Search

You may also like

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt
Neiegkeeten Sport

Doudeger bei Protester am Iran, de Regimm warnt

Um Méindeg hunn déi iranesch Autoritéiten d‘Manifestanten, déi zanter ëm

De Minister Asselborn besicht d’Flüchtlingsfoyeren zu Miersch an Tandel
Neiegkeeten Sport

De Minister Asselborn besicht d’Flüchtlingsfoyeren zu Miersch an Tandel

Gëschter huet den Jean Asselborn, Minister fir Immigratioun an Asyl

Kee Relais pour la Vie 2020 duerch de Coronavirus
Neiegkeeten Sport

Kee Relais pour la Vie 2020 duerch de Coronavirus

Wéi d’Fondation Cancer elo leider matgedeelt huet wäert déi dësjäreg

#ThrowbackThursday – Déi historesch Qualifikatioun vum F91 Diddeleng an der Europaleague

#ThrowbackThursday – Déi historesch Qualifikatioun vum F91 Diddeleng an der Europaleague

Am Joer 2018 huet de F91 (Diddeleng) definitiv Geschicht geschriwwen, andeems hien den éischte Lëtzebuerger Club gouf, dee sech fir d’Europaleague qualifizéiert huet. Dës grouss Leeschtung, déi duerch linear a gewësse Fortschrëtter am Laf vun de Joren erreecht gouf, huet net nëmme Lëtzebuerg, mee och den Europa vum Fussball markéiert.

Aus dësem gudde Grond kënnt dës #ThrowbackThursday Editioun op dësen onvergiesslechen Erfolleg zeréck.

Et ass net grausam ze soen, datt déi sportlech Fäegkeete vu Lëtzebuerg weder op europäescher, nach op weltwäitem Niveau éischter „verhale“ sinn. Et muss een dofir jo och déi demographesch Spezifizitéit vum Land berécksiichtegen. Eis Reservoiren un Talenter, sinn entspriechend der Unzuel vun Awunner, net esou ergibeg wéi dat bei gréisseren Natiounen de Fall ass.

Am leschte Joerhonnert hunn awer sou munch Acteuren et geschafft, d’Spill fäerdeg ze spillen an zur Iwwerraschung vu villen, och wonnerschéi Trophyen, Medailen an/oder eng aner individuell Unerkennung fir hir Leeschtung ze gewannen. Dës Leeschtung ass méi schwéier ze erreechen, wann Individualitéit net méi duergeet an e ganzt Kollektiv zesumme mat senge Stäerken a Schwächen erfollegräich si muss, fir enger anerer Grupp riicht an d’Gesiicht ze kucken. Eng Realitéit, déi d’Qualifikatioun 2018 nach méi grouss an epesch mécht.

Eng blëtzaarteg Entwécklung

Fir déi onvergiesslech Victoire géint de Veräi vu Cluj ze erklären, musse mir puer Joer zeréck goen: 30, fir genee ze sinn. Am Mäerz 1991 war Diddeleng schonn ee vun de gréisseren Acteuren am Lëtzebuerger Fussball. Woubäi déi Diddelenger ee Problem haten. Eigentlech waren et der direkt dräi: d‘Alliance, de Stade an d‘Union Sportive (US). Vill Clibb fir eng kleng Grenzstad…

Schliisslech hunn si beschloss, sech ënnert engem neien Numm zesummen ze doen – de F91 Diddeleng gouf gebuer. Eng Unioun, déi net bei allen Diddelenger op Zousproch gestouss ass. Esouwäit wollt een et mat der Frëndschaft jo eigentlech net dreiwen. D‘Rivalitéiten déi et do tëscht de Fans vun de Veräiner ginn huet, waren „Traditioun“ an sinn engem doheem agetriichtert ginn.

Ma dës Entscheedung ze fusionéieren huet d’Enn vun enger laanger Ära markéiert, an déi eenzel Quartieren hunn opgehalen sech mateneen unzeleeën. Mee d‘Fusioun war net einfach an huet vill Spuren hannerlooss. Et huet Jore gebraucht, bis sech alleguerten hannert den F91 gestallt hunn. Mee och am Veräi selwer war et net einfach. Hei gouf sech dann awer op d‘Fussballspille konzentréiert

Nach eng Entscheedung huet misse getraff ginn …

Vum éischte Joer un, huet den neie Club seng Ambitioune gewisen, andeems hien sech direkt an déi éischt Divisioun vun der Meeschterschaft gespillt huet. D’Fluchbunn déi de Club geholl huet, konnt engem den Otem huelen. Si waren op emol de Géigner deen se all schloe wollten, awer net konnten.

An du koum de Flavio Becca, ee räichen a schon deemools héich ëmstriddene Personnage. Hien huet awer masseg Investéiert, fir d‘Kompetitivitéit vum F91 ze verbesseren. Ënnert sengem Afloss ass den F91 duerch all Instanze gaangen, bis et dann am Joer 2000 endlech gelénge sollt de Championstitel fir sech ze entscheeden. Bis dohinner waren néng Joer vergaangen…

Vun do un, an trotz Kampfbereete Géigner, déi d’Arrivée vun dësem „Neiräichen“ kritesch verfollegt hunn, war de Fortschrëtt vum Club net opzehalen. Vun 2000 bis 2018 hunn déi nei Häre vun der BGL Ligue alles op hirem Wee verschlongen. 14 Championstitel an zuelräich Pokaler hunn se verdéngt gewonnen.

F91 Diddeleng

Trotz dëser Dominanz, bleift et fir den F91-President Romain Schumacher a seng Männer komplizéiert, eng Plaz am professionellen Europa ze fannen. Dës „Géigner“ hunn ee ganz anert Arsenal zur hirer Verfügung, mee am Fussball ass bekanntlech alles méiglech. E puer vun de Victoiren an dëser „Léier“ si memorabel: et dierf op d‘Ausenanersetzung mat Red Bull Salzburg aus dem Joer 2012 verwise ginn.

Trotz ëmmer bessere Resultater, wollt et dem F91 awer weiderhin net geléngen, sech eng Plaz an der Gruppephas vun der Europaleague ze ergatteren. No dräi konsekutiven Titelen, erreecht den F91 2018 op en neits déi éischt Virronn vun der Championsleague. Dem Dino Toppmöller seng Männer ware wuel motivéiert, konnten awer dem Champion vun Ungarn, FC Videoton, net Stand halen.

3 Schrëtt virum Paradäis

Fir op dee wäertvolle Sesam zeréck ze gräifen, mussen dräi Ronne gewonne ginn. Als éischt stinn d’Kosovare vum FC Drita um Wee, fir Diddelenger ass dës Noss einfach ze knacken. De Joubert a seng Kolleege kommen ouni gréisser Schwieregkeeten an déi nächst Ronn.

Wéi bei de Videospiller ass den nächsten “Boss” deen si treffen, méi staark. An deen huet eng gréisser Geschicht. Op europäeschem Niveau ass et schwéier, wann net souguer onméiglech, iergendeen ze iwwerzeegen datt Legia Warschau – fréieren Halleffinalist vun der Championsleague, an Auteur vu villen europäesche Geschichten – an där selwechter Kategorie wéi dem Flavio Becca seng Protegéë spillt.

Wärend d’Polen dëse Match als Méiglechkeet gesinn, sech selwer aus der Schléng ze zéien, huelen déi Diddelenger dëse Match bewosst als Erausfuerderung un. Si sinn sech dem Ënnerscheed bewosst, d’Pole spille mat engem Budget – deen zéngmol sou héich ass – an enger anerer Liga. D’Spiller aus Lëtzebuerg, sinn sech der Geleeënheet bewosst, si wëllen, sou seet et den Dino Toppmöller „Geschicht schreiwen“.

Well eng Qualifikatioun wär fir dat klengt Land eng aussergewéinlech Premiere. Tatsächlech huet nach ni ee Veräin aus dem Grand-Duché et gepackt, déi véiert Qualifikatiounsronn vun der Europa League ze erreechen. Beim Spill a Polen, an engem wéineg gefëllte Stadion sinn déi Diddelenger op där selwechter Héicht wéi Legia, a si schéissen iwwerraschenderweis den éischte Goal.

Déi polnesch Reaktioun huet net laang op sech waarde gelooss, sollt awer net zu hirem Virdeel sinn. Um Enn vun der éischter Halbzeit huet den Astiz (Legia) de Stumpf (F91) aus de Schong gehuewen an gouf, wéi et sech fir esou eppes gehéiert mat der rouder Kaart an d‘Vestiaire geschéckt. Legia war „geknéckt“ an si hunn sech derzou entscheet dat bestoend Resultat ze „halen“.

Dat sollt dem polnesche Meeschter net geléngen. 45 Minutte méi spéit, duerch en zweete Goal vum Turpel (Eelefmeter), iwwerhëlt Diddeleng d’Féierung. Et hat nach Occasioune ginn, déi den F91 net konnt notzen, mee wann een ee Goal méi wéi déi aner schéisst, huet ee gewonnen. An dat ass et um Endeffekt wat zielt: „Dat ronnt muss an dat eckegt“.

Eng Woch drop dann de Retourmatch. Déi Diddelenger woussten dat eng dra wa an hunn sech ganz motivéiert presentéiert. Bannent 20 Minutte schéisse Stumpf a Stelvio (F91) 2 Goaler. Gutt et dierf een net ënnerschloen, datt d‘Polen der och 2 dragesat hunn, mee déi hu keen Afloss méi geholl. Hei huet Diddeleng Geschicht geschriwwen an sech zugläich fir eng weider Ronn qualifizéiert.

Wéi scho gesot, et gëtt net méi einfach vu Ronn zu Ronn, an den neie Géigner, war dem F91 „um Pabeier“ däitlech iwwerleeën. De CFR Cluj ass zanter 10 Joer den dominante Veräin an der rumänescher Meeschterschaft. Si hunn schonn zweemol un der Championsleague deelgeholl. En ass elo reegelméisseg bei den europäesche Spiller dobäi an huet all Absicht säin Zil ze erreechen – an dat andeems déi Diddelenger Equipe eliminéiert gëtt. Déi éischt Ronn gouf den 23. August 2018 am Josy Barthel gespillt.

David géint Goliath

Déi Lëtzebuerger Spiller sinn net fir e Su ageschüchtert, a si gi vun engem Publikum gedroen, wat sech voll a ganz fir se asetzt. Den F91 steet vun Ufank un um Gas, imposéiert dem Géigner säi Rhythmus. Déi Diddelenger spille virsiichteg mee bleiwe fokuséiert. De rumänesche Block steet. Stolz a Turpel

Si triede mat de Féiss op de Buedem an d’Spill an, an imposéieren direkt hire Rhythmus. Diddeleng ass roueg a fokusséiert. Si si virsiichteg, fir de rumänesche Block ze ëmgoen. Stolz an Turpel hu probéiert géint Cluj ze Punkten. D‘Rumänen hunn sech hirersäits mat Konterattacke beméit an d‘Spill ze kommen. Déi ware zum Gléck fir den F91 éischter „mëttelméisseg“. Keng Ekipp konnt sech an der éischter Halbzeit duerchsetzen, den F91 awer war déi dominant Ekipp um Terrain.

F91 Diddeleng

Esou gesinn also enttäuschend Resultat no 45 Spillminutten. An du sinn an der zweeter Hallschent och nach Ängschte viru Sanktiounen a Bedaueren opkomm. Dës huet ganz schlecht ugefaangen. Duerch déi spektakulär Verletzung vum Goalkeeper Jonathan Joubert, huet de Joe Frising misse Verantwortung iwwerhuelen.

De Verloscht vum Titulaire ass batter, mee zéng Minutten no senger Entrée, bitt den Ersatzkeeper eng wonnerschéi Parad, déi de ganze Stadion berouegt. Doduerch gëtt Diddeleng gestäerkt. Si si presséiert, dëse Match ze gewannen a sech géint de staarke Géigner ze behaapten. Den Turpel, ëmmer hien, wäit dovun ewech, duerch verpasste Geleeënheeten decouragéiert ze sinn, schafft et e bemol, de Ball an engem groussen Duerchernee vun der rumänescher Verdeedegung, an d’Netz ze bréngen – Goal! 1-0 fir den F91 Diddeleng.

D’Geschicht – mat engem grousse G fänkt un. Mee et ass net genuch fir dem Toppmöller seng Männer, déi wäit dervun ewech sinn, sech iwwert dëst Resultat ze freeën. Elo loossen si de Cluj Club kommen – da gëtt e besser agefaangen. Eng Strategie, déi sech lount. Den Danel Sinani a senger lénker Patt geléngt et, mat engem Fräistouss déi géigneresch Mauer ze duerchbriechen a sengen transzendéierte Kolleegen e Virsprong vun zwee Goaler ze verschafen.

An enger geckeger Atmosphär, onempfindlech géint den Drock an aggressiv op all Ball – huet den David engem Goliath, deen an dëser Nuecht net wéi e Ris ausgesinn huet, uerdentlech Konter ginn.

Am Firmament

Eng Woch méi spéit, de Joubert huet sech nach erholl, ass Diddeleng op rumäneschem Buedem ukomm. Si ware konzentréiert, hunn se dach d’Erfarung gemaach, datt hir Géigner besonnesch feindlech waren. Duerch déi viregt Ronn, wousst Diddeleng, datt se opmierksam musse sinn. Bis zum Spill ass sech iwwert den Ëmwee vun de Medie verbal zolidd gezësst ginn. Dat beweist och wéi eng Spannung bestanen huet, wat hei alles um Spill stoe sollt.

Well fir Cluj wär d’Eliminéierung eng enorm Blamage. Fir dësen historesche Club wär et e grousse Mësserfolleg et net an d’Europaleague ze schaffen. Sech vu Friemen aus engem klenge Land op der grousse Bühn virféieren ze loossen, dat kënnt net a Fro. Just datt den F91 wéi ee grousse Veräi vun allen Unerkannt gëtt. Déi rumänesch Press Titelt:“ Jiddereen an de Stadion, d’Lëtzebuerger fäerten d’Atmosphär“. Eng Uspillung op déi butzeg Delegatioun déi mam F91 zur Renconter ugereest war.

De President vum rumänesche Club hat et déck sëtzen an erkläert an enger Pressekonferenz, datt hie sech duerch d’Präsens vun engem lëtzebuergesche Kach an der Delegatioun beleidegt fillt. Nee dat muss een net verstoen, dofir war säi Schlusssaz memorabel: „Mir si Cluj, mir maachen net zweemol deeselwechte Feeler“.

Zu Lëtzebuerg, hat s‘Spannung wuel déiselwecht Intensitéit, just datt hei d‘Gefiller éischter a Richtung „mir si begeeschtert“ tendéiert huet. An kengem Bistro zu Diddeleng – als do wou d‘Renconter iwwerdroe ginn ass – konnt een zwou Stonne virum Ustouss nach eng Sëtzplaz fannen. Dat ganz „Duerf“ war um Dill a vum Krappert bis hinn zu de Bopen, all wollten se derbäi sinn, wann hir Ekipp de Ball um lafen hält.

Op et och eng grouss Leeschtung ze féiere gëtt? An engem Land wou déi grouss international Sportstitelen net esou wierklech zelebréiert ginn, an zudeem dem Flavio Becca seng Investitiounen net ëmmer op Zousproch stoussen, hätt ee kënne bedenken hunn? Et war jiddefalls nei, a wuel och verwonnerlech, mee et stoung op emol tatsächlech ee ganzt Land hannert dem F91 an sengem President Romain Schumacher.

F91 Diddeleng

An dëser Ambiance begéinen sech déi zwou Equippen am Stadion Constantin-Rãdulescu. Déi éischt Minutte fänken ellen un a beweisen, datt de klenge F91 Diddeleng sech nawell um groussen Dësch wuel fillt. Wäit dervun ewech, sech vun den Asätz oder der Atmosphär aschüchteren ze loossen, sinn d’Kolleege vum Sinani dës Kéier gläichberechtegt. Domat schafen si sech séier déi éischt Chancen. Viru senge rouege Besicher, brauch Cluj e Moment, iert si d’Kontroll iwwert d’Spill iwwerhuelen.

Mee weder de Frising, nach déi ongeschéckt Stiermer vum rumänesche Club, konnten d’Spill u sech rappen. An der Hallefzäit gëtt dat bestoend Gläichspill op béide Säiten Hoffnung – oder Angscht, jee no Standpunkt – op et een historescht Resultat ass. Dofir muss een nach 45 Minutten duerhalen.

Mee 45 Minutte kënne laang sinn. Op d’mannst ze laang fir de Sinani. De jonke Stiermer, dee vu sech selwer seet, sech an der éischter Hallschent net duerchgesat kritt ze hunn, iwwerhëlt Verantwortung an d‘Initiativ. Mat engem Schoss am lénke Fouss, deen och engem Messi gutt zu Gesiicht gestanen hätt, huet de gebiertege Belgrader Borscht den rumänesche Supporter eng kal Dusch verpasst. 0:1 den F91 iwwerhëlt d‘Féierung.

An dommadder war dat leschte Wuert nach net geschwat: de Sinani huet dovunner profitéiert datt d‘Rumänen nach den „tommel“ haten, iwwerleeft d‘Defense vu Cluj a markéiert den zweeten an esou och definitive Goal vun dëser Renconter. Mir waren awer eréischt an der 55. Minutt, a och wa Cluj muss fënnef Goaler schéissen, esou onméiglech ass dat elo och nees net…

Um Terrain awer an am ganze Lëtzebuerger Land ass d’Euphorie grouss. Den Onglawen och. An esou mécht e Geschicht? Et kann een et bal net gleewen. Trotz dësem Virsprong, deen e schwéier erëmkritt bleift d’Angscht bestoen. Dat wäerten sech och um Terrain geduecht hunn, an beim F91 huet sech den Turpel en Häerz gefaasst an d‘Vollek erléist. 78. Minutt 3. Goel fir den F91 an dat ganzt Land ass aus dem Haischen.

A glat guer näischt kann eppes géint dëst Glécksgefill bewierken – och net déi zwee Goaler, déi d’Rumänen zum Schluss geschoss hunn. Diddeleng ass do. An Diddeleng huet et gemaach. A mat 3.000.000 € Bonus vun der UEFA, ginn et nach vill méi Grënn fir ze feieren. Als Zeeche vun där phänomenaler Leeschtung, ginn d’Helde vun engem Owend – oder besser gesot, vun engem Joer, zu Lëtzebuerg vun engem Kontingent vun Unhänger begréisst, déi ongedëlleg sinn, fir dës Victoire ze feieren. Dat huet een nach ni hei am Land gesinn.

Wäit dervun ewech, hier Freed anzedämmen, feiert d’Equipe dësen Erfolleg mat de Familljen, Frënn a Fans. An dat ouni Aschränkung. Wärend deem erkennen si d’Bedeitung vun dësem Resultat ëmmer méi. Kee kann seng éischte Kéier vergiessen, an esou verankert sech dëse Moment fir ëmmer an den Erënnerunge vun de Fussballbegeeschterten am Land. D’Geschicht gewënnt u Schéinheet, wann een sech dorun erënnert, datt dës historesch Qualifikatioun net déi eenzeg kéint sinn, well de F91 Diddeleng no enger europäescher Campagne am Juli an August erëm um Terrain wäert sinn.

Diddeleng kann et wäit bréngen, a mir begleeden se Schratt fir Schratt. E weidert grousst Erliefnes, bei deem de Veräin säin éischte Gruppentitel wäert huelen – an esou erëm an d’Geschicht ageet. E weidert, grousst Erliefnes fir een Dag…

vum Tendai Michot / mental.lu

Related topics Europaleague, F91, Fussball, Mental.lu, ThrowbackThursday
Next post Previous post