Search

You may also like

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul
International Kultur Neiegkeeten

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul

Um Mëttwoch war de Virwëtz an der Lallenger Primärschoul grouss.

Wann d‘Leit net emol méi de Protokoll bezuelen
International Kultur Neiegkeeten

Wann d‘Leit net emol méi de Protokoll bezuelen

Tëscht 2013 an 2019 sinn eng 700.000 Protokoller net bezuelt

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of
International Kultur Neiegkeeten

EuGH schéisst „Privacy Shield“ of

Sech wiere kann duerchaus nëtzlech sinn. Den éisträicheschen Aktivist Max

QuattroPole: D’Stad Lëtzebuerg iwwerhëlt d’Presidentschaft

QuattroPole: D’Stad Lëtzebuerg iwwerhëlt d’Presidentschaft

Fir eng éischte Kéier zënter der Grënnung vu QuattroPole konnten d’Memberen aus de Stied Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier net physesch treffen. Iwwert den digitale Wee ass net schliisslech net nëmmen den Aarbechtsprogramm 2021 diskutéiert ginn, mee och d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer zur Presidentin vum QuattroPole-Netzwierk gewielt ginn.

Am Veräinsvirstand sinn dann och de Saarbrécker Uewerbuergermeeschter Uwe Conradt als Vize-President, den neie Metzer Uewerbuergermeeschter François Grosdidier an den Tréierer Uewerbuergermeeschter Wolfram Leibe gewielt ginn.

A senger wichteger Tâche huet Lëtzebuerg geplangt den Austausch vun de Stadverwaltungen ze verdéiwen, fir sech méi schnell an einfach iwwert déi verschidde Sécherheetsmoossnamen an de Stied am Kader vun der Pandemie austauschen ze kënnen.

Ma, Pandemie hin oder hir – de QuattroPole-Musekspräis gëtt iwwerreecht. D’Areeche vun de Kandidaturen ass schonns ofgeschloss. Elo ass et um Jury fir de beschten an innovatiivsten Artist erauszewielen an am Abrëll 2021 mat 10.000 € ze belounen. Dëse Präis, deen nieft dem Robert-Schuman-Konschtpräis all zwee Joer iwwerreecht gëtt, stellt iwwregens déi zweet Sail vun der grenziwwerschreidender kultureller Zesummenaarbecht

Digitaliséierung vun der Tourismusbranche an nohalteg Mobilitéit

Grad wärend der sanitärer Kris war ee gezwongen, grouss Fortschrëtter am Beräich vun der Digitaliséierung ze maachen. Och bei QuattroPole wëll ee verstäerkt op digital Mëttel zeréckgräifen an déi touristesch Marketingaarbecht op den Internet ausriichten, fir de Programm an d’Evenementer nach méi attraktiv an zougänglech fir all Alter ze maachen.

Ma, well een net ausschléisse kann, datt d’Kontaktbeschränkungen och am nächste Joer nach weidergefouert musse ginn, verweist een nach emol op déi nei QuattroPole-Vëlospistekaart. Mam Drotiesel als nohaltegt Transportmëttel kann ee sech esou net nëmmen einfach duerch déi 4 Memberstied fortbeweegen, mee Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier och nach aktiv erliewen.

Fir d’Lydie Polfer steet fest, datt d’Solidaritéit eng wichteg Plaz kritt huet. QuattroPole erméiglech et net nëmmen den Austausch tëscht 4 Stied weider ze verdéiwen, mee och an Zäite vu sozialer Distanz gesellschaftlechen Zesummenhalt ze bidden. Duerch déi verschidde Moossnamen hofft een d’QuattroPole-Stied nach méi opzewäerten.

Opmaacherfoto © Charles Soubry / VDL Fotothéik

Related topics Digitaliséierung, Lëtzebuerg, Lydie Polfer, Metz, Musekspräis, Netzwierk, Nohaltegkeet, Presidentschaft, Quattropole, Saarbrécken, Tréier, Vëlospisten, Zesummenhalt
Next post Previous post