Search

You may also like

Alerte: Bloalgen an der Musel fonnt ginn!
International Neiegkeeten

Alerte: Bloalgen an der Musel fonnt ginn!

Op verschiddene Plaze konnten un der Musel déi sougenannt Bloalgen,

S.A.R. de Groussherzog an d’Gesondheetsministesch bei der Luxembourg Air Rescue (Billergalerie)
International Neiegkeeten

S.A.R. de Groussherzog an d’Gesondheetsministesch bei der Luxembourg Air Rescue (Billergalerie)

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog Henri an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!
International Neiegkeeten

Weis eis, wéi staark däi Lëtzebuergesch ass!

[onionbuzz quiz-id=124][/onionbuzz] Och dës Woch hu mer erëm vill schwéier

Pyongyang zësst nees Washington

Beim 8. Kongress vun der nordkoreanescher Aarbechterpartei beweist sech: „Humor ass wann een Trotzdem laacht“

Pyongyang zësst nees Washington

Nodeems den nordkoreanesche Leader Kim Jong-un bei der Erëffnung vum 8. Parteikongress senge Landsleit ageraumt hat, datt et beim Fënnefjoresplang aus wirtschaftspolitescher Siicht eng Rei Feeler ginn huet an déi „méi generell Punkten“ duerchgeholl goufen, ass et och ëm international Politik gaangen. Hei natierlech och ëm d‘Bezéiungen zu de Vereenegte Staaten…

Zu Pyongyang huet déi politesch Leedung de „Stuerm op d‘Kapitol“ zu Washington mat grousser Opmierksamkeet verfollegt. De Politchaos an den USA kënnt dem Kim Jong-un entgéint, an dësen huet sech ee Pleséier dorausser gemaach, nach virum Regierungswiessel dem zukünftege President eng Kampfuso ze ënnerbreeden. D‘Amerikaner sinn nach ëmmer dat gréisste Feindbild…

Déi richteg Rhetorik ass wichteg, wann een eng Message huet, déi esou gesinn, net direkt fir déi eege Bevëlkerung gemënzt, mee schon un déi international Communautéit geriicht ass: „Eis baussepolitesch Aktivitéite mussen sech dorop konzentréieren, d‘USA ze ënnerwerfen“, zitéiert KCNA, déi staatlech Presseagence, de Kim Jong-un. Wéi dat soll goen, dozou gëtt et Iddien.

Esou huet den nordkoreanesche Staatschef a senger éischter Stellungnam zur Wal vum Joe Biden, als 46. President vun den USA festgestallt: „Ech erwaarde keng Ännerung an der Politik vun den USA. Déi ass onofhängeg dovunner, wien zu Washington regéiert“, esou de Kim Jong-un. Domat dierften d‘Hoffnungen op eng Reprise vum Dialog tëscht Washington a Pyongyang hifälleg sinn.

Keng Loscht op Palaver

Ob allerdéngs d‘USA ënnert der Leedung vum 78 järegen Demokrat gewëllt wieren, Verhandlunge mat Nordkorea iwwerhaapt nees opzehuelen, dat ass ugesiichts de villen aneren, wesentlech méi urgente Froen (Covid19-Pandemie, BLM, gespléckte Gesellschaft, asw.) net ersiichtlech. Gewosst ass dogéint, datt déi dräi Entrevuen tëscht dem Kim an dem Donald, näischt bruecht hunn.

A sengen iwwer néng Stonne laanger Berichterstattung (tëscht dem Dënschdeg an en Donneschdeg) huet de Kim Jong-un dem Parteikongress verständlech gemaach, datt sech déi feindséileg Politik vun den USA géintiwwer Nordkorea, trotz de groussen Ustrengunge vu senger Regierung éischter verschlechtert, wéi da verbessert huet. Dofir misst een allzäit zur Verdeedegung bereet sinn.

De Kim Jong-un huet den dausenden Delegéierten eng ganz Rëtsch un Projete virgeluecht, bei deenen et an éischter Linn drëms geet, d‘Arméi ze stäerken. Och dat atomaart Arsenal soll weider ausgebaut ginn. Hei solle sougenannt „Éischtschlag“ Kapassitéite geschafe ginn, mee och Mëttel zu Vergeltung mussen erweidert ginn. Zu Washington huet een dat wuel och opmierksam verfollegt.

De Fortschrëtt ass net opzehalen

Et kann nach ervirgehuewe ginn, datt den nordkoreanesche Staatschef betount huet: „Nordkorea wäert seng Atomwaffen net asetzen, esoulaang feindséileg Kräften net versichen, d‘Land mat Nuklearwaffen unzegräifen“. Dat wier, gemooss um aktuellen technesche Stand, wuel och eppes gewot, zumindest komplizéiert. Dat och dann, wann hir Essaie bis ewell zefriddestellend waren.

Hei awer fuerdert de Kim Jong-un de Fortschrëtt virunzedreiwen. D‘Entwécklung vun takteschen an interkontinentalen Atomwaffe wier essentiell fir d‘Sécherheet an d‘Onofhängegkeet vum Land ze sécheren. Zudeem well den nordkoreanesche Leader zäitno eege Spionagesatellitten an de Weltraum schécken a parallel dozou, solle militäresch notzbar Dronen entwéckelt ginn.

Wéi ee gesäit, ass dem Kim Jong-un säin Äifer och 2021 ongebremst, an ugesiichts dem Zoustand vun der US-Politik, dem wëssen datt méi Sanktioune wéi souwisou scho verhaange goufe kaum méiglech sinn, muss sech d‘Weltgemeinschaft wuel op den Afloss vu China verloossen. D‘Chinese sinn déi eenzeg, mat deenen den nordkoreanesche Regime nach eng oppe Bezéiung féiert.

mat indymedia/sel

Foto: 8. Kongress vun der nordkoreanescher Aarbechterpartei 2021 © KCNA

Related topics Aarbechterpartei, Kim Jong-Un, Kongress, Nordkorea, Pyongyang
Next post Previous post