Search

You may also like

Prost op de Millésime 2017
Kultur Neiegkeeten

Prost op de Millésime 2017

Net nëmmen de Baueren hunn d‘Laune vum Wieder dëst Joer

D’EU an den Ekodesign: Zukünfteg mussen Ersatzdeeler bis zu 10 Joer disponibel sinn
Kultur Neiegkeeten

D’EU an den Ekodesign: Zukünfteg mussen Ersatzdeeler bis zu 10 Joer disponibel sinn

Fir verschidden elektronesch Produiten – dorënner beispillsweis Wäschmaschinnen, Fernseher, Frigoen

Déi ekologesch Kris ass eng sozial Prioritéit
Kultur Neiegkeeten

Déi ekologesch Kris ass eng sozial Prioritéit

Si ass do, egal wéi déif en de Kapp an

RAFTSIDE verëffentlecht „We have the sun“

RAFTSIDE verëffentlecht „We have the sun“

Nom leschten Album Empty Start, deen 2017 erauskomm ass a mat Singelen wéi „Broken Drive“ an „The Sun Is Not Fake“ iwwerzeegt huet, presentéiert de Singer-Songwriter Filip Markiewicz als RAFTSIDE säin neiste Wierk „We have the sun“.

Frësch aus dem Schäffche gëtt d’Lidd, dat wärend dem Confinement am eegenen Home-Studio zu Hamburg entstanen a produzéiert ginn ass, vun engem faarwege Video begleet. Ënnert dem Label Emptypop Records bréngt RAFTSIDE nees eng rockeg, awer douce Versioun vun experimentellem Pop eraus.

An de kommende Méint wäerte weider Stécker vum Lëtzebuerger Artist no kommen. Enn 2020 wäert schliisslech den Album Ultrasocial Pop verëffentlecht ginn, deen a Form vu Vinyl mat engem begleedende Buch an enger Ciné-Concert Performance all nei Wierker vereent. Ënnerstëtzt gëtt de Projet vun der Bourse Bert-Theis, déi all Joer vu Focuna Luxembourg bewëllegt gëtt.

Raftside

RAFTSIDE mat “We have the sun”

Zu RAFTSIDE

Ier de Filip Markiewicz Lëtzebuerg 2015 op der Biennale vu Venedeg vertrueden huet, ass de Projet RAFTSIDE entstanen. Ëm d’Joer 2000, wou hien am Studium vun der visueller Konscht zu Stroossbuerg versonk war, wollt den Artist Konschtgeschicht a Rock verbannen. Beaflosst gouf hien dobäi vum Alternative-Rock, der Pop Art an der Volksbühne.

Inspiréiert duerch déi dadaistesch Beweegung a verschidde Formen vun Art-Rock ass esou een musikaleschen Hybrid aus Songwriting an Elektro entstanen. Mat den dozou passende Videoen entsteet eng cinematographesch Atmosphär.

Mat sengem Talent duerft de Filip Markiewicz schonn an diversen Koneschtzentren a -galerien a ganz Europa optrieden. Esou stoung hien ënnert anerem schonn op der Bühn mat The Streets, Broken Social Scene, The Wedding Present, Deerhunter oder och The Organ. Op Festivaller konnt hien zesumme mat Placebo, Daft Punk, Metronomy, Flavien Berger oder och Cat Power spillen.

 

Related topics Emptypop Records, Filip Markiewicz, Hamburg, Musék, Raftside, Singer-Songwriter, Ultrasocial Pop, We have the sun
Next post Previous post