Search

You may also like

Benelux – déi staark Stëmm vun der EU!
Kultur Neiegkeeten

Benelux – déi staark Stëmm vun der EU!

„De Benelux, eng staark Stëmm matzen an der Europäescher Unioun“,

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen
Kultur Neiegkeeten

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen

D‘Transitioun zu enger grénger Wirtschaft ass esou dréngend wéi nach

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel
Kultur Neiegkeeten

Nofolleg vum „Jott Zé Jott“ suergt fir vill Gespréich an de Kulisse vu Bréissel

D‘Mandat vum Jean-Claude Juncker als President vun der EU-Kommissioun geet

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen

Dem Olivier Laxe säi „Quand viendra le Feu“ kënnt de 25. September an eis Kinoen

„Quand viendra le Feu“ ass eng Koproduktioun vun Tarantula Lëtzebuerg, 4a4 Productions (F) a Miramemira a Kowalski Films (E). Den drëtte Longmetrage vum Olivier Laxe ass ënnert anerem vun AGDIC (E), dem Soutien vun „Cinéma du Monde“ an der „Aide à la Création visuelle et sonore“ vum CNC (F), der néier Hëllef „Cineworld“ vum Nationale Fonds fir de Soutien zur audiovisueller Produktioun vu Lëtzebuerg an Eurimages matgedroe ginn.

No enger Weltpremière um „Un Certain Regard“ beim Filmfestival vu Cannes – wou dem Olivier Laxe säi Film de Präis vun der Jury erhalen huet – bréngt „Quand viendra le Feu“ Lëtzebuerg eng gutt Visibilitéit, dat net zu Lescht dank enger Welttournée zu de flottste Filmfestivaller: München, Karlovy Vary, Moskaum Jerusalem, Melbourne, Helsinki, San Sebastian, London, Busan an eng ganz Rëtsch u weidere grousse Rendez-vousen, déi nach ausstinn.

De Film erzielt d‘Geschicht vum Amador Coro, dee veruerteelt ginn ass well hien e Feier ausgeléist huet. No ofgesater Strof kënnt hien aus dem Prisong, mee et ass keen do deen op hie waart. Säi Wee féiert hien zréck a säin Duerf, datt héich uewen an der Bierger vu Galizien geleeën ass. Hei liewen seng Mamm Benedicta an hir dräi Kéi. Den Alldag drëps esou virun sech hin, an de Rou an dem natierleche Rhythmus ugepasst… Bis enges Daags e Feier d‘Géigend zerstéiert.

D‘Sortie vum Film zu Lëtzebuerg ass fir de 25. September am „UTOPIA“ virgesinn. E ganz Koup weider Informatioune gëtt et wéi gewinnt ënnert www.tarantula.lu

Foto: © Tarantula

Matgedeelt vun Tarantula Lëtzebuerg, fräi äis dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Related topics Ciné Utopia, Film, Kino, Olivier Laxe, Tarantula
Next post Previous post