Search

You may also like

Diddeleng PAP-Lidl: Zwee vu véier Beem sollen erhale bleiwen
Neiegkeeten

Diddeleng PAP-Lidl: Zwee vu véier Beem sollen erhale bleiwen

Laut dem Communiqué vu „Forges du Sud“, dee gëschter erausgaangen

Nei am Verlag Binsfeld: Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir
Neiegkeeten

Nei am Verlag Binsfeld: Fir dem … säi Gebuertsdag vu mir

Een originellen a garantéiert eenzegaartege Gebuertsdagskaddo! Dierf een a Bicher

money
Davos: Firwat se all dohinner mussen
Neiegkeeten

Davos: Firwat se all dohinner mussen

Et ass een vun den ëmstriddenste Sommeten, well hei festgeluecht

Reamenagement vum Pont Buchler – Aarbechten um 13. Juni 2020

Reamenagement vum Pont Buchler – Aarbechten um 13. Juni 2020

Am Kader vun den Aarbechten zum Reamenagement vum Pont Buchler informéiert d’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung doriwwer, datt um 13. Juni Äerdaarbechten an der Rue d’Alsace ustinn.

Duerch dës Aarbechten, déi vu 6:00 bis 22:00 daueren, ginn d’Rue d’Alsace an d’Rue Wenceslas 1er gespaart. Esou kënnt et zu verschidden Ännerungen bei de Stater Busser:

  • Linn 2, 18 an 23: D’Haltestell Alsace entfält a béid Richtungen a gëtt ersat duerch den Arrêt Rue d’Hollerich Fonderie;
  • Linn 18: Tëscht dem Garer Quartier an dem Arrêt Gaasperecherbierg gëtt dës Linn iwwert d’Hollerecher Strooss an d’Route d’Esch ëmgeleet. D’Haltestelle Lascombes an HollerichGare entfalen a ginn ersat duerch den Arrêt Assurances Sociales (Quai 1 a Richtung Kockelscheier, Quai 2 a Richtung Gare), respektiv duerch de provisoreschen Arrêt an der Route d’Esch, um Eck vun der Rue Maurice Barrès;
  • Linn 2 an 23: Tëscht dem Garer a Gaasperecher Quartier ginn dës Linnen iwwert d’Hollerecher Strooss, d’Route d’Esch an d’Rue de la Déportation ëmgeleet. Hei ginn d’Arrêten Lascombes an Hollerich-Gare vun der Linn 18 ugefuer.

Pont Buchler

Den Zirkulatiounsservice këmmert sech ëm déi noutwenneg Signalisatioun. D’Stad Lëtzebuerg seet alle Bierger an Notzer vum ëffentlechen Transport Merci fir de Versteesdemech an entschëllegt sech fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Aarbechten, Bus, Chantier, Ëffentlechen Transport, Pont Buchler, Spärung, Stad Lëtzebuerg, Stroossebauverwaltung
Next post Previous post