Search

You may also like

Contrôle Technique: Verlängerung ëm 6 Méint gefuerdert
Kultur Neiegkeeten

Contrôle Technique: Verlängerung ëm 6 Méint gefuerdert

Wéi de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) elo matgedeelt huet, fuerdere si,

Renaturéierung vum Péitrussdall: Alles no Plang!
Kultur Neiegkeeten

Renaturéierung vum Péitrussdall: Alles no Plang!

Besonnesch an hektesche Stied si gréng Flächen an natierlech Landschaften

Ars Electronica Esch2022 Luxembourg Garden
Kultur Neiegkeeten

Ars Electronica Esch2022 Luxembourg Garden

Zu Linz (Éisträich) fënnt vum 9. bis den 13. September

We are Luxembourg: De Radio ARA an ARA City erweideren hire Programm

We are Luxembourg: De Radio ARA an ARA City erweideren hire Programm

Am Kader vum Festival des Migrations 2021 sinn de Radio Ara an ARA City houfreg, nei Gemeinschaftsprogrammer an de verschiddenste Sprooche virzestellen. D’Sendunge fänken an der éischter Woch vum Mäerz un, vu Méindes bis Freides kann een vun 13 bis 14 Auer eralauschteren.

D’Salam Show, déi zënter 2016 zu enger emblematescher Kolumne am Radio ginn ass, gëtt och vun der Fondation Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt. Fir de Moment si fënnef Sendunge geplangt.

Déi neiste Gemeinschaft a Lëtzebuerg, d’Eritrea kann a „the Habesha show“ eralauschteren. Do gi wichteg Informatiounen zur Bildung, Beschäftegung, Wunnen an Nationalitéit bereetgestallt. „Le Hamzaban Farsi Show“ wennt en ähnlecht Konzept un, d’Sendung wäert allerdéngs éischter fir déi farsisproocheg Gemeinschaft interessant sinn. Och jonk Albaner sollen en Ouer op de Radio Ara hunn. Mat „Le Shqip dLux“ gëtt e Programm ergänzt, dee schonn um Radio ze fannen ass.

„AQUI LUXEMBURGO!“ riicht sech un eis portugisesch Awunner a bitt nieft den Aktualitéiten an Informatiounen och Ënnerstëtzung fir Museker an Artisten, déi portugisesch schwätzen. Zu gudder Lescht moderéieren den Evangalos an d’Marina, zwee jonk Griichen „#ItsallGreektoMe“. D’Sendung déi op Englesch wäert sinn, konzentréiert sech op d’Interesse vun der griichescher Gemeinschaft, hir Musek a Kultur.

Radio ARADen en Evangalos an d’Marina moderéieren „#ItsallGreektoMe“

Den Ehab Ghandour vu Radio Ara freet sech, datt si de Projet sou wäit bruecht hunn. Et wär flott, wann deemnächst och nach eng spuenesch Sendung geplangt kéint ginn, fir déi hispanesch Gemeinschaft ze ënnerstëtzen.

D’Noutwennegkeet vun dëse Sendunge gouf wärend der Covid-19-Pandemie siichtbar. Elo ka séchergestallt ginn, datt och Minoritéitsgemeinschaften informéiert gi, wat zu Lëtzebuerg geschitt. Dobäi kënnen d’Emissioune ginn a verschiddene Sproochen, wéi Farsi, Tigrinya, Albanesch, Portugisesch, Griichesch oder och Englesch, genoss ginn.

Opmaacherfoto: „the Habesha show“ informéiert déi Eritreeësch Communautéit an hirer Sprooch, iwwert Aktualitéite vu Lëtzebuerg

Related topics #ItsallGreektoMe, Albanesch, AQUI LUXEMBURGO!, Farsi, Le Hamzaban Farsi Show, Le salon Habesha de Tigrinya, Le Shqip dLux, Multilingual, Nei Sendungen, Radio ARA
Next post Previous post