Search

You may also like

Rëmerschen: E flotte Programm fir d‘Fuesvakanz
Neiegkeeten

Rëmerschen: E flotte Programm fir d‘Fuesvakanz

Am Biodiversum „Camille Gira“ zu Rëmerschen ass dës Woch eng

De Syvicol ass nees gutt opgestallt
Neiegkeeten

De Syvicol ass nees gutt opgestallt

Beim Syvicol (Syndikat vun de Gemengen a Stied) kuckt een

Den ARC Kënschtlerkrees invitéiert op säi waasserFest
Neiegkeeten

Den ARC Kënschtlerkrees invitéiert op säi waasserFest

Vum 4. bis den 21. Februar 2021 invitéiert den ARC

Radikaliséiert sech d‘ADR?

Radikaliséiert sech d‘ADR?

Jee no Standpunkt, gëtt d‘ADR emol als rietskonservativ, dann nees als populistesch presentéiert, en Image dee vun der Partei zeréckgewise gëtt. Bei der Presentatioun vum parlamentaresche Bilan huet déi politesch Sensibilitéit dann awer op d‘Moderniséierung vun der Partei a hir zukünfteg politesch Ausriichtung higewisen.

A senger Interventioun ass den Deputéierte Fernand Kartheiser nach emol op déi rezent Onwieder an d‘Konsequenzen dovunner agaangen, an erënnert drun, dat si schonn ee Freideg, schrëftlech eng Sëtzung vun der Kommissioun fir bannenzeg Ugeleeënheeten ugefrot hunn, un där d‘Ministesch Taina Bofferding deelhuele soll. Geet et der ADR no, brauch et ee stännegen Entschiedegungsfonds fir Naturkatastrophen. Zudeem bréicht et eng gewësse Previsibilitéit a Reegele géintiwwer den Assurancen, fir déi sinistréiert Mënschen ze entschiedegen.

Ee weideren interessante Standpunkt vun der ADR betrëfft d‘Kredibilitéit vun der Regierung. Als grondsätzlech Feststellung ass zeréckzebehalen, datt déi sech besonnesch duerch eng komplett Onverantwortlechkeet ervirgedoen hätt. Eng Ausso déi sech an der Haaptsaach op déi dramatesch Situatioun an den Alters- a Fleegeheemer bezitt, a wou d‘Familljeministesch Corinne Cahen, no der Presentatioun vum Rapport vum Jeannot Waringo, eigentlech gutt dru gedoen hätt hir Demissioun unzebidden. Dozou hat et eng entspriechend Motioun ginn.

Logement, Asyl a Mammesprooch

Déi weider wichteg, fir net ze soen däreg national Theme goufe selbstverständlech net vernoléissegt an dozou gehéiert notamment de Logement. An dësem Kontext goufen nach emol déi ongezielte Léisungsvirschléi vun der ADR ervirgehuewen. En aneren Dossier, dee bei der ADR net ze kuerz kënnt, betrëfft d‘Migratioun. An dësem Kontext gouf nach emol insistéiert, datt wann d‘Asylrecht ee wichtegt Gutt ass, een Asyl an Immigratioun net vermësche sollt. Wann Also den internationale Schutz net méi noutwenneg ass, mussen d‘Leit heemgoen.

Eis Sprooch, fir déi et ee Gesetz, ee Sproochekommissär an esouguer en „Zentrum“ huet, leider een nach ëmmer kritikwierdegt Wierderbuch, ass der ADR ganz wichteg. Sécher si ass ee Stéck vun eiser Identitéit, woubäi déi grouss Majoritéit vun de politeschen Acteuren dat franséischt dem lëtzebuergesche virzitt, an zuweilen eng gewëssen anglizistesch Euphorie d‘Bezeechnung vun den Institutiounen iwwerholl huet. Integratioun géif awer iwwert d‘Kenntnis vun der Landessprooch goen an net duerch d‘Opriichte vun internationale Schoulen.

Keng Verfassung ouni Referendum

Den zentrale politesche Sträitpunkt vun der ADR berout dann awer nach ëmmer op der Verfassung, déi soll nei opgestallt ginn, fir sech de Contrainte vum 21. Joerhonnert unzepassen. Well et ëmmer méi den Uschäin huet, datt d‘Bierger sollen hannert d‘Liicht gefouert ginn – an d‘Crainte vun der ADR sinn net onberechtegt – ass dëse Punkt eppes méi ervirgehuewe ginn. De Fernand Kartheiser schwätzt dann hei och fir déi ganz Partei, wann hie vun den anere Parteien an der CSV besonnesch verlaangt, datt d‘Bierger hei dat lescht Wuert sollten hunn.

Richteg ass dann och, datt de Bierger am Land ee Referendum an Aussicht gestallt gouf, an hei d‘CSV laang a vill fir d‘Ofhale vun esou enger Biergerconsultatioun gestridden hat. Nach am Abrëll zejoert hat et ee kuerzen Ament no engem Rapprochement tëscht ADR an CSV ausgesinn, mee dat si mëttlerweil al Kamellen. Zanter Januar 2020 ass gewosst, datt et net zum Referendum kënnt. Dat ass wuel net ganz Demokratesch, mee d‘Regierung – also d‘Parteien déi d‘Regierung bilden – hu schlecht Erfarunge mam leschte Referendum gemaach…

Illustratioun: © Khashayar Kouchpeydeh / unsplash

Related topics adr, Covid19, Fernand Kartheiser, Immigratioun, Logement, Naturkatastroph, parlamentaresche Bilan, politesch Sensibilitéit, Regierung, Sprooch, Verfassungsreferendum
Next post Previous post