Search

You may also like

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen
Money Neiegkeeten

Gin Ale – oder d‘Sonnesäit vum Liewen

De Weekend ass schonn e puer Stonnen al an hannert

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!
Money Neiegkeeten

Wantervullenzielung: Beobachten, zielen a gewannen!

Um leschte Weekend vum Januar invitéiert natur&ëmwelt nees Vullen ze

CGFP: Gemeinsam un engem Strang zéien
Money Neiegkeeten

CGFP: Gemeinsam un engem Strang zéien

Déi wirtschaftlech Aboussen, déi duerch d‘Coronavirus-Pandemie riskéiere wiesentlech méi héich

money

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Mat engem konsolidéierte Resultat vun 18,7 Milliounen Euro schéngen d‘Ziler erreecht

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Déi kooperativ Bank Raiffeisen ass wuel kee Ris op der Finanzplaz, dofir gëtt et wéineg Skandaler an mam Geld kënnen se ëmgoen. Zumindest léisst e Bléck op d‘Zuele keen anere Schluss zou, an datt ass an dësem Secteur éischter Seelen de Fall.

An de President vum Direktiounscomité, Guy Hoffmann, huet den Rendez-vous mat der Press ganz entspaant mat senger Equipp duerchgezunn. Am Bilan stinn néng Milliarden, wat enger Hausse vun 11,4 % entsprécht. Am „Depot-Client“ stinn 7,7 Milliarden Euro, wat eng Hausse vun 13,2% ausmécht, an bei de Prêten ka sech op eng Erhéijung vu 6,9% beruff ginn. Dat schéngt awer am besonneschen un de Kreditter fir eng Wunneng/Haus ze leien, mee och d‘Entreprise ginn ernimmt.

Um Enn bleiwen 18,7 Milliounen Euro an der Kees, an d‘Raiffeisen ka sech am Resultat fir 2018 op e Wuesstem vun 2,5% beruffen. Wann ee bedenkt datt den Zënssaz am Keller un der Kette läit, an de regulatoreschen Drock zougeholl huet, dierf een der Raiffeisen zougestoen, gutt geschafft ze hunn. Dat gleewen och d‘Clienten – déi bei der Raiffeisen als „Member“ bezeechent ginn – déi elo zu hirer ronn 34.000 sinn. Viru fënnef Joer waren et der (opgerënnt) grad emol 15.500.

Alles richteg gemaach?

Wann ee sech eleng d‘Zuele baséiert bestëmmt, woubäi si 2017 mat der Post e Partenariat agaange sinn, deen hinnen och eng klenge „Boost“ ginn huet. Laut dem Guy Hoffmann wiere 37% vun hire Clienten och Cliente vun der Raiffeisen. Natierlech huet och den Ausbau vum Reseau – véier nei Agence si bäikomm – e positiven Impakt op d‘Geschäft. Während déi aner „ofbauen“ geet d‘Bank Raiffeisen op de Client duer, och a besonnesch am digitale Beräich, wou nei Weeër beschratt ginn.

Bei der Raiffeisen wëll een de physesche Kontakt zum Client oprecht erhalen, an dëse bei sengen digitalen Operatioune begleeden. Dat nennt sech dann „Phygital“. Et erkläert och zudeem, firwat bei der Raiffeisen zolidd an den Empfang investéiert gëtt. Wien aarbechtsbedéngt net während den Ëffnungszäiten e Conseiller usprieche kann, soll dat elo bis 20 Auer maachen dierfen. Zousätzlech wëll d‘Raiffeisen de Clienten Informatiounsowenter – besonnesch zum Logement – ubidden.

Mam Client fir de Client

Den „digitalen Zäitalter“ muss ee richteg ugoen, also gëtt an déi digital Entwécklung an och an den e-Banking investéiert. Woubäi se bei der Raiffeisen iwwerzeegt sinn, datt de Service, wann e soll gutt sinn, sech net exklusiv op dat digitaalt stäipe kann. An de Client selwer huet sech jo och verännert. Haut wëll kee méi Zäit an enger Agence verbrénge wéi néideg, an awer mat sengem Conseil, souzesoe vu „Mann zu Mann“ verhandele kënnen. Dat kritt ee bei der Raiffeisen gebueden.

Wou et bei der Raiffeisen wéineg Loscht op Kompromëss an Dialog gëtt, ass beim Thema „Fraisen“ wat vum Konsumenteschutz (ULC) jo zolidd ugefecht gëtt. Hei gesäit ee guer net an firwat eng Déngschtleeschtung soll gratis sinn. Et wier een eng Privatentreprise, vun där net ze erwaarde wier, datt se an Agencen a Logistik investéiert, just fir dem Client oder der ULC ze gefalen. An si géifen de Cliente jo vill ënnerschiddlech Servicer zu ganz besonnesch avantagéise Konditioune bidden.

Related topics Guy Hoffmann, Konsumenteschutz, Raiffeisen
Next post Previous post