzebuerg betrëfft, esou stellt ee fest, datt bis zum 6. Mount eng gewësse Stabilitéit ginn ass, an et esouguer eng Zounam bei den Altersklassen 4. an 12 Mount gëtt. Dat am verglach zu fréieren Enquêten ergëtt: d‘Exklusivitéit vum Stëlle bis zum 4. Mount huet nees de Niveau vun 2001/2 erreecht.

Elo ass och festgestallt ginn, datt déi meescht Mamme vill Problemer bei der Praxis an dem Oflaf vum Stëllen hunn. Och déi sozial a privat „Suergen“ sti ganz uewen op der Lëscht vun de Grënn, déi verhënneren, datt d‘Puppelcher d‘Broscht esou laang ugebuede kréien, wéi et recommandéiert ass.

Elterecongé

Iwwer d‘Hallschent vun de Mammen (56%) déi sech fir d‘Stëllen entscheet hunn, hunn sech och fir den Elterecongé entscheet. An vun hinnen hunn 80% uginn, datt den Elterecongé fir d‘Stëllen ee groussen Avantage duerstellt.

Zweedrëttel vun de Mammen déi nieren a schaffen, konnten hir Pause fir d‘Stëllen anhalen. Mee eng vu véier Mammen huet d‘Demande beim Patron guer net agereecht, oder sinn der Meenung, datt d‘Aarbecht net am Aklang mat de Pause fir ze Stëllen ass.

Aus der Enquête sinn dann och eng ganz Rei Informatiounen zesummekomm, déi Opschloss iwwert de sozial-wirtschaftlechen Impakt op d‘Stëllen duerch d‘Mamme geliwwert hunn. Eng Informatioun déi dem Ministère wichteg ass, soll et dach erlaben, Initiativen auszeschaffen, déi dëser Problematik kann entgéint wierken.

Et gëtt awer nach Aarbecht

D‘Gesondheetsministesch begréisst dann awer déi vill Verbesserunge géintiwwer dem Rapport aus den Joer 2008. D‘Situatioun zu Lëtzebuerg wier encourageant a géif sech an déi richteg Richtung entwéckelen. Leider sinn déi positiv Resultater net gläichméisseg verdeelt. Et gëtt deemno e Grupp vu Fraen, déi en erhéicht Risiko hunn, net ze Stëllen.

Et si grad déi jonk Fraen, mat engem niddrege Bildungsstand an/oder mat enger prekärer Aarbechtssituatioun, déi (ze) fréi mat nieren ophalen. Zudeem bleift Lëtzebuerg däitlech ënnert den Tauxe vun anere Länner. An de nordesche Länner zum Beispill, gëtt d‘Stëllen als déi natierlechst an evidentst Ernierung vun de Puppelcher betruecht.

Related topics Gesondheetsministère, Lydia Mutsch, Puppelcher, Rapport ALBA, Stëllen
Next post Previous post