Dem Donald Trump seng Ried zur Lag vun der Natioun
Si ass mat Spannung erwaart ginn, egal a wéi engem
Si ass mat Spannung erwaart ginn, egal a wéi engem
Aus dem leschte Communiqué vun der ADEM, geet ervir, datt
A senger Priedegt huet de Poopst Francis erkläert, datt eis
E puer Méint no der éischter Publikatioun zum QuattroPole ass elo ee Video eraus komm, den déi véier Stied (Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier) an hirer touristescher Diversitéit weist.
Wéi gesäit dann een Dag an enger vun de QuattroPole Stied aus? Genau dësen Aspekt weist d’Agence vu Wisemotion aus Paräis am Clip an hëlt eis esou mat op eng Rees duerch verschidden Zäiten a Kulturen. Tréier, bekannt duerch seng Gladiatorekämpf versetzt eis zeréck an d’Antiquitéit. Zu Lëtzebuerg vermëscht sech d’Geschicht mat dem Modernen, Saarbrécken faszinéiert mat senger Gastronomie, de barocke Monumenter a sengem schéine Flossufer. Zu gudder Lescht besiche mir Metz, eng Stad déi duerch hir Kathedral, de Centre Pompidou a futuristesch Architektur iwwerzeegt.
De Video fënnt een an zwou Versiounen. Souwuel ee méi laange Clip, den d’Stied presentéiert, mee och ee méi kuerze Video, den fir d’Identifikatioun a Gemeinsamkeete vun de véier Stied steet, sinn op Youtube ze fannen.
Méi heizou fannt Dir um Site.
Kuerz Versioun:
Laang Versioun: