Search

You may also like

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Déifferdeng
Kultur Neiegkeeten

Schwéiert Aarbechtsaccident zu Déifferdeng

Wéi d‘Police matdeelt, huet sech gëschter Moien zu Déifferdeng, op

Tschechien an Nout!
Kultur Neiegkeeten

Tschechien an Nout!

An Tschechien sinn d‘Spideeler zanter Deeg iwwerlaascht. D‘Land huet déi

Sämtlech SERVIOR-Seniorenariichtungen op ee Bléck
Kultur Neiegkeeten

Sämtlech SERVIOR-Seniorenariichtungen op ee Bléck

Am Kontext vum 20. Jubiläum vum féierende Lëtzebuerger Déngschtleeschter an

Kennt Dir schonn de Webradio SALOPETTE?

Kennt Dir schonn de Webradio SALOPETTE?

D’Salopette huet ugefaangen Artikelen ze publizéieren, zu engem Zäitpunkt wou et wichteg war en neie Wand an déi Lëtzebuerger Medielandschaft ze kréien. Et war eigentlech eng Suite vun Evenementer déi de Grond waren, datt ech mech decidéiert hunn, déi ufänglech LËTZEBUERGER SALOPETTE ze grënnen.

De Numm Salopette ass komm, wärend engem klengen hin an hier sichen um Internet, no engem styleschen Overall. Ech krut eng Salopette op den Ecran, an ech duecht bei mir, dat ass et. D’Salopette ass den Abegraff vum Schaffen, kann awer och mat Style gedroe ginn, kann elegant awer och frech sinn, klassesch awer och ruppeg.

A genau do ass de d’Mënz gefall – d’Salopette ass salopp, a seet riicht eraus wat anerer denken, wat anerer sech net trauen ze soen, awer besonnesch ëmmer d’Saachen sou wéi se sinn, vun der Long op d’Zong, ouni schéin se ze schwätzen. Ouni ëm de waarme Bräi ze réieren.

LËTZEBUERGER SALOPETTE war de Medium, d’SALOPETTE sinn ech, oder all Persoun, déi genau dës éierlech, mënschlech, an dach direkt Astellung huet, a vum Mënsch fir de Mënsch wëll Artikele schreiwen.

“D’Salopette ass e Media vum Mënsch, fir de Mënsch. Kritiséiert ni, ouni selwer Léisunge virzeschloen. Vun der Long op d’Zong, (bal) ouni Zensur, awer nëmme bal.”

— Radio Salopette

E Gepackten deen oft ënnerschat gëtt, an den Avantage huet éierlech ze sinn.

Eigentlech hunn ech eng wonnerschéi Plomm, schenken ech deene meeschte Lieser Glawen. Awer net all Sujet, kann ech och mat der Fieder sou op de Pabeier bréngen, wéi ech en fillen, denken, a besonnesch, wéi ech en ausdrécke wëll. An do louch wärend véier Méint meng Blockade.

Ech hu mat menger Fra geschwat, an hir gesot, datt ech bei munche Sujeten eng Blockade hätt. Well se sou a schrëftlecher Form ausdrécken, wéi ech se fillen, géifen se mech wäit no hanne geheien, an dat géif op laang Dauer net klappen. Doropshin huet meng Fra mech gefrot, ob ech dann net kéint eppes ophuele wat ech soen, an dat op de Site setzen.

Wéi e Radio, duecht ech mir.

Salopette

D’Lëtzebuerger Offer wat Radiostatiounen ubelaangt, huet a mengen Aen ëmmer ze wënschen iwwereg gelooss. Ze domm, ze niveaulos, fir vill ze langweileg an ze vill oniwwersiichtlech fir anerer, do sollt dach Plaz si fir e neie Radio. E Radiowecker, deen een och iwwer App kann lauschteren, familiär, éierlech, riicht eraus, vun der Long op Zong, an dach lëschteg, net iwwerfëllt mat Nouvellen déi keng Sau interesséieren, ouni all dee mënscheveruechtende Schnickschnack, deen op deene grousse Statioune vill ze dacks leeft.

RADIO SALOPETTE halt eben.

Awer wéi scho gesot, d’Salopette ass sou vill méi. D’Salopette schreift, braddelt, ma huet och e grousst Häerz fir Konscht, fir déi vun Ongerechtegkeet Betraffen. Si huet de besonnesche Wëllen hir Lieser a Nolauschterer virun deen onnéidegen an onsënnegen Informatiounsiwwerflëss ze schützen. Also gëtt sech d’Salopette all d’Moyene fir dëst ze erreechen. Mat SALOPETTE.LU ass sou e grousse Schierm entstanen, dee vill verschidde Kommunikatiounsméiglechkeete regroupéiert, an och op laang Dauer Servicer ubitt fir Artisten an Entreprisen.

D’Feststellung, datt vill Persounen sech net trauen enger neier Radiostatioun nozelauschteren, well se anescht ass, ass schonn eng traureg Feststellung. Et ass e Beweis dovunner, wéi ageschränkt de Mënsch dach ass, an dat wat nei ass, besonnesch wann et aus Lëtzebuerg kënnt, net als eppes ugesäit, wat senger Zäit wäert wier. Besonnesch fält dat bei Emissiounen op, wou 100% Lëtzebuerger Artisten gespillt ginn, mat Interviewen, asw, wou véier vu fënnef Sendunge keen nolauschtert.

Dat ass e schockante Constat, besonnesch wann een sech drun erënnert, datt‚ verbal‘ a bal all Gespréich wat een sou gefouert huet, och eng mëndlech Zouso kéim, et géif een d’Petitioun fir e Minimum Quote Lëtzebuerger Musek am Radio ënnerstëtzen. Souguer déi Petitioun fir e Gesetzesprojet krut mol net déi néideg Stëmme fir an der Chamber gehéiert ze ginn. Dobäi ass déi Lëtzebuerger Musekszeen scho laang vum Fuesbalsniveau à la Fausti a Monica erof, an huet vun allem a fir jiddereen richteg vill ze bidden.

Feststellen datt d’Weltoppenheet hei zu Lëtzebuerg oft Hand an Hand mat Nationalignoranz dohier geet, ass vir d’Villfalt hei am Land e Schlag an d’Gesiicht, a scho bal eng gefillten Diskriminatioun vis-à-vis vum nationale Savoir-faire.

Salopette

RADIO SALOPETTE hat fir seng knapp néng (an een hallwe Mount) wou mir „ON AIR” waren 2083 Nolauschterer, also ronn 219 Nolauschterer de Mount. Dat schéngt net vill ze sinn, ass awer fir e Webradio, deen net iwwer FM ze kréien ass, an och net iwwer déi finanziell Moyene verfüügt fir Affichen op Busarrêten oder anerwäerts ze maachen, schonn eng beuechtlech Zuel.

RADIO SALOPETTE ass aktuell eng “One Woman Show“, déi vun doheem aus gesent gëtt, a mat de Moyene du Bord en diversifiéiere Programm op d’Been stellt. Noriichte ginn et wierklech eleng déi néidegst – a ni méi wéi eng Noriicht op de Moment, fir keen z’iwwerfuerderen. Dat gëtt eis d’Méiglechkeet, méi an de Sujet anzegoen, an och eng éierlech Analysen zudëser Nouvelle ze ginn; besonnesch um politeschem Plang, wou sou dacks vill onausgeschwat bleift, an déi allermeescht regulär Medien, dacks d’Noriicht am Sënn vun de Politiker, a net vun der Gesellschaft duerleeën.

D’Salopette huet och keng Pressekaart. An dat ass engersäits esou, well se wëll oppen an éierlech schwätzen, wat dacks duerch eng Pressekaart an dem Code de Deontologie vum Pressewiesen net sou méiglech ass, an anerersäits well ech dem Bierger weisen datt, wann en eppes areeche wëll, da kann een et och erreechen.

Salopette

Mir liewe leider an Zäiten, wou een sech seele vu Masseverblödung rette kann – besonnesch op der Televisioun, ma awer och am Radio an op den (Anti)soziale Medien. An zemools an dësen Zäite wëll ech weisen, datt wann een eben dëse Konsum aschränkt, a nees ufänkt selwer ze iwwerleeën, ouni den Eenheetsbräi erof ze wiergen, ee vill méi Zäit huet, fir trotz enger précairer Aarbechtssituatioun oder gesondheetleche Restriktiounen, selwer kënnen eppes Schéines, Wäertvolles, a fir sech selwer Schéines a Stolzes, ze vollbréngen.

Wa jidderee méi u sech selwer gleeft, a sech manner vun der aktueller Situatioun, a Kommentare betreffend „wéi schwéier dach alles ass“, orientéiert, dann ass d’Salopette sécher, datt vill manner Persounen engem geldhongerege Patron mussen den Allerwerteste lecken, an d’Gemitt ass dann och besser, well een da kee Mondgeroch méi huet (klenge Spaass à laSalopette zum Schluss).

„Du hues d’Potenzial fir dech selwer ze realiséieren. Maach et, well et ass befreiend an et deet dir gutt. An d’Salopette steet un denger Säit, fir deng Aktivitéit no baussen ze droen.“

Related topics Lëtzebuerger Artisten, Musék, On Air, One Woman Show, Radio Salopette
Next post Previous post