Search

You may also like

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt
Kultur Neiegkeeten

Vëlosummer 2020: Déi éischt Strecke si bekannt

Ufank Juni hunn den Transportminister an den Tourismusminister d’Initiative „Vëlosummer

AfD-Politiker Georg Pazderski ass viru Gericht
Kultur Neiegkeeten

AfD-Politiker Georg Pazderski ass viru Gericht

Haut den, 18. Mäerz 2021 verhandelt d‘Landesgeriicht zu Berlin iwwert

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net
Kultur Neiegkeeten

ADEM: Esou wéi si de Chômagetaux duerleeën, stëmmt en net

Virun e puer Méint hu mir et opginn, déi eis

„Rabudôru, poupée d’amour“ am Kinneksbond zu Mamer

„Rabudôru, poupée d’amour“ am Kinneksbond zu Mamer

Endlech ass et esou wäit: D’Wierk „Rabudôru, poupée d’amour“, wat eigentlech fir Abrëll 2020 geplangt war, gëtt elo de 17. an 18. Mäerz am Kinneksbond opgefouert. Et kéint e scho bal soen, et ass eng Geschicht, déi vum Liewe geschriwwe gouf. Ufanks ass et an der Geschicht éischter ëm d’Phenome vun de Poppe gaangen, mee duerch d’Covid-19 Pandemie huet sech d’Bedeitung mat der Zäit éischter op d’Wirtschaft an eis Realitéit fokusséiert.

D’Kreatioun vun dësem Stéck gouf nämlech hannert zouenen Diere realiséiert, matzen an dem zweete Confinement. Dofir ass beim Schreiwen och d’Gesondheets-, d’Sozial a Wirtschaftskris mat agebaut ginn. An dësem Kontext kann e scho bal vun enger tragescher Dokumentatioun schwätzen, déi awer nach esou vill Witz enthält, datt se net all ze schwéier um Mo läit.

Ëm wat geet et am Stéck?

Eng kleng Entreprise gëtt duerch d’Arrivée vun enger Rabudôru gespléckt. Dës liewensgrouss an hyperfeminin Silikonpopp suergt fir vill Gespréichsstoff a kéint villes änneren. An dësem ongewéinlechen Theaterstéck, wat een ab 12 Joer kucke kann, ass eng Spillsaachefabrick vun der sanitärer Kris betraff.

Fir d’Insolvenz ze vermeiden, gëtt decidéiert seng Aktivitéiten ze diversifizéieren. Si fänke mat der Produktioun vu Silikonpoppen un. Fir méi genee ze sinn, handelt et sech ëm déi berüümte Rabudôru aus Japan. Dës si fir erwuesse Leit geduecht. Ma net jidderee freet sech iwwer déi nei Aufgab, d’Meenunge vun de Mataarbechter si gespléckt.

Eent ass allerdéngs sécher: Dës Fraenobjekter riskéieren d’Gesellschaft ze stéieren a Fraen am Allgemengen erofstufen …

Anerer, sou wéi den Thierry fannen d’Iddi fantastesch. Gelueft ginn do net nëmmen déi wirtschaftlech Méiglechkeeten, mee och den therapeuteschen Zweck, deen esou eng liewensgrouss Libespopp kann hunn. Dofir keeft hien direkt eng fir säi Papp, dee géint Einsamkeet an Alzheimer kämpft.

Wéi een Impakt huet d’Rabudôru op dat ganzt Familljeliewen? Ginn et sozial Auswierkungen?

D’Karolina Markiewicz gëtt wärend deenen zwee Owenter um 19:30 Auer eng Aféierung an d’Stéck.

Weider Informatioune fannt Dir op www.kinneksbond.lu.

Related topics Humor, Kinneksbond, Liewensgrouss Popp, Mamer, Pandemie, Poupée d'Amour, Rabudôru, Spektaktel
Next post Previous post