Search

You may also like

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Vietnam späert Internetaktivist, deen Ëmweltskandal veruerteelt, an

En Internetaktivist, deen am Vietnam op Ëmweltproblemer higewisen huet, notamment

Politesch Pattsituatioun am Liechtenstein
International Kultur Neiegkeeten Stories

Politesch Pattsituatioun am Liechtenstein

Déi fortschrëttlech Biergerpartei (FBP) an déi Vaterländische Unioun (VU) komme

D‘Vëlospisten am Quattropole-Netzwierk
International Kultur Neiegkeeten Stories

D‘Vëlospisten am Quattropole-Netzwierk

De Verbond vun de Stied: Lëtzebuerg, Metz, Saarbrécken an Tréier,

Rammstein-Knuutscher: Provokatioun a Russland!

Rammstein-Knuutscher: Provokatioun a Russland!

Wa sech a Russland zwee gläichgeschlechtlech Mënsche kussen, muss mat Konsequenze gerechent ginn. Déi knuutschend Hären vu Rammstein sollte mat hirer ëffentlecher Zäertlechkeet op der Bühn fir uerdentlech Provokatioun am konservative Land suergen. Bei der Mega-Show virun 81.000 Leit huet de Rammstein-Knuutscher gespléckt Meenunge ervir geruff.

Ee Kuss ass leider nach ëmmer a ville Regiounen net einfach een Ausdrock vun der Léift, deen een an der Ëffentlechkeet weise sollt. Treffen sech d’Mënner vun zwee Männer oder Fraen, da gëtt et Zodi! Beim Rammstein-Concert am Moskauer Luschniki Stadium huet den zäertleche Geste vun de Gittaristen Richard Kruspe a Paul Landers d’Blécker op sech gezunn, a konnten souguer am Kreml Opsinn erreegen.

Zënter 2013 besteet a Russland d’Gesetz, datt keng positiv Äusserungen iwwer Homosexualitéit gemaach dierfe ginn. D’LGTBI-Gemeinschaft am Putin sengem Territoire ass domat extrem zeréck gedrängt ginn, mat Belästegungen a Gewalt gëtt gedreet. Déi däitsch Band, déi scho säit iwwer 20 Joer fir provokant Aktioune bekannt ass, huet d’Kuss-Aktioun natierlech direkt op Instagram eropgelueden mat der Ënnerschrëft „Russland, mir hunn dech gären“.

Souwuel d’Politik, wéi och déi konservativ Bevëlkerung waren natierlech net erfreet. D’Fans vun der Band sinn iwwert de Radio als net normal bezeechent ginn, d’Aktioun gëtt als homosexuell Propaganda ofgestempelt.

Rammstein-Knuutscher

An de sozialen Netzwierker fënnt d’Kuss-Aktioun allerdéngs och vill Zousproch!

D’Majoritéit vun de Fans huet sech mat positive Kommentaren geäussert. Allerdéngs sinn och nees Sätz wéi „Fuck you, al Schwuchtelen: An eisem Land gëllen eis Reegelen“ oder och „Ech vernischten all meng Rammstein-Alben…“ an de sozialen Netzwierker ze fannen. Wien d’Musek vu Lindemann a Co. lauschtert, dee sollt dach mëttlerweil wëssen, datt ee sech ëmmer op een Schockmoment astelle muss.

Mam neien Album, deen de selwechten Titel wéi d’Band dréit an dëst Joer erauskomm ass, hunn déi däitsch Museker scho virun der Verëffentlechung vum Lidd „Deutschland“ mat Video-Ausschnëtter fir Diskussioune gesuergt. Ze gesi waren Prisonéier am schwaarz-wäiss gesträifte Kostüm, déi erhaange ginn. Duerch hir Kleedung hu si un Gefaangener aus der NS-Zäit erënnert.

Rammstein-Knuutscher

Ausschnëtt aus dem Video “Deutschland”

Rammstein a Russland – Frënn oder Feinden?

Band a Land féieren eng ganz speziell Bezéiung. D’Zuel u Fans ass hei besonnesch grouss, woubäi d’Band bei all Visitt mat aussergewéinlechem Jubel empfaange gëtt. Natierlech passt dat urbaant, mächtegt a bombastescht Bühnebild super zum stolze Land. Der russescher Haaptstad Moskau huet déi däitsch Grupp am Joer 2004 souguer d’Lidd „Moskau“ gewidmet.

De Museker ass scho bewosst, wéi ee Verhalen an dësem Land ubruecht ass. Trotz allem hale si den Oflaf vun der Show bäi, wouduerch och emol eng Kannerkutsch mam Flaamewierfer verbrannt oder wäisse Konfetti aus enger Penis-Kanoun geschoss gëtt. D’Fans sinn – oder waren op alle Fall – ëmmer ganz aus dem Haischen!

Related topics Kuss, Luschniki Stadium, Moskau, Paul Landers, Rammstein-Knuutscher, Richard Kruspe, Vladimir Putin
Next post Previous post