Search

You may also like

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum
Neiegkeeten Sport

Wettrëschten ëm d‘Herrschaft iwwert de Weltraum

Et huet alles 1983 ugefaangen, wéi den deemolegen US-President Ronald

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer
Neiegkeeten Sport

Héije Besuch bei der Wäilies zu Wuermer

Gëschter hu S.A.R. de Groussherzog Henri an de Romain Schneider,

Nationalen Dag vum Bam zu Schëffleng – Een Zeeche vun Hoffnung a Merci
Neiegkeeten Sport

Nationalen Dag vum Bam zu Schëffleng – Een Zeeche vun Hoffnung a Merci

De Freiden, den 13. November 2020 – also um nationalen

915,39 km a 24 Stonnen – Ralph „Dizzy“ Diseviscourt am Weltrekordrausch!

915,39 km a 24 Stonnen – Ralph „Dizzy“ Diseviscourt am Weltrekordrausch!

Vun e Samschdeg op e Sonndeg huet de Lëtzebuerger Vëlossportler Ralph Diseviscourt, och „Dizzy“ genannt, de 24-Stonne-Weltrekord an Ugrëff geholl. Ganzer 211 Ronnen huet de 44 Järegen um Niklosbierg zu Veianen zeréckgeluecht, fir mat engem grandiose Resultat vun 915,39 km säin Zil däitlech ze iwwertreffen.

Super Wiederkonditiounen, eng fantastesch Aussiicht an e Publikum, dat motivéiert huet: Besser hätt et beim Weltrekordversuch un dësem Weekend net kënne lafen. Nodeems den Dizzy e Samschdeg um 14:00 Auer gestart ass, konnt hie scho géint 17:00 Auer en éischte Rekord briechen. No 3 Stonnen, 47 Minutten an 2 Sekonnen hat de Wëltzer nämlech 100 Meilen hannert sech. Kuerz virun 22:00 Auer war en Drëttel vum Zil gepackt.

Diseviscourt

© Ralph “Dizzy” Diseviscourt / Facebook

Domat awer net genuch. De Rekord vu 500 Meilen konnt no 21 Stonnen, 1 Minutt a 44 Sekonne kräftegem pedalléieren gebrach ginn. Um fréie Sonndeg Mëtteg war dem Australier Mitchell Anderson säi Rekord aus dem Joer 2018 vun 896,35 km a 24 Stonnen iwwertrompt, wat fir de Lëtzebuerger Sportler awer nach laang net bedeit huet opzehalen.

Esou huet hie Ronn ëm Ronn gedréit fir seng Sprintaventure an och säin ambitiéist Zil vum neie Weltrekord schliisslech mat 915,39 km erfollegräich ofschléissen. Dobäi war de Vëlossportler mat enger Duerchschnëttsgeschwëndegkeet vun 38,1 km an der Stonn iwwert d’Pist geflunn.

Op Facebook gouf wärenddeem ugekënnegt, datt de Lions Club Éislek pro zeréckgeluechte Kilometer 2 € spent. Vum Publikum an och vum Sportsminister Dan Kersch gëtt et grousst Luef: „Léiwe Ralph, laang ausgeschloss vun de Competitiounen, duerch wuel bekannte Grënn, hues du dech eleng un d’Erausfuerderung gewot, fir den Distanzrekord ënnerhalb vu 24 Stonnen ze knacken. D’Wett gouf gewonnen mat iwwer 915 km a 24 Stonnen op engem emblematesche Site um Groussherzogtum vu Lëtzebuerg. Dësen neie Weltrekord ass eng grouss Éier a mécht dat ganzt Land stolz. Bravo Dizzy!“

Opmaacherbild © Ralph “Dizzy” Diseviscourt / Facebook

Related topics 39 km, 915, Cyclist, Dizzy, Geschwindegkeet, Mitchell Anderson, Niklosbierg, Ralph Diseviscourt, Veianen, Vëlossportler, Weltrekord
Next post Previous post