Search

You may also like

Humanitär Hëllef: 5 ONG’en hunn hire Kaderaccord erneiert
International Neiegkeeten

Humanitär Hëllef: 5 ONG’en hunn hire Kaderaccord erneiert

Fënnef ONG’en hunn, a Presenz vum Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an

Kockeldiko – Wann de 25. Gebuertsdag grouss gefeiert gëtt!
International Neiegkeeten

Kockeldiko – Wann de 25. Gebuertsdag grouss gefeiert gëtt!

Um vergaangene Weekend gouf et bei der Kockelscheier eppes Gréisseres

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft
International Neiegkeeten

Feldbouschéissen: Lëtzebuerger gewënnt iwwerraschend d‘Weltmeeschterschaft

Den neie Weltmeeschter am Compound-Bouschéisse kënnt aus Lëtzebuerg a n

Pyongyang an de Coronavirus

Bis heihinner huet den nordkoreanesche Management sech ëmmer drop behaapt eng Covid19-Fräi Zon ze sinn, mee elo muss sech de Chef outen

Pyongyang an de Coronavirus

Et ass wuel keen eeschthaft dovunner ausgaangen, datt Nordkorea, ee Land dat méi oder wéineger ganz op de groussen Noper China ugewisen ass, tatsächlech sollt vum Coronavirus verschount gi sinn, mä wierklech „nokucke“ goen ass jo och zimmlech komplizéiert, fir net ze soen ausgeschloss.

Um Mëttwoch dann de verwonnerlechen Optrëtt vum Kim Jong-un: ganz ëffentlech huet de „béise Jong vu Pyongyang“ seng Spëtzefonctionnaire gezësst, well déi entscheedend Feeler bei der Ofwier vun der Pandemie solle gemaach hunn. Déi staatlech Noriichtenagence KCNA notéiert, datt de Kim Jong-un an der Sëtzung vum Politbüro zimmlech ongehale war, jo et soll vu „Kris“ rieds sinn…

Wéi eng Feeler dem nordkoreaneschen Diktator seng Handlaanger solle gemaach hunn, gëtt elo net vun der Noriichtenagence ausbaldowert, woubäi jo dat „tëscht den Zeilen“, also de Fait datt och Nordkorea net vun der sanitärer Kris verschount bliwwen ass, déi eigentlech Meldung soll sinn. Et heescht dann trotzdeem, datt de Kim Jong-un déi fir Staatsugeleeënheeten zoustänneg Beamten, Entscheedunge vun der Partei net ëmgesat hätten. Et soll hinnen Inkompetenz virgeworf gi sinn.

Ob ee sech elo Suergen ëm Leif a Séil vun de Beamten a Parteibonze sollt maachen? Éischter net, well wann d‘KCNA esou „oppen“ iwwer Meenungsdifferenzen tëscht dem Diktator a senge „Leit“ bericht stécht eigentlech ëmmer eng ganz bestëmmten Absicht derhannert. An esou kann een hei dovunner ausgoen, datt d‘Situatioun wuel eppes ustrengend ass, an Nordkorea wuel Hëllef brauch.

Bezunn op all déi dem Land operluechte Sanktiounen, engem Regime dee säi Vollek eigentlech ni wierklech erniere konnt an dem wëssen, datt den nordkoreanesche Gesondheetssystem mat „Marod“ nach bal als Perfekt beschriwwe gëtt, schéngen d‘Lompen ellen ze sténken. Ausser deene Saachen déi aus China kommen, huet Nordkorea selwer näischt dem Covid19 entgéintzesetzen. Dat huet och erkläert, firwat haart an deels onorthodox Moossnamen ergraff an duerchgesat goufen.

mat indymedia/sel

Illustratioun: © Micha Brändli / unsplash

Related topics Covid19-Pandemie, Diktatur, Kim Jong-Un, Nordkorea, Politbüro, Pyongyang
Next post Previous post