Search

You may also like

D’Kultur kann nees e bëssen opootmen
Kultur Neiegkeeten

D’Kultur kann nees e bëssen opootmen

Gëtt dat neit Gesetz an der kommender Woch zougelooss, da

E Land seet sengem Groussherzog Äddi
Kultur Neiegkeeten

E Land seet sengem Groussherzog Äddi

Et hunn um Samschdegmueren däischter Wolleken iwwert eiser Haaptstad gehaangen,

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!

Um 18. November 1928 war d’Gebuertsstonn vun der bekanntster Figur

QuattroPole stellt de Summerprogramm vir

QuattroPole stellt de Summerprogramm vir

Et ass souwäit. Déi lëtzebuergesch Presidentschaft vu QuattroPole huet de Summerprogramm fir Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier lancéiert. Dobäi stinn d’Aktivitéiten, déi dëse Summer ugebuede gi ganz ënnert dem Motto “Ons 4 Stied entdecken”. En Iwwerbléck iwwert de ganze Programm ass um QuattroPole-Site ze fannen.

Een Tuer mam Vëlo ronderëm den Dräilännereck oder e längere Kulturopenhalt, QuattroPole setzt op d’Villfalt vun enger touristescher a kulturellen Offer an de véier Stied. Natierlech sinn och Informatiounen zum Shopping an zu der Gastronomie am Programm ze fannen.

Fir déi ëffentlech Mobilitéit ze fërderen, bitt QuattroPole eng Tourismuskaart un, fir jiddwereen, deen de Summer op zwee Rieder genéissen an entdecke wëll. Dës Kaart enthält detailléiert Informatiounen zu sechs Vëlosweeër, déi souguer grenziwwerschreidend sinn. A fir déijéineg, déi kee Vëlo hunn oder op en Elektrovëlo wiessele wëllen, huet QuattroPole e Gewënnspill op Facebook an Instagram gestart. Et leeft nach bis de 15. August – och hei sinn all Informatiounen um QuattroPole-Site sou wéi an de sozialen Netzwierker ze fannen.

E Popmusikfestival, de “QuattroPop” fënnt den 3. a 4 September zu Tréier statt a bréngt Museker a Popfans aus der Grenzregioun zesummen. Den Hierschtprogramm wäert sech un där lokaler Gastronomie orientéieren, weider Detailer ginn um Enn vum Summer bekannt. QuattroPole verbënnt d’Regiounen zanter dem Joer 2000 mat enger historescher, wirtschaftlecher a kultureller Villfalt sou wéi den ënnerschiddleche Sproochen.

Illustratioun: © Nick Torontali / unsplash

Related topics Groussregioun, Kultur, Lëtzebuerg, Metz, Quattropole, Saarbrécken, Summerprogramm, Tréier
Next post Previous post