Search

You may also like

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!
International Neiegkeeten

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen

Eng charakterlos Stad?
International Neiegkeeten

Eng charakterlos Stad?

D’Traditiounsgeschäft Kass-Jentgen mécht dëst Joer hir Dieren zou. An dësem

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner
International Neiegkeeten

Laut BioG leit d’Biomëllech aus Lëtzebuerg ënnert dem Protektionismus vun de Nopeschlänner

D‘Ofschafe vun den EU-Mëllechquote setzt déi lëtzebuergesch Bio-Mëllech ënner Drock.

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet

Et war schonn esou eppes wéi e „politescht Äerdbiewen“ nodeems um Méindegowend gewosst war, dat de Québec sech eng „Zentrum-Riets“ Regierung ginn huet. “Coalition Avenir Québec“, d‘Partei vun den Independentisten huet déi absolut Majoritéit erhalen.

D‘CAQ vum François Legault, huet all d‘Sondagen der Ligen iwwerfouert. De François Legault, e fréieren Independentist deen sech zum kanadesche Federalismus konvertéiert huet, huet eng absolut iwwerzeegend Wahlvictoire, bei de Parlamentswahlen am Québec, fir sech verbuche kënnen.

Eng „erstaunlech“ Victoire, nodeems 15 Joer laang, de „Parti Liberal du Québec“ (PLQ) ouni nennenswäert Oppositioun, an der kanadescher Provënz d‘Rudder fest am Grëff haten.

De Legault, dee seng Campagne op eng gréisser Autonomie vun der Provënz ausgeriicht hat, huet mat der CAQ – eng streng nationalistesch Formatioun déi 2011 gegrënnt ginn ass – 74 vun den 125 Sëtz an der „Assemblée Nationale du Québec“ erhalen. Dat mat grad emol 37% vun de Suffragen.

E béisst Erwächen

D‘PLQ, grad ewéi de „Parti Québécois“ (PQ) – déi zwou Parteien déi iwwert en halleft Joerhonnert ewech de konstitutionellen Debat iwwert déi kanadesch „Eenheet“ animéiert hunn – kruten zolidd eng bei d‘Läffelen. Si haten esou wéineg Stëmme wéi nach ni an hirer Geschicht erhalen.

Un der Muecht zanter 2003 – mat Ausnam vun engem klengen Intermezzo tëscht September 2012 an Abrëll 2014 – sinn déi Liberal quasi vun der politescher Kaart zu Montreal „ausgeläscht“ ginn. D‘PLQ behält vu sengen 68 Sëtz, der grad emol 32. Déi meescht dovunner kommen aus dem Oste vun der Insel Montreal, Héichbuerg vun der anglophoner Minoritéit.

Fir d‘Partei vum Québec (PQ), deen d‘Iddi vun engem neie Referendum zur Onofhängegkeet op d‘Säit geluecht hat, ass d‘Defaite nach eppes méi „Aua!“. Si war emol déi gréissten Oppositioun, kënnt elo, bei Betruechtung vun de Mandater, op déi véiert Plaz.

Zu Montreal spillt d‘PQ iwwerhaapt keng Roll méi. Si sinn souzesoe vun der politescher Kaart vu Montreal „verschwonnen“. Dobäi ware si hei zanter 1970 present, an hu laang Zäit den Toun mat uginn. Elo sinn se vun der lénker Radikaler „Québec Solidaire“ (QS) iwwerholl ginn, déi d‘Zuel vun de Stëmme verduebele konnt, an seng Mandater – géintiwwer 2014 – verdräifacht huet.

Kënnt elo d‘Onofhängegkeet?

„Mir hunn haut ‚Geschicht geschriwwen‘. Haut gëtt et vill Mënschen, déi en Debat op d‘Säit geluecht hunn, deen eis iwwer 50 Joer laang ausenaner gerappt huet. Et ass d‘Fro vun der Zougehéieregkeet oder och net, vum Québec zu Kanada“, esou den triumphéirende François Legault, neie Premierminister vun der Provënz, bei enger Ried zu Québec.

De Québec, deen sech zweemol (bei de Referende vun 1980 an 1995) géint en Ofsplécke vum Rescht vu Kanada ausgedréckt hat, kéint elo op e neits zur Onofhängegkeet Positioun ergräifen. An dësem Kontext muss een drun er erënneren, datt et 1995 et ganz knappt Resultat ginn hat.

Streng konservativ op fiskalem Niveau, Unhänger vun enger Steierbaisse, grad wéi der Gréisst vum Staat (et soll manner Beamten, a Posten ofgeschaaft ginn) huet de Nationalist Legault versprach, neit Geld an den ëffentleche Schoulsystem ze investéieren, an den ëffentlechen Déngscht an d‘Regiounen hin ze dezentraliséieren.

Manner Immigratioun

De François Legault huet zudeem d‘Iddi verdeedegt, zumindest „Temporär“ d‘Zuel vun den Immigranten a Refugiéeën ëm 20% ze reduzéieren. Aktuell sinn et ronn 50.000 Mënschen, déi all Joer am Québec ukommen. D‘Argument: „et brauch seng Zäit bis een d‘Immigranten integréiert huet, an déi muss een sech huelen“, esou de neie Premierminister vum Québec.

Zanter datt de Milliardär an dat Wäisst Haus agezunn ass, huet de Québec de Gros vun de 35.000 Migranten, déi d‘USA verlooss hunn andeems si illegal iwwert d‘Grenz „geflücht“ sinn, opgeholl. D‘Rechnung dofir, wëll de François Legault, elo Ottawa virleeën.

„De Philippe Couillard hat keng Hemmungen seng Léift fir Kanada zum Ausdrock ze bréngen. De François Legault ass en Nationalist, an behaapt sech drop, elo méi Muecht vun Ottawa ze erhalen“, heescht et an engem Artikel vum „Globe and Mail“, d‘Referenzdageszeitung am Kanada.

Bei gutt 12 Méint virun de kanadesche Legislativwahlen, ass d‘Wahl vum François Legault eng fatzeg Néierlag fir déi Liberal, déi politesch Famill vum federale Premierminister Justin Trudeau. Déi haten dann och schonn am Juni d‘Provënz Ontario, de „Konservativen“ missen iwwerloossen.

mam Jacques Lemieux/AFP

Foto: De François Legault, Leader vun der „Coalition Avenir Québec“ ass den absolute Wahlgewënner an der frankophoner kanadescher Provënz. Hie fuerdert dann och direkt vun Ottawa méi Autonomie. Kann de Nationalist de Québec an d‘Onofhängegkeet féieren? © Martin Ouellet-Diotte/AFP

Related topics François Legault, Onofhängegkeet, Parlamentswahlen, Philippe Couillard, Québec
Next post Previous post