Search

You may also like

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie
International Neiegkeeten

Der Regierung hir nei Kommunikatiouns- a Covid19-Exitstrategie

Virun enger Woch gouf déi éischt Phas vun der „neier

Eis Geschäfter, Eis Aarbechtsplazen, Eis Zukunft!
International Neiegkeeten

Eis Geschäfter, Eis Aarbechtsplazen, Eis Zukunft!

Mat dësem Motto huet déi gréisste Gewerkschaft am Land, den

Trotz grousser Maniff, huet de polnesche Senat eng kontrovers Reform ugeholl
International Neiegkeeten

Trotz grousser Maniff, huet de polnesche Senat eng kontrovers Reform ugeholl

An der Nuecht op e Mëttwoch, huet de polnesche Senat

Pyongyang setzt d‘Arméi an héchst Alarmbereetschaft

Pyongyang setzt d‘Arméi an héchst Alarmbereetschaft

Nordkorea, dat Land an deem et offiziell nach ëmmer kee Covid19-Infektiounsfall gëtt an wou de Leader e Faibel fir waffefäeg Rakéiten huet, wëll seng atomaart Arsenal weider ausbauen, esou déi stattlech Presseagence KCNA.

Bei der Sëtzung vun der Militärkommissioun huet sech de Kim Jong-Un mat sengem Etat-Major iwwer Weeër zu Ausbau an der Steigerung vun der atomarer Schlaagkraaft beroden, esou KCNA gewinnt zouversiichtlech, datt de nordkoreanesche Leader d‘Land an enger besser Zukunft féiere wäert. Esou ass et bei dësem „Sommet“ och ëm déi nei aussepolitesch Ausriichtung gaangen.

An dësem Kontext wier den „Ausbau vun der nuklearer Ofschreckung“ vun Nordkorea diskutéiert ginn. Et ass wuel och ëm d‘Rakéite gaangen, déi et dem „béise Jong vu Pyongyang“ ugedoen, mee et sollen och weeweisend Decisioune geholl gi sinn, d‘Artillerie weider auszebauen an d‘Feierkraaft vun dëser Waffegattung konsequent ze erhéijen, och mat nukleare Geschosser, esou KCNA.

Wéi eescht dës Informatiounen ze huele sinn? Zimmlech, ëmmerhi steet de kommunistesche Staat zanter Joren um Pranger an ass mat méi Sanktioune beluecht gi wéi keng aner Natioun op dëser Welt. Net emol den Iran, dee vu Washington nach ëmmer als Feindbild N°1 genannt gëtt, steet esou massiv ënner Drock vun der internationaler Gemeinschaft. Wouhier dann elo déi nei Hektik?

PyongyangLaut KCNA huet de Kim Jong-Un sech och mam Etat-Major drop verstännegt, d‘Arméi an héchst Alarmbereetschaft ze versetzen. Eng vun der Erklärungen dozou: den Donald Trump soll um 15. Mee an engem Gespréich mat héichrangege Beamten iwwer d‘Reprise vun den US-Atomtester diskutéiert hunn. Den Donald Trump, wëll jo och dat atomaart Arsenal vun den USA erneieren.

D‘Washington Post huet an dësem Zesummenhang bericht, datt den US-President – als Warnung u Russland a China – nees Atomwaffen teste wëll. Esou Tester hat et 1992 fir d‘Lescht ginn. Mee et ass richteg datt d‘USA schonn zanter geraumer Zäit un der Entwécklung vu sougenannte „Mini-Nukes“ schaffen. A wann een nei Waffesystemer entwërft, wëll een och wëssen op se effikass sinn.

Esou Entscheedungen hunn natierlech Folgen um internationale Plang. Wann d‘USA nees Tester mat Atomwaffen ophuelen, dierft dat aner Natiounen ermonteren et hinne gläich ze maachen an de Kim Jong-Un bréicht sech a leschter Konsequenz och net méi u säi Moratorium halen. Zemools wou dëse Washington dierft ënnerstellen, dat eigentlech Zil vun de neie Waffesystemer ze sinn.

mat indymedia/sel a Xinhua

Foto: Déi nordkoreanesch Arméi, a wéi hei d‘Artillerie (Archiv), ass eigentlech ëmmer a maximaler Alarmbereetschaft, wat net zu gudder Lescht dem Fait geschëlt ass, datt d‘USA mat Südkorea vill, fir net ze soe „stänneg“ Manöver virum Kim Jong-Un senger Hausdier veranstalt. Si schéngen der Usiicht, datt Demonstratioun vu „Muecht“ de Regimm vu Pyongyang beandrockt. © KCNA

Related topics Artillerie, Atomwaffen, Kim Jong-Un, Nordkorea, Pyongyang
Next post Previous post