Search

You may also like

Kënnt et am Venezuela zum Biergerkrich?
Neiegkeeten

Kënnt et am Venezuela zum Biergerkrich?

D‘Situatioun tëscht Regierung an Oppositioun am Venezuela ass ugespaant, an

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!
Neiegkeeten

Nëmme Popcorn-Süchteger kréie méi wéi 8 richteg Äntwerten an eisem Kino-Quiz zesummen!

[onionbuzz quiz-id=110][/onionbuzz] D’Kino-Landschaft zu Lëtzebuerg lieft erëm sou lues op.

Een neien Amateurorchester fir Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Een neien Amateurorchester fir Lëtzebuerg

D‘Philharmonie huet den „Orchestre de la Place de l‘Europe“ gegrënnt.

Kranken- a Maternitésversécherung a Pandemie: Wéi ass d’Finanzlag?

Kranken- a Maternitésversécherung a Pandemie: Wéi ass d’Finanzlag?

E Mëttwoch, den 12. Mee huet de Kommitee vun der Quadripartite sech an zu Munneref getraff fir déi finanziell Situatioun vun der Kranken- a Maternitésversécherung wärend dëser sanitärer Kris ze ënnersichen. Ënnert dem Virsëtz vum Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet, an zesumme mat der Gesondheetsministesch Paulette Lenert, souwéi dem Finanzminister Pierre Gramegna sinn zousätzlech Finanzprognose fir 2021 an 2022 virgestallt ginn.

Am Kampf géint de Coronavirus a senge Folge muss d’Krankeversécherung bestëmmte Moossname wéi de Congé aus familiäre Grënn oder och d’Aarbechtsonfäegkeet droen. D’Ministere Schneider a Gramegna hunn sech zu enger vollstänneger Finanzéierung vun de Moossname verflicht gehat.

Esou gesäit dat speziellt Gesetz vum 15. Mee 2020 eng Bedeelegung vum Staat an der Héicht vum 386 Milliounen Euro vir. Dës Zomm ass op véier Joer verdeelt: 200 Millioune fir 2020, duerno jeeweils 62 Millioune fir 2021 bis 2023. Domat sollen ënnerschiddlech Moossnamen am Zesummenhang mam Covid-19 vun der Krankekeess ofgedeckt ginn.

Quaripartite
Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet © MSS

Esou huet dat am leschte Joer ausgesinn

Am Kader vun dëser Sitzung, huet de Finanzminister ervirgehuewen, datt sech d’Käschte fir de Congé aus familiäre Grënn op 238 Milliounen Euro belaf huet an soumat e Stéck ënnert den ursprénglech geschaten 250 Milliounen Euro louch.

Fir den Zäitraum vum 1. Abrëll bis den 30. Juni 2020 läit de Betrag vun der Prise en charge vun der Kranken- a Maternitésversécherung ab dem 1. Dag vun der Aarbechtsonfäegkeet bei 132 Milliounen Euro. Hei waren 149 Milliounen Euro geplangt.

Gläichzäiteg hat ee beim Congé fir familiär Ënnerstëtzung mat 1 Millioun Euro gerechent, woubäi een am Endeffekt op 350.000 Euro erauskomm ass. Et muss allerdéngs beuecht ginn, datt d’Moossnamen fir de Congé ass familiäre Grënn an de Congé fir familiär Ënnerstëtzung och am Joer 2021 a Kraaft sinn, a sech fir d’Méint Januar a Februar schonn op 24 Milliounen Euro belafen.

A well d’Gesondheetskris nach net eriwwer ass, sinn zousätzlech Käschte fir d’Kranken- a Maternitésversécherung virgesinn.

Quadripartite
Pierre Gramegna, Finanzminister © MSS

Den Décompte fir d’Joer 2020 weist, datt d’Kranken- a Maternitésversécherung trotz der finanzieller Bedeelegung vum Staat an Héicht vun 386 Milliounen Euro en negatiivt operationellt Resultat vun 12,4 Milliounen Euro opweist. Am Joer 2019 gouf et en Iwwerschoss vun 102 Milliounen um Niveau vun den aktuellen Operatiounen.

Wichteg Ausgaben sinn beispillsweis opgrond vu PCR-Tester op Rezept, zousätzlech Spidolskäschten sou wéi Dispensen zustane komm. Hei sinn d’Käschten am Joer 2020 ëm 21,8% – also op 3,8 Milliarden Euro – geklommen. Am Joer 2019 louch d’Entwécklung vun den Ausgabe bei 7,9%. Ouni déi finanziell Bedeelegung vum Staat hätt dës Ännerung am Joer 2020 bei 9,3% geleeën.

Dobäi ass de wirtschaftleche Kontext net esou negativ wéi erwaart: D’Recettë sinn am Joer 2020 ëm 5,5% geklommen. Allerdéngs kënnen d’Ausgaben domat net vollstänneg ausgeglach ginn. Dofir fält de cumuléierten Gesamtbetrag vun 971,3 Milliounen Euro am Joer 2019 (31,3% vun de lafenden Ausgaben) op 958,9 Milliounen Euro (25,4% vun de lafenden Ausgaben) am Joer 2020.

Quadripartite
Paulette Lenert, Gesondheetsministesch © MSS

A wéi gesäit et bis ewell vir 2021 aus?

D’Joer 2021 weist, de jéngste Schätzungen no, en Ongläichgewiicht fir de lafende Betrib op. Den Defizit läit bei 132 Milliounen Euro, et ass elo scho kloer, datt d’Recetten d’Ausgaben net méi decken wäerten. Domat géing de cumuléierte Betrag sech op 746 Milliounen Euro belafen. Allerdéngs bleift d’Reserv iwwert senger Limitt vun 10%. Dës ass am Sozialversécherungsgesetz festgeluecht.

Wärend hirer Sëtzung huet de Romain Schneider drun erënnert, datt déi geplangte Verbesserunge vun ënnerschiddlechen Déngschtleeschtungen bestoe bleiwen – an dat och am Beräich vun der Zännfleeg. Zu dësem Zweck bleiwen déi am Bezuch op Zännmedezin festgeluechte Sue vun 10 bis 12 Milliounen Euro. Esou kënne Verbesserungen an der Parodontologie an Endodontie (Wuerzelbehandlung, Implantater, asw) duerchgefouert ginn.

E Mëttwoch, den 19. Mee 2021 wäert dofir eng speziell Aarbechtsgrupp „Zännfleeg“ zesummekommen. D’Detailer dozou kënnen dann bei der nächster Sitzung vun der Quadripartite (am Hierscht) virgestallt ginn.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet; Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Pierre Gramegna, Finanzminister © MSS

Related topics Congé aus familiäre Grënn, Covid-19, Finanzlaf, Finanzminister, Krankeversécherung, Mammeversécherung, Paulette Lenert, Pierre Gramegna, Quadripartite, Romain Schneider
Next post Previous post