Raiffeisen: Donen an Héicht vu 50.000 Euro fir de gudden Zweck

Am leschte Joer huet d’Raiffeisen Bank, zesumme mat senge Memberen 10 Organisatiounen finanziell ënnerstëtzt. Dobäi sinn d’Donen an Héicht vun insgesamt 50.000 € fir déi ënnerschiddlechst Missiounen gespent ginn.

Jeeweils 5.000 € un Handicap International, Le Soleil dans la Main, Les Amis de Gambie, Lux Rollers Asbl, Plooschter Projet, Protransplant Asbl an d’Stëmm vun der Strooss gaangen.

Änlech Beträg koumen duerch déi sougenannt OPERA-Punkten vun de Bank-Memberen zustanen. Wat e Client méi mat der Bank zesummeschafft, wat e méi OPERA-Punkte kritt. Dës kënnen entweder genotzt ginn fir fir d’Fraise vun der Bankkaart ze bezuelen, als Beitrag op de Kont vun engem mannerjärege Kand goen oder eben a Form vun engem Don fir Organisatioune genotzt ginn.

Esou hunn och d’ALA – Associatioun Luxembourgeoise Alzheimer Asbl, d’Asbl Cent Buttek an d’Asbl Foyer Eisleker Heem jeeweils en Don vu 5.000 € erhalen.

Dernières nouvelles