Search

You may also like

Tempolimitt op däitschen Autobunnen ?
Neiegkeeten

Tempolimitt op däitschen Autobunnen ?

Déi gréng am däitsche Bundestag haten hiren Antrag zur Geschwindegkeetsbegrenzung

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!
Neiegkeeten

Reform vun der Ausbildung vun den Gesondheetsberuffer: Gebastelts à la sauce luxembourgeoise…!

D’ALEPS, d’Association Luxembourgeoise des Enseignants Pour Professions de Santé asbl,

surprise
Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima
Neiegkeeten

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

Laut den Autoritéite waren si zu hirer 12.000, fir d‘Organisateure

No Pessah an Ouschteren, kënnt de Ramadan

No Pessah an Ouschteren, kënnt de Ramadan

Et ass mat dat gréisste reliéist Fest vun der musulmanescher Glawensgemeinschaft, an och 2021 ass dëst Faaschten nees duerch d‘Covid19-Aschränkungen eppes a Fro gestallt. Woubäi et wuel manner Problemer mam reliéise Service, wéi dann der eigentlecher sozialer Interaktioun, déi am Ramadan wichteg ass, ze gi schéngt.

Üblecherweis gëtt sech jo wärend dem Faaschtemount owes an der Moschee/Tempel versammelt fir ze bieden an uschléissend zesummen z‘iessen. Dat geet aus bekannte Grënn net, a vill dierften sech iwwert den Ëmwee vun den neien Technologie mam reliéise Service zefridde musse ginn. Et wier een och gären an d‘Moschee gaangen, fir emol nees ënnert de Leit gewiescht ze sinn. De Covid19 huet dat elo anescht bestëmmt.

Esou hunn déi dräi grouss Weltreliounen – déi streng geholl eent an dat selwecht sinn, firwat et wuel och Sënn mécht sech aus reliéise Grënn d‘Käpp anzeschloen – ganz ongewollt sech gemeinsam ee Schicksal gedeelt. Interessant dann nach, datt Saudiarabien d‘Pilger déi geimpft sinn, oder noweise kënnen datt si vun der d‘Krankheet iwwerstanen hunn, zur Umrah, de klenger Pilgerrees no Mekka, zouléisst. Den Hajj geet awer net.

Illustratioun: © Ali Burhan / unsplash

Related topics Covid19, Glawen, Ramadan, Relioun, Umrah
Next post Previous post