Search

You may also like

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn
Neiegkeeten

Déi gréng decidéiert nees un der Regierung bedeelegt ze sinn

Beim Kongress vun déi gréng, de leschte Samschdeg zu Jonglënster,

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen
Neiegkeeten

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen

Am Kontext vun der aktueller Lag vun den Infektiounszuelen deelt

Chantier an der Sortie N°7 vum Echangeur Hamm
Neiegkeeten

Chantier an der Sortie N°7 vum Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt op der Bretelle vun der Sortie

Isolatioun, Quarantaine a Contact-Tracing: D’Santé erkläert d’Prozedur

Isolatioun, Quarantaine a Contact-Tracing: D’Santé erkläert d’Prozedur

Nodeems d’Infektiounszuelen an leschter Zäit nees immens an d’Luucht ginn, huet d’Cellule vum Contact-Tracing seng Virgoensweis ugepasst, fir esou d’Reaktiounsgeschwindegkeet ze erhéijen.

Esou gëllt ab haut Folgendes:

Gëtt ee positiv getest oder et weist ee Symptomer: Auto-Isolatioun

D’Gesondheetsinspektioun kontaktéiert infizéiert Persounen an d’Leit, mat deene si a Kontakt waren per Telefon. Aktuell kann et zu Verspéidunge kommen, wouduerch ee preventiv an den Auto-Isolatioun goe soll. Wie Symptomer opweist an ee Rendez-Vous fir e PCR-Test fixéiert huet, soll sech Doheem isoléieren, bis datt d’Resultat do ass.

War een héich riskante Kontakt mat enger Persoun déi positiv getest ginn ass: Auto-Quarantaine

Ënnert „héich riskante Kontakt“ versteet d’Santé Kontakter vu méi wéi 15 Minutten, mat enger Distanz vu manner wéi zwee Meter. D’Mask gouf falsch oder guer net gedroen, an de Kontakt war 48 Stonnen ier Symptomer opgetruede sinn, respektiv den Test gemaach ginn ass.

Dës weidere gëtt doriwwer informéiert, datt all Persoun, déi duerch hiert Covid-19-positivt Resultat vun der Santé kontaktéiert kritt, eng Referenznummer matgedeelt kritt, déi si de Kontakter vermëttele soll. Dat soll déi weideren Demarchë vereinfachen.

Quarantaine

Wann den Telefon bemol rabbelt

D’Gesondheetsinspektioun rifft systematesch deene Persounen un, déi mat engem Infizéierten a Kontakt waren. Doropshi gëtt eng Ordonnance fir a Quarantaine ze goen, wann néideg e Zertifikat fir d’Aarbecht (CIT), an eng Ordonnance fir um 6ten Dag nom potentiell infektiéise Kontakt e PCR-Test ze maachen, iwwermëttelt.

Braucht een eng Ordonnance fir d’Quarantaine, respektiv e PCR-Test, well ee Kontakt zu enger infizéierter Persoun, mee et kritt een net ugeruff, da soll ee sech per Mail un d’Gesondheetsinspektioun wennen an d’Referenznummer vun der infizéierter Persoun matdeelen.

An dësem Kader erënnert d’Santé, datt d’Ordonnancë kee reellen Noutfall sinn, wéinst den Delaie vun der Krankekeess an dem Test, deen eréischt um 6ten Dag ka gemaach ginn. Ma, et huet een och d’UEL informéiert, datt d’Patronen eng gewëss Toleranz weise solle beim Areeche vun den Zertifikaten. Den Teletravail bleift weiderhin a ville Beräicher eng applikabel Optioun.

Wëll een trotzdeem bei den Dokter fir d’Dokumenter an d’Ordonnancen ze kréien, kann hien e PCR-Test verschreiwen zur Kontroll um 6ten Dag.

Quarantaine

Isolatioun a Quarantaine: Wat versteet een dorënner?

Souwuel an der Isolatioun, wéi och an der Quarantaine gëllt et Doheem ze bleiwen a Kontakter zu de Matmënschen ze vermeiden. Den Ënnerscheed läit doran, datt Persounen, déi hir Infektioun bestätegt kritt hunn, wärend minimum 10 Deeg nom Optriede vun de Symptomer, respektiv dem positive Resultat sech an den eegene véier Wänn isoléiere sollen.

All Kontakt soll vermeit ginn. Fir Persounen, déi am selwechte Menage wunnen oder enk Kontakter gëllt eng Quarantaine vu 7 Deeg. A Quarantaine muss een nämlech dann, wann een méi mat enger infizéierter Persoun ze dinn hat. Um 6ten Dag steet e PCR-Test un. Ass d’Resultat negativ, ass och d’Quarantaine eriwwer. Et sollt een den eegene Gesondheetszoustand allerdéngs am Bléck behalen. Fält den Test positiv aus heescht et an Isolatioun ze goen.

Related topics Contact-Tracing, Isolatioun, PCR-Test, positiv, Preventioun, Quarantaine, Santé
Next post Previous post