Search

You may also like

Loftqualitéit: Eng interaktiv Kaart fir d‘Groussregioun
International Neiegkeeten

Loftqualitéit: Eng interaktiv Kaart fir d‘Groussregioun

De geographeschen Informatiounssystem vun der Groussregioun (SIG-GR) an „ATMO Grand-Est“

D’CGFP konfrontéiert de Beamteminister mat Moossnamekatalog
International Neiegkeeten

D’CGFP konfrontéiert de Beamteminister mat Moossnamekatalog

Och wann d’CGFP bis ewell net an d’Exit-Strategie vun der

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Gittar
International Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Gittar

Frënn vum elektresche sechsäitegen Zupfinstrument a vun der verstäerkter Gittar,

Dem Trump seng Reaktioun op d‘Rakéite vun Teheran

Dem Trump seng Reaktioun op d‘Rakéite vun Teheran

De „Commander in Chief“ Donald Trump, dee mat sengem „order to kill“ den iranesche Generol Quassem Soleimani beim Frachtterminal vum Fluchhafen zu Bagdad „neutraliséiere“ gelooss huet, hat net d‘Absicht den Iran erauszefuerderen. Déi puer Mëttelstreckerakéiten déi vum Iran op d‘US-Basen al-Assad an Erbil wiere wierkungslos bliwwen an ee weider Militärschlag ass net geplangt.

Am diplomatesche Jargon nennt een dat wuel ee „Gläichspill“, woubäi d‘Welt hätt kënne a Brand geroden. Irritéierend och, datt wa gewosst ass, datt 22 Rakéiten ageschloe sinn, kengem soll e Leed geschitt an näischt futti gaange sinn. Dat zumindest als Argument keent vun den 52 annoncéierten Ziler am Iran mussen néierzebommen. Mee natierlech muss och dës Aktioun „bestrooft“ ginn.

Bei der Aart a Weis wéi den Donald Trump seng „Remarke“ virgedroen huet, ass engem awer gutt opgefall, datt an dësem Text wéineg vu senger „Handschrëft“ enthale war. Hien erkläert hei, datt d‘USA eng groussaarteg Arméi an déi beschten Ausrëschtung hunn, wat awer net heescht datt een se asetze muss. Dat ass eng Behaaptung, déi just d‘Wieler an Amerika dierft gefreet hunn.

Wann et esou einfach wier

Fakt ass, datt den Donald Trump am Wahlkampf 2016 versprach hat d‘Jongen heem ze bréngen, wann den Islamesche Staat vernicht ass. An der tëscht huet den Donald Trump de Kontingent nees zolidd eropgeschrauft a verlaangt elo och, datt sech d‘NATO méi am Noen Oste misst abréngen.

„An de leschten dräi Joer, ënnert mengem Leadership ass eis Wirtschaft esou staark wéi ni virdru ginn an ass elo energetesch autark. Dës historesch Errongenschaften hunn eis strategesch Prioritéite geännert. Mir sinn d‘Nummer #1 an der Produktioun vu Pëtrol a Gas an dat op der ganzer Welt. Mir sinn onofhängeg a brauche keen ueleg aus dem Noen Osten“, esou den US-President.

A weider: „Déi amerikanesch Arméi ass ënnert menger Administratioun komplett nei opgestallt ginn an dat zum Präis vun 2,5 Trilliounen US-Dollar. Eis Arméien si méi staark wéi jee. Ons Rakéiten si grouss, mächteg, treffsécher, déidlech a séier. A mir bauen Hyperschallrakéiten“.

Da wëll den US-President nach wëssen, datt den IS zu 100% erleedegt ass an den Iran dach eigentlech eng blenden Zukunft virun sech hätt, wann se dach endlech géife follegen. D‘USA, esou den Donald Trump géife mat jidderengem Fridde maachen deen sech un hir Reegelen hält.

Gutt fir de Wahlkampf, schiedlech fir d‘Diplomatie

Wann een déi puer Haaptpunkte vum US-President senge Remarke resuméiert heescht dat esouwuel „mir brauche kengem senger“ wéi och „nach entscheede mir wat am Irak gemaach gëtt“. Him ass awer tatsächlech net entgaangen, datt d‘Aktioun vun den Iraner – si hunn den Ugrëff zäiteg der irakescher Regierung annoncéiert, déi dann hir Gäscht informéiert hunn – „bemooss“ war.

Hien huet dann och Teheran opgefuerdert déi gemeinsam Interessen ze bedenken, well den IS ze bekämpfe wier och am Interessi vum Iran. Jo gutt, mee deen ass angeblech zu 100% anihiléiert. Den Donald Trump huet nach vun anere „gemeinsame Prioritéite“ geschwat, mee zanter 40 Joer bestinn net emol méi diplomatesch Bezéiungen. An et soll jo elo och nach weider Sanktioune ginn.

Zudeem schéngt och de Chef vum Etat-Major, de Generol Mark Milley, net ganz der Opfaassung vum „Commander in Chief“ ze follegen. Hie stellt fest, datt d‘Iraner hir Rakéite mat der Absicht Mënschen ëmzebréngen ofgeschoss hunn. Et wier eenzeg der Effektivitéit vum Fréiwarnsystem geschëlt datt kengem eppes zougestouss wier. Dat ass zumindest och déi besser Erklärung.

Fazit: Et schéngt den Ament auszegesinn, wéi wann et nach grad nach emol „gutt ausgaangen“ ass, woubäi de Sträit domatter net bäigeluecht ass. Datt sech jeemools en iranesche Staatschef mam Donald Trump un de Verhandlungsdësch sollt setzen, ass zanter per Gesetz all amerikaneschen Zaldot vun den Ajatollahen zum Terrorist erkläert ginn ass, éischter onwahrscheinlech. Wann den US-President d‘NATO an de Sträit agebonne kritt, kréien och d‘Europäer et schwéier nach eng Vermëttler-Roll anzehuelen. Zudeem wäerten déi nei Sanktiounen et net besser maachen…

mam Lyne Ozark, indymedia/nyc

Foto: © White House

Related topics Donald Trump, Irak, Iran, Krich, Mëttelstreckerakéiten, Quassem Soleimani
Next post Previous post