Wäisswampech: E Raiffeisen Bankomat gouf gesprengt
Wéi d’Police matdeelt hunn Onbekannter an der Nuecht géint 01:40
Wéi d’Police matdeelt hunn Onbekannter an der Nuecht géint 01:40
Zanter dem Méindeg huet de LISER eng nei Enquête am
Et ass ëmmer gutt wa Mënschen et ronn kréien hir
Ee Mol am Mount, ëmmer Samschdes vun 13 bis 17 Auer, ginn d’Top 50 presentéiert. Domat awer nach net genuch: All leschte Sonndeg am Mount (eventuell och an Zukunft zwee Mol de Mount) stinn d’Super 16 um Programm, woubäi nëmme Lëtzebuerger Artisten dra vertruede sinn.
Fir d’Placéierung gëtt net ofgestëmmt, mee et gëtt gekuckt wéi dacks d’Videoen an engem bestëmmten Zäitraum gekuckt gi sinn. Et ass nämlech esou, datt déi national Musek zimlech onbekannt ass – an dobäi hu mir richteg gutt Kënschtler hei am Land opzeweisen. Et muss een „dem Onbekannte“ just eng Chance ginn.
De Radio Péiteng ass iwwregens iwwert verschidde Radio-Apps a via Internet ze fannen. Fir Ofwiesslung suerge verschidden Emissiounen, wéi Good Morning Café, Wonschconcert, History, Rock it a villem méi. Op der Websäit vum Radio sinn och al Interviewe mat Lëtzebuerger Kënschtler ze fannen. A wann ee bis an d’Musek eragelauschtert huet, freet e sech, firwat sou gutt Saachen aus eisem Land vun anere Radiosenderen ignoréiert ginn.
Virwëtzeg? Da lauschtert mol eran – Et ass wierklech fir jiddwereen eppes dobäi!