Search

You may also like

Tschechien an Nout!
Neiegkeeten

Tschechien an Nout!

An Tschechien sinn d‘Spideeler zanter Deeg iwwerlaascht. D‘Land huet déi

Virtrag an der BnL: Russen am besetzte Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Virtrag an der BnL: Russen am besetzte Lëtzebuerg

Um 8. Oktober 2020 luet d’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) op dem

D‘Lag vun der EU aus der Siicht vum Jott Zé Jott
Neiegkeeten

D‘Lag vun der EU aus der Siicht vum Jott Zé Jott

Ech si vläicht, awer och wierklech nëmme vläicht, ee vun

Rapp a Klapp zu Bouneweg

Och zu Lëtzebuerg gëtt géint d‘Covid19-Moossname protestéiert, oder hat et aner Grënn fir de Police-Asaz?

Rapp a Klapp zu Bouneweg

Zanter Mäerz beherrscht den Thema „Covid19“ d‘Aktualitéit an den Alldag gläichermoossen. Et fänkt u „laang“ ze ginn an et wier ee frou wann dat ganzt englech géif zum Ofschloss kommen. Dat, esou déi grouss Politik ass nëmme méiglech wa mir all geimpft sinn, a bis dohinner heescht et sech mat den Ëmstänn ze arrangéieren an eng ganz Panoplie vu Moossnamen an Oplage behäerzegen.

Dat nervt, fuerdert an iwwerfuerdert esou munch Matbierger. Déi hunn awer d‘Recht dergéint ze demonstréieren, wann et eng Rei Beschränkungen agehale ginn. Wien sech dann awer um 23 Auer weigert de Bistro ze verloossen – wou ee streng geholl längst mam Aarsch doheem sollt sinn – mécht net gebrauch vu sengem Recht op Demonstratioun. Zudeem ass d‘Personal an dësem ganz prezise Fall deen absolutt falschen Uspriechpartner.

Esou kënnt et, datt d‘Zankerten an der Stad um (ganz) spéide Samschdegowend an der Bounewegerstrooss hu missen an- an duerchgräifen. Nodeems et wéi gesot tëscht dem Personal an enger duuschtereger Clientèle zum Dissens am Bezuch op d‘Aarbechtszäite komm war, d‘Gestreits och nach um Trottoir weidergefouert gouf, waren d‘Autoritéite gefuerdert an der Saach ze vermëttelen.

Onglécklecherweis ginn duerch den Alkoholkonsum, déi och soss schon ageschränkte rhetoresch Grondlage vu gewësse Leit net besser. Anerer Schëmmel a Bless vernennen, jo esouguer op déi etabléiert Gewaltundroung kann net verzicht ginn. A well de Mëssel op der Plaz, also virum „Etablissement“ net am géigesäitegen Averständnes ofschléissend konnt gekläert ginn, hunn dräi ganz onmanéierlech Individue misse matgeholl ginn.

Eigentlech hätt mat eppes Beholl, den Dissens um Kommissariat kënne bäigeluecht ginn, mee dat haten déi dräi „Gäscht“ net am Programm. Si hunn sech um Policebüro och weider schlecht, fir net ze soe wéi ausgewuessen Idiote beholl. Et gouf randaléiert, d‘Beamte bespaut an tätlech ugegraff. Si hunn de Rescht vun der Spärstonn an der Ausniichterungszell verbruecht. Soss war alles gutt…

Illustratioun: Op d‘Spärstonn vun 23 bis 6 Auer sënnvoll ass, ass dat eent. Datt esou ee Beholl, wéi dee vum Samschdeg op ee Sonndeg zu Bouneweg, net Ziilféierend ass, dat anert. Wéilt ee mat aller Gewalt de Confinement erbäiféieren, esou wier datt bestëmmt de séierste Wee. © Markus Winkler / unsplash

Related topics Ausniichterungszell, Bouneweg, Police, Policebüro, Randaléiert, Spärstonn
Next post Previous post