Search

You may also like

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung
Neiegkeeten

CNFP: Keng schlecht Zensur fir d’Regierung

Um Freideg huet den nationale Rot fir d’ëffentlech Finanzen (CNFP)

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht
Neiegkeeten

D‘ADR hëlt Stellung zu de Froen am ëffentlechen Déngscht

Nodeems d‘CGFP de 27. November am Kader vu senger grousser

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz
Neiegkeeten

Autofestival 2019: Wichteg Warnungen a Rotschléi vum Konsumenteschutz

Am Kader vum Autofestival 2019, réit de Konsumenteschutz (ULC) alle

Rapport Waringo: Premierminister a Monarch op enger Linn

Rapport Waringo: Premierminister a Monarch op enger Linn

Wann ee bedenkt wat dës „Affär“ fir Stëbs opgewierbelt huet a wéi deels ganz differenzéiert, wann och seelen themebezunn, an de sozialen Netzwierker mat deene Journalisten ëmgespronge gouf, déi leedeglech iwwert d‘Zoustänn an den Ëmgang mam Personal vum Haff bericht hunn. Mam Rapport vum Jeannot Waringo ass elo gewosst: „Et war héich Zäit ginn een nokucken ze loossen“.

De Rapport ass wéi gesot bekannt an ëffentlech, a wann een elo kéint mengen, datt de Premier sech eppes hätt beganne kënne fir Stellung ze ergräifen, esou sollt ee bedenken, datt och de Chef vun der Regierung, esou ee Beriicht emol muss sacke loossen. De Xavier Bettel, och dat ass verständlech, wollt emol mam Groussherzog Henri, iwwert Inhalt a Konsequenzen zu dësem Rapport schwätzen.

WaringoAn d‘Resultat ass wuel net erstaunlech an awer eppes onerwaart. Wéi et heescht hätte béid Männer, also de Premier an de Groussherzog, déi vum Jeannot Waringo verfaasste Recommandatiounen am Bericht fir gutt befonnt, firwat et dann elo och zu Changementer komme wäert, dat dann awer och am géigesäitegen Averständnes. Dat heescht dann elo och, datt d‘Monarchie eis erhale bleift.

Erënnere mir hei awer kuerz drun, datt d‘Bezéiung tëscht Haff a Regierung vun eiser (nach ëmmer net reforméierter) Verfassung bestëmmt gëtt, d‘Regierungsmemberen nach ëmmer dem Regent Fidelitéit schwieren an sech un d‘Gesetzer wéi un d‘Verfassung ze halen hunn. An esou wéi et de Xavier Bettel erkläert, ass de Rapport Waringo en Zurechtweise mat Propose wéi et besser geet…

Elo muss d‘Chamber matmaachen

Fir eise Premier ass dat eng Chance den Haff eppes méi Modern ze gestalten an hien ass gewëllt elo séier Moossnamen ze ergräifen, mat deenen déi vum Jeannot Waringo virgeluechte Propose kënnen ëmgesat ginn. Verschiddenes ka sech iwwer groussherzoglech Reglementer an d‘Wee leede loossen, aneres brauch Amendementer an der Verfassung, déi vun der Chamber mussen ugeholl ginn.

De Xavier Bettel huet an dësem Kontext och drun erënnert, datt hie schonn 2016 mam Marechalat an dem Groussherzog iwwert d‘Finanze vum Haff geschwat huet, a deemools schonn ugeschwat gouf, tëscht den Ausgabe vum Groussherzog (mat senge Missiounen an dem Fonctionnement vum Haff) an de „privaten Ausgaben“ muss besser ënnerscheet ginn. An dat ass bei wäitem net alles.

WaringoEsou soll och den Organigramm vum Haff, wou d‘Groussherzogin Maria Teresa nach ëmmer als „Spëtzt“ opgefouert gëtt, nei definéiert ginn. Eigentlech heescht et, datt d‘Groussherzogin guer net méi an dësem Organigramm optauche wäert, mee op de Rôle an aner Virwërf déi d‘Maria Teresa uginn, wollt sech de Premierminister dann awer net weider ausloossen. Dat huet ee gudde Grond.

Schliisslech sinn der Groussherzogin jo och zolidd Virwërf beim Ëmgang mam Personal gemaach ginn an hei huet de Parquet jo och eng Instruktioun opgemaach, bei deenen et ëm méiglech physesch Gewalt um Haff geet. Fir keen Afloss op dës Instruktioun ze huelen, wollt de Premier da keng dozou gestallte Froe beäntwerten. Domadder ass d‘Saach u sech awer net erleedegt.

Fir eng Modern an Zäitgeméiss Monarchie

Loosse mir dann och d‘Kausa „Maria Teresa“ op der Säit – dat ass jo ee Sujet deen eis wäert sécher erhale bleiwen – a wennen eis der Lëscht vu Changementer zou, déi de groussherzoglechen Haff an dat 21. Joerhonnert féiere sollen. De leschte Versuch déi verstëbste Monarchie ze moderniséieren hat eng franséisch Conseillère gemaach, woubäi si virbestrooft war an huet misse gekënnegt kréien.

WaringoSi hat nach en „General-Manager“ agesat kritt, mee dee Poste soll nees ofgeschaaft ginn, well déi Funktiounen duebel ausgefëllt wieren. Generell huet et gëschter geheescht, datt bal all déi am Rapport Waringo enthale Virschléi sollen ugewannt ginn. Dat gëtt esou och vum Ensembel vun de politesche Vertrieder begréisst, wou jo och kee wierklech d‘Absicht huet de‘Monarchie ofzeschafen.

Elo geet et also drëms, eng kloer Trennung vun den ëffentlechen a privaten Aktivitéite vum Haff hinzekréien, dem Personal säi Statut ze iwwerschaffen an een dem „Haus vum Groussherzog“ eegene Statut op de Leescht ze huelen. E Comité deen sech de Recommandatiounen aus dem Rapport unhuele soll, gëtt zäitno zesummegestallt. Elo heescht also nees eppes Gedold matbréngen.

Illustratioun: © Digital Writers / unsplash

Related topics Groussherzog Henri, Groussherzogin Maria Teresa, Groussherzoglechen Haff, Jeannot Waringo, Waringo-Rapport, Xavier Bettel
Next post Previous post