Search

You may also like

Clausel IPA – Dat ass dee mat den décken Äerm
International Neiegkeeten

Clausel IPA – Dat ass dee mat den décken Äerm

Déi „kleng“ Brauerei aus Clausen ass nach eng jonk Entreprise,

70 Joer nom Grenzstuerm vu St. Germanshof: Ni méi Grenzschléissungen!
International Neiegkeeten

70 Joer nom Grenzstuerm vu St. Germanshof: Ni méi Grenzschléissungen!

Um 6. August 1950 sinn zu St. Germanshof iwwer 300

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter
International Neiegkeeten

Beneficiaire vum internationale Schutz hunn och Rechter

Zum Optakt vun der Presentatioun vum Rapport vun der Consultativer

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim

Südkorea ass veriergert an d‘USA leede Moossnamen an…

Pyongyang test Rakéiten ënnert der Opsiicht vum Kim

Um Donneschdegmueren, huet de südkoreaneschen Etat-Major militäresch Aktivitéiten aus dem Norde gemellt. E puer Stonnen drop huet déi nordkoreanesch Agence KCNA den Ofschoss vu Rakéite bestätegt. Washington mellt sengersäits d‘Beschlagnahm vun engem Frachtschëff…

Géint 7 Auer (Lokalzäit) soll op mannst een net identifizéierte Fluchkierper vu Sino-Ri (ronn 200 Kilometer vun der demilitariséierter Zon) aus ofgeschoss gi sinn. D‘Rakéitebasis selwer war eréischt viru kuerzem „entdeckt“ ginn. D‘USA behaapten, ouni datt dofir e Beweis gëtt, et wier e Stëtzpunkt fir Mëttelstreckerakéiten an d‘Truppestäerkt soll där vun engem Regiment entspriechen.

E puer Stonnen drop huet déi staatlech Noriichtenagence KCNA den Test vu Laangstreckerakéite bestätegt. D‘Übung wier héchstperséinlech vum Kim Jong-Un superviséiert ginn, wat dann och erkläert, firwat alles erfollegräich ofgelaf ass. Nach ëmmer baséierend op der Selbstduerstellung vum nordkoreanesche Regime, huet d‘Noriichtenagence och de Sënn an Zweck vum Test erkläert.

Den zweeten „Test“ bannent enger Woch

Bei dëser Übung wier et drëms gaangen „d‘Reaktiounsfäegkeet vun de Verdeedegungseenheeten ze iwwerpréiwen“. Wéi eng Waffegattungen a wéi Rakéiten „getest“ goufen, huet KCNA net verroden. Jo am Bericht waren net emol d‘Wierder: „Rakéit“, „Geschoss“ oder „Projektil“ benotzt ginn. Dat ass allerdéngs éischter d‘Norm an d‘Informatioun selwer déngt eenzeg an eleng der Propaganda.

Pyongyang

Interessant dogéint d‘Feststellung, datt et sech hei schonn ëm den zweeten „Test“ bannent enger Woch handelt. Scho leschte Samschdeg war et zu Wonsan zu engem test vu Mëttelstreckerakéite komm. Wat Nordkorea mat dësen Aktivitéite bezweckt? D‘USA jiddefalls dierften sech vun esou Aktiounen net beandrocke loossen. Déi hunn dann och hirersäits d‘Propagandamaschinn lancéiert.

Washington setzt Sanktiounen ëm

Fir d‘USA ass no dësem leschten Test „d‘Mooss voll“. Washington behaapt sech elo drop, datt Nordkorea géint d‘Sanktioune verstouss huet, an dofir elo e Frachtschëff beschlagnahmt gi wier. Heibäi handelt et sech dann ëm d‘Schëff „Wise Honest“, datt allerdéngs schonn Ufank Abrëll vun den indoneseschen Autoritéite festgesat ginn ass. Dat wéinst illegaler Befërderung vu Kuel.

Pyongyang

Mee och schlecht Propaganda bleift Propaganda, an den Donald Trump muss net eis, mee seng Landsleit iwwerzeegen den nordkoreanesche Problem am Grëff ze hunn. Den US-President „bedauert“ den Aktivismus vu Pyongyang. Säit dem Chill-Out zu Hanoi dee béid Staatscheffe virzäiteg ofgebrach haten, an dem Sommet vu Wladiwostok stinn d‘Zeechen nees op „Sträit“.

mat indymedia/sel/lax

Related topics Kim Jong-Un, Nordkorea, Pyongyang, Rakéiten, US-Sanktiounen
Next post Previous post