Search

You may also like

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven
International Neiegkeeten

Déi lénk: dem Koalitiounsaccord feelt et u Perspektiven

Bei déi lénk, ass een nach ëmmer op der Sich

Den SNJ lancéiert en neien Internetsite
International Neiegkeeten

Den SNJ lancéiert en neien Internetsite

Mat der neier Internetsite www.hey.snj.lu presentéiert sech den nationale Jugendservice

Zur Akzeptanz vun der Maskeflicht an der Schoul
International Neiegkeeten

Zur Akzeptanz vun der Maskeflicht an der Schoul

D‘Päischtvakanz ass „passé“ an eis Kanner ginn nees an d‘Schoul.

Rakéite fir de Fluchhafe vu Bagdad

Rakéite fir de Fluchhafe vu Bagdad

Beim Rakéitenugrëff op de Fluchhafe vun der irakescher Haaptstad Bagdad si mindestens aacht Mënsche gestuerwen. Laut de staatlech kontrolléierte Medie soll sech ënnert den Affer och den iranesche Generol Quassem Soleimani befonnt hunn.

Bagdad

Den Dout vum iranesche Generol Quassem Soleimani (hei en Archivbild vun 2015) an dem Vize-Kommandant Abu Mahdi al-Muhandis vun der Schiitemiliz, duerch d‘Amerikaner wäert net ouni „Äntwert“ bleiwen. © press TV

Entspriechend dem Mediendéngscht vun der Arméi, si mindestens dräi Rakéiten am Frachtberäich ageschloen. Heibäi koum et zu de Kausalitéiten. De Quassem Soleimani, Kommandant vun enger op Auslandsasätz spezialiséiert Eliteneenheet vun de Revolutiounsgarden, gëllt als dat bekanntste Gesiicht vun der iranescher Arméi am Ausland. Hien huet regelméisseg déi schiitesch Milizen am Irak an a Syrien besicht, déi vum Iran ënnerstëtzt ginn.

Bei dëser Attack ass och de Vize-Kommandant vun der pro-iranescher Schiitemiliz PMF ëm d‘Liewe komm. Dës Miliz beschëllegt d‘USA hannert dem Ugrëff ze stoen. Ob dësen allerdéngs mat de Protester bei der US-Ambassade a Verbindung ze bréngen ass, léisst sech zur Stonn net bestätegen. Washington hat d‘Ajatollahen zu Teheran wuel „enstpriechend gewarnt“, datt ee seng Interessen am Irak ze schütze wéist, mee esou eng Aktioun wier gewot.

BagdadZu Bagdad ass elo d‘Angscht grouss, datt den Iran an déi schiitesch Milizen am Land et och net wäerten op sech sëtze loossen. Wien hannert dem Ofschoss vun de Katjuscha-Rakéite stécht ass schwiereg auszemaachen, zemools et och Aussoe gëtt, laut deenen et sech ëm ee Loftugrëff soll gehandelt hunn.

De Pentagon huet an der tëscht och bestätegt, datt op Uweisung vum US-President, d‘US-Arméi Moossnamen ergraff huet, d‘US-Personal am Ausland ze schützen, andeems et de Generol Quassem Soleimani ëmbruecht huet. Dat dierft zu enger weiderer Eskalatioun an der Regioun féieren.

mat indymedia/tlv/nyc

Related topics Bagdad, Hezbollah, Irak, Iran, OIR, Schiitten, Sunitten, Syrien, Terrormiliz, US-Ambassade
Next post Previous post