Search

You may also like

money
De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook
Meenung Neiegkeeten

De Gewënn bleift, mee d‘Leit verbrénge manner Zäit op Facebook

Facebook ass finanziell betruecht nach ëmmer a Form, mee seng

Vill Aarbecht fir den CET
Meenung Neiegkeeten

Vill Aarbecht fir den CET

Streng geholl géif et an dësem Kontext duergoe festzestellen, datt

40 Cyclisten an hir sportlech Leeschtung um Moien
Meenung Neiegkeeten

40 Cyclisten an hir sportlech Leeschtung um Moien

Fir de Vëlo als alldeeglecht Transportmëttel positiv ervir ze hiewen

Rebellioun zu Schraasseg (ee Kommentar)

Et war ze erwaarden an elo ass et an der Nuecht op en Donneschdeg dann och esou komm

Rebellioun zu Schraasseg (ee Kommentar)

Säit fënnef Deeg si mir beméit vun den zoustännegen Instanzen Informatiounen zu de Mesuren, déi an de Prisonge vu Schraasseg a Giwenech ergraff goufen, ze erhalen. Wann et net säitens den Affekoten dozou eppes Opklärung ginn, wéiste mir wuel nach ëmmer net wat leeft. An datt hei net kommunizéiert gëtt schéngt a gudde Grond ze hunn, mee wéi ëmmer um Enn gëtt een et gewuer.

Et ass jo richteg, datt am Kontext vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19 och d‘Prisongen enger besonnescher Opmierksamkeet bedierfen. A punkto Infektiounsverbreedung, kann een ee Prisong mat engem Croisièresschëff vergläichen, a wéi séier ee sech do géigesäiteg ugestach huet, huet de Fall vun der Diamond Princess (Yokohama), ausféierlech demonstréiert.

Gewosst ass elo, datt zanter dem 16. Mäerz ganz drastesch Reegelen opgestallt goufen, wouzou gehéiert, datt d‘Häftlingen eigentlech nach just an der Zell setzen. Besicht kann zwar nach ginn, mee d‘Zuele vun de Visitten ass op 25 pro Dag festgeluecht ginn, an datt och nëmmen an de securiséierte Spriechzëmmer (Parloir), fir sécherzestellen datt de Covid19 och dobausse bleift.

D‘Formatiounen, d‘Atelieren an all sportlech Aktivitéit si bis op weideres ausgesat ginn. Den 18. Mäerz ass d‘Schrauf nach emol ugezu ginn. Keng physesch Visitte méi, dofir Installatioun vum „Service Skype“ fir de Kontakt zum Affekot an/oder der Famill net ofräissen ze loossen. Dat ass awer direkt nees opgehale ginn an déi entspriechend Circulaire war den Affekote virbehalen.

Schlecht Ausgangslag fir d‘Giischtercher

Wann een dierf unhuelen, datt Visitten an/oder de Kontakt zur Aussewelt fir de Prisonéier schonn „existenziell“ ass, ee weess datt Telefonéiere bewosst richteg Deier ass, da brauch et net vill fir séier festzestellen, datt den Drock op d‘Personal vun der Prisongsverwaltung ofgewälzt ginn ass. An et war dann och just eng Fro vun der Zäit, bis dëse Cocktail u Mesuren seng Wierkung géif weisen.

An et ass rapid viru gaangen. Esou hunn eng 25 Häftlingen um Mëttwochowend géint 21.30 Auer d‘Nerve verluer an et ass séier zum Eclat komm. Wéi et heescht hätten sech d‘Detenuen an d‘Giischtercher wéi d‘Biischtebënner zerklappt, wat derzou gefouert huet, dat d‘Police zu Hëllef huet misse kommen. Sonnerkommando, Hondsstaffelen a masseg Patrulle sinn ugeréckt.

Mee och d‘Zankerte konnten nëmme lues a lues, nees esou eppes wéi Uerdnung hierstellen. Géint 1 Auer, an nodeems och de Sonnerkommando „GRIP“ vun der Prisongsverwaltung den Insassen zougesat hat, gouf et nees méi roueg. Géint dës Rebelle gëtt elo op Uerder vum Parquet ermëttelt an et dierft, wëll d‘Situatioun et och erfuerdert, zu beispillhafte Bestrofunge kommen.

An esou Fäll ginn dann och ëmmer „Leader“ gesicht a fonnt, déi elo een nach eppes méi seriéise Confinement zougestane kruten. Natierlech konnt keen ahnen, datt dat eis Häftlingen, wa se net beschäftegt sinn, vill Zäit fir däischter Gedanken hunn, an hinne Gewaltuwennung net friem ass. Wann d‘Regierung „dobaussen“ alles an déi richteg Weeër geleet huet, esou gouf hei „gebastelt“.

Spéit Erkenntnis am Justizministère

Elo huet de Justizministère dann och „kommunizéiert“. Vun där hirer Säit heescht et lapidar datt et „méiglech ka sinn, datt déi dem Coronavirus unhängleche Mesuren, zu dëser Konfliktsituatioun gefouert hunn“. An och wann den Opstänneschen hir Cheffen elo am „Keller“ iwwert hir Sënnen nodenken, esou ass de Justizministère net ze schued, eppes zu hire Revendicatiounen ze soen.

Do heescht dann, datt d‘Häftlingen sech iwwert d‘Modalitéite vun der Detentioun, de sanitäre Konditioune, de Kontakt zum Affekot/Famill, an den Zougang zu Fräizäitaktivitéite beschwéiert hätten. Sënnvoll wier et gewiescht ze antizipéieren a geleeëntlech den Affekoten nozelauschteren, déi, esou zumindest eng Rei Penaliste déi mir kontaktéiert hunn, op dës Geforen higewisen hunn.

An anere Länner, wéi bei eise franséischen Noperen, gi Prisonéier „fréizäiteg“ entlooss, wat awer am direkten Zesummenhang mat der chronescher Iwwerbelaaschtung vun hiren Haiser steet. Esou eng Situatioun gëtt et bei eis, an esou wäert hei och kee Brigang virun der Zäit duerch déi grouss Part goen. Et huet een awer Verstees-de-Mech fir ee déi Doleancen, déi och de Beamten déngen.

Während nämlech d‘Giischtercher hire „Schutz“ vun der Krisenzell vum Gesondheetsministère bezéien, gëtt et keng Masken, Händchen an Desinfektiounsmëttel fir d‘Häftlingen. Säit gëschter, esou de Justizministère, géifen d‘Prisonéier elo hir „Maske“ selwer zesummenneelen. Datt déi allerdéngs just eng Placebo-Funktioun erfëllen, kann d‘Ekipp vum Sam Tanson esou net soen.

Plëtzlech deet sech eppes

Et heescht da weider, datt een dann elo awer nees versiche Wëll den Häftlingen de Kontakt zur Famill (mat den Affekote geet et nëmme schrëftlech) via Skype ze erméiglechen an een, wann dat da bis steet, och den Zäitraum wou dat genotzt ka ginn, erweidere wäert. Datt d‘Informatiker vum Staat esou ee securiséierte System längst hätt missen installéieren, gesäit de Ministère anescht.

Wat d‘Fuerderung no „Material zur Fräizäitbeschäftegung“ betrëfft, fir zumindest den Impakt vun de Moossnamen ofzeschwächen, esou géif sech elo emol fir unzefänken „concertéiert“ an da sollt séier zu enger adequater Äntwert kommen. Jo hautdesdaags geet ee Buch oder Televisioun och am Bing net méi duer, et ass ee jo net an der Tierkei. Mee Computer a Konsole mat Internet sinn Tabu.

Wann een dat dann elo nach emol kuerz resuméiert, kënnt ee bedauerlecherweis zum Schluss, datt d‘Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) wuel eng confirméiert Juristin ass, mee hiert Mandat net an deem Mooss erfëllt kritt, datt et „zefriddestellend“ wier. Jo och déi u sech engagéiert Politikerin ass am Stress, mee keng oder schlecht Decisiounen huelen, dat féiert zu Chaos an Anarchie.

Sollt si et woen sech erauszerieden, wëll si hir Decisiounen opgrond de gudde Rotschléi vun der Verwaltung vum Prisong geholl huet, da kann een hir ënnerstellen, wann och net direkt hire gesonde Mënscheverstand verluer ze hunn, esou zumindest wéineg Empathie géintiwwer de Beamten am Prisong ze hunn. Si stinn an der éischter Linn, a si kréien d‘Konsequenzen als éischt ze spieren…

Illustratioun: © Oladimeji Odunsi / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, Justizministère, Prisong, Rebellioun, Sam Tanson, Schraasseg
Next post Previous post