Search

You may also like

D‘Salariat huet keng Rou an der Panz
Meenung Neiegkeeten

D‘Salariat huet keng Rou an der Panz

Beim STATEC hu se sech op e neits mat Zuele

Verfassungsgeriicht: Vereedegung vum Christiane Reckinger a Karin Guillaume
Meenung Neiegkeeten

Verfassungsgeriicht: Vereedegung vum Christiane Reckinger a Karin Guillaume

E Mëttwoch, den 23. September 2020, huet d’Justizministesch Sam Tanson

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen
Meenung Neiegkeeten

(Fräiwëlleg) Beroder hëllefe bei Problemer mat Harespelen

D‘natur&ëmwelt Asbl huet e Berodernetzwierk gegrënnt, dat mam Zil eng

Reaktioun op d‘Reaktioun (Lieserbréif)

Reaktioun op d‘Reaktioun (Lieserbréif)

Nodeems an der Chamber eppes méi kontroverséiert iwwert de Jugendprisong wéinst dem Service „Unisec“ (Securiséiert Haft) an dem Prisong méi allgemeng debattéiert gouf, huet d‘Associatioun „eran, eraus… an elo?“ mat engem Lieserbréif op d‘Reaktioune vun den Direktere Schroeder a Legil, reagéiert.

Mir vu‚eran, eraus … an elo?‘ sinn erstaunt iwwert déi ganz prompt an ganz hefteg Reaktioun vun den Häre Schroeder a Legil.

„Il n’y a que la vérité qui blesse…“ ass ee bekannte Spréchwuert an mir probéieren an den nächsten Zeilen eis Positiounen duerch Fakten ze beleeën an da ka jo all Interesséierten sech selwer ee Bild vun der Situatioun maachen.

Wat den Här Schroeder, Direkter vun der UNISEC, betrëfft, do brauche mir just den RTL-Artikel (¹) vum 08/06/2021 mam Titel „Neit Konzept fir Strukture fir stroffälleg Mineure gëtt ausgeschafft“ ze betruechten an deem d‘Justizministesch Mme Sam Tanson folgendermoossen zitéiert gëtt:

„Wat ech virun allem als problematesch gesinn ass, datt vun ugangs un net kloer war, wat déi Infrastruktur dann elo genau ass. Ass et e Prisong? Oder ass et awer fir déi Fäll, déi placéiert sinn, an déi mer net meeschter ginn? Oder déi sech do net un d’Reegelen halen? Oder déi do fortlafen? Dat sinn awer 2 Cas de Figure, déi komplett ënnerschiddlech sinn. E Jugendlechen, deen eng Fuge mécht an enger Struktur, ass net dat selwecht wéi e Jugendlechen, deen e ‚Vol avec violence‘ gemaach huet, oder méi schlëmm Saachen, fir déi d’Leit dann och eben an d’Unisec kommen“.

Falls den Här Schroeder no esou enger Ausso vun der Mme Tanson behaapt et géif en detailléiert Konzept bestoen an d’Kritik vum Gregory Fonseca vun der Associatioun “Eran, Eraus, an Elo?”, wier net ubruecht gewiescht’dann iwwerloosse mir et all Interesséierte fir sech seng Meenung heizou ze bilden.

Wat dem Här Legil, Direkter vun der Prisongsverwaltung, seng Kritik un eisen Aussoe betrëfft, esou wëlle mir och hei ganz sachlech un d’Saach erugoen. Esou seet den Här Legil Folgendes:

„Bei der professioneller Formatioun, do sinn effektiv Saachen dobäi, déi net méi der Zäit ugepasst sinn, ewéi Buchbënnerei oder Dréckerei. Saachen, déi keng grouss Zukunft hunn“.

Leider ass et esou, dass zu Schraasseg säit e puer Joer guer keng ‚qualifizéierend Formatioun‘ méi ugebuede gëtt – mir zitéieren hei d’parlamentaresch Froe vun den Deputéierte Baum a Lamberty vum 13/04/2017 wou Folgendes drop geäntwert ginn ass:

„Des formations professionnelles conduisant à un diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) ou à un certificat de capacité professionnelle (CCP) ne peuvent être offertes actuellement au centre pénitentiaire de Luxembourg’ – a leider huet sech an deene leschte 4 Joer heirun näischt geännert. Zur Formatioun seet den Här Legil dann nach: „Mee do si mer am Gaang nei Saachen erauszesichen, déi dann och zu Suessem ugebuede ginn“.

Iwwert des Ausso si mir méi ewéi erstaunt – mir hu bis haut geduecht, dass zu Suessem keng Formatiounen ugebuede géife gi well et sech jo exklusiv em „Prévenus“ handelt wou een net géif wësse wéi laang déi am CPU wieren. Mir wëllen op dëser Plaz den Här Legil selwer zitéieren, deen an engem LW-Artikel (²) folgendermossen zitéiert gëtt:

„Es sind keine richtigen Arbeitsmöglichkeiten für Häftlinge vorgesehen, lediglich Sprachkurse in den Landessprachen werden angeboten.“

An och am Pressedossier (³) vum 30/06/2017 wou de CPU beschriwwe gëtt, fanne mir am Kapitel ‚Concept fonctionnel et programme de construction‘ kee Wuert vun engem Atelier, Klassesall oder Computersall wou ee jo awer briecht fir eng qualifizéierend Formatioun kënnen unzebidden. Et bleift also jidderengem Interesséierte fräi fir sech hei seng eege Meenung ze bilden.

Am RTL-Artikel vum 8. Juni, seet den Här Legil nach weider:

„Wat d’Securité Sociale ugeet, sou hätt de Prisonéier wärend senger Zäit am Prisong keng, well de Staat sech wärend dëser Zäit géing dorëms bekëmmeren“.

Bei der Sozialversécherung handelt et sech jo net nëmmen ëm d’Krankekeess –déi effektiv aus dem Staatsbudget wärend der Prisongsstrof bezuelt gëtt – mee hei gëtt de Prisonnéier total am Ree stoe gelooss well si kee Recht hu fir an eng Pensiounskeess anzebezuelen, keng Méiglechkeet hunn an eng Onfallversécherung anzebezuelen, si bei Krankheet net wieder bezuelt ginn, asw. an dat obwuel si eng Aarbecht am CPL hunn.

Och hei iwwerloosse mir et all Interesséierten sech selwer ee Bild dovunner ze maachen ob de Staat sech ëm d’Sozialversécherung vun engem Häftling bekëmmert oder eben net.

Eng lescht Remark wëlle mir nach zu den Salaire vun de Prisonéier am CPL maachen: am Prisong ginn et ongeféier 300 Prisonéier déi schaffe – mir wëllen hei zum Beispill Spidoolswäscherei nennen – wou d’Wäsch aus e puer Spideeler am CPL gemaach gëtt. Do schaffe Leit deels ganz vill an deels ganz schwéier an dat fir ee Salaire deen – an hei wëlle mir erëm den Här Legil zitéieren (4)– ganz wäit ënnert dem Mindestloun läit. Mir fannen, dass esou Aussoe vu Leit, déi sech net bewosst si wat dat bedeit fir esou ee mickrege Loun ze schaffen, – an hei wëlle mir erëm eng Kéier den Här Legil zitéieren – un Ignoranz grenzen an schonns bal eng Frechheet sinn.

Matgedeelt vun der Associatioun „eran, eraus… an elo?“ – Korrekturen a Presentatioun, Laure Schlesser

  1. https://www.rtl.lu/news/national/a/1735379.html
  2. https://www.wort.lu/de/lokales/gefaengnis-2-0-einblick-in-die-neue-haftanstalt-uerschterhaff-5e43e266da2cc1784e3560b8
  3. https://travaux.public.lu/content/dam/travaux_publics/fr/abp/actualites/2017/06/pelle_uerschterhaff/Dossier-de-presse.pdf
  4. https://www.100komma7.lu/program/episode/341838/202103201203-202103201300

Annex: den originalen Text

Illustratioun: © Alex Kondratiev / unsplash

Related topics Chamber, Eran eraus an elo?, Jugendprisong, Prisong, Unisec, Verwaltungen
Next post Previous post