Search

You may also like

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!
Kultur Neiegkeeten

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!

Wéi këmmeren ech mech richteg ëm mäin Vëlo? Wéini musse

Italien: Autonomie bestriewe vu Venetien an der Lombardei
Kultur Neiegkeeten

Italien: Autonomie bestriewe vu Venetien an der Lombardei

Déi räich italienesch Regioune Venetien a Lombardei hunn sech an

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten
Kultur Neiegkeeten

Coronavirus: De Viktor Orban wëll Vollmuechten

Offiziell gëtt et zur Stonn an Ungarn eng 300 Infektiounsfäll

„Instant Comedy“ vu Raftside – E Gesamtkonschtwierk vum Filip Markiewicz

„Instant Comedy“ vu Raftside – E Gesamtkonschtwierk vum Filip Markiewicz

Mam Projet Raftside verbënnt de Filip Markiewicz d’Konscht an d’Musek an all senge Facetten. Inspiréiert um Dadaismus, eng Konschtrichtung bei där all dat Konventionellt ofgeleent gëtt, léisst hien ënnerschiddlech artistesch Elementer verschmëlzen an doduerch den Hybrid vun der musikalescher Diversitéit entstoen – esou bei senger neier Single „Instant Comedy“.

Ier am September d’EP „Ultrasocial Pop“ iwwert de Label Grzegorzki Records Berlin verëffentlecht gëtt, erméiglecht de Lëtzebuerger Artist heimat e spannenden Abléck op dat, wat d’Fans erwaarde wäert. D’Basis besteet aus engem modernen Elektro-Pop-Konstrukt, an erënnert schnell un d’Düsseldorfer Band Kraftwerk aus de 70er Joren.

Wéi och scho bei der leschter Single „We have the sun“ bitt de Filip Markiewicz nees en duerch seng Faarwen hypnotiséierende Video, erstallt aus eegener Fieder, un a mécht esou e Gesamtkonschtwierk aus dem Klangleschen an dem Visuellen.

Opmaacherbild: © Filip Markiewicz / Facebook

Related topics Elektropop, Filip Markiewicz, Instant Comedy, Konscht, Musek, Raftside, Single, Ultrasocial Pop
Next post Previous post