Search

You may also like

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn
Neiegkeeten

Um Krautmaart ass sech mat der Iechternacher Sprangprëssessioun beschäftegt ginn

Et war de fréieren Iechternacher Buergermeeschter, Jos Scheuer (LSAP), deen

De Mann mam „gréngen Domm“ hat attentionéiert Noperen
Neiegkeeten

De Mann mam „gréngen Domm“ hat attentionéiert Noperen

An der Nuecht op e Sonndeg war eng Patrull vun

Schwiereg Generaldebatt fir d‘Vereenten Natiounen
Neiegkeeten

Schwiereg Generaldebatt fir d‘Vereenten Natiounen

Zum Optakt vun der Generaldebatt vun der Vereenten Natiounen huet

D‘Komplexitéit vu Recht an Uerdnung

D‘Komplexitéit vu Recht an Uerdnung

Sécherheetsfirmae sollen d‘Lächer an der Personaldecke vun der Police stoppen, mengt jiddefalls d‘Buergermeeschtesch vun der Haaptstad (an si ass do wuel net déi eenzeg)- D‘Oppositioun am Stater Gemengerot (déi gréng, déi lénk, LSAP), d‘Piraten an der Chamber an natierlech och FGFC (d‘Gewerkschaft vun de Gemengefonctionnairen) hunn de Virgank schaarf veruerteelt.

Ee ganze Moment laang ass et säitens der Stad esou duergestallt ginn, wéi wann d‘Decisioun, de Policepatrullen am Garer Quartier wéi och an der Uewerstad Hondsführer vu Sécherheetsfirmaen zur Säit ze stellen, och vum Minister fir bannenzeg Sécherheet géif matgedroe ginn. Deen huet op der Antenn vum private Staatssender Bertelsmann/RTL dës Mesure dann awer als Illegal erkläert.

Um Radio huet de grénge Minister klipp a kloer ze verstoe ginn, datt d‘Strofverfolgung eenzeg an eleng vun der Police gemaach gëtt, esou wéi et sech an engem Rechtsstaat gehéiert. Zudeem dierf op d‘Gesetz zur Aarbechtsweis vun der Police (2018) higewise ginn, an wellechem jo d‘Auslagere vu polizeileche Befugnisser formell ausgeschloss gëtt. Den Henri Kox wier géint esou e Schratt.

An dësem Kontext huet de Minister dann och bedauert, datt de Kolléisch vum Buergermeeschter a Schäfferot sech an dëser Saach net mat der Police concertéiert hätt. Eng Ausso déi eppes verstéiert, well och wann d‘Buergermeeschtesch gewësse Fräiheeten an Entscheedungsgewalt huet wann et ëm Policeaarbecht um Gebitt vun der Stad geet, der Police eng Kooperatioun opzwénge geet awer net.

Et ass folgerichteg schonn dovunner auszegoen, datt et muss entspriechend Entrevuen op lokalem Niveau ginn hunn. Wichteg ass och am Hannerkapp ze behalen, datt zanter Jore ganz normal a reegelméisseg Sécherheetsfirmae beoptraagt, den Uerdnungsdéngscht bei grousse Veranstaltungen ze maachen. Esou beispillsweis op der Fouer, dem Rock um Knuedler an op Nationalfeierdag.

Si solle just „Beandrocken“

A kengem Fall, an esou gouf et dann och nach emol vun der Gemeng kloergestallt, sollen dës „Begleeder“ Policeaarbecht leeschten. D‘Lydie Polfer huet an dësem Kontext däitlech gemaach, datt d‘Hondsführer déi de Policepatrulle bäigeprafft ginn, den Delinquente solle Respekt afléissen, an déi éierlech Bierger a Sécherheet weien. Deem wier grondsätzlech net ze widderspriechen…

Richteg ass jo och, datt déi vun der Gemeng ausgewielten Asazberäicher net permanent vun der Police kënnen iwwerwaacht ginn. Wou sollt d‘Police d‘Personal dofir hierhuelen, wa gewosst ass datt et och ouni Covid19-Kris un allen Ecker an Enner u Beamte feelt? An awer dierf déi beschten Absicht sech net dem Rechtsstaat an de Wee stellen, hei dierf kee Prezedenzfall geschafe ginn.

Wéi elo d‘Lydie Polfer mat hirer Ekipp mat den Aussoe vum Minister fir bannenzeg Sécherheet ëmgeet, ass natierlech net gewosst. Dës „Affär“ dierft zudeem och fir gréisser Diskussiounen an der zoustänneger Chamberkommissioun suergen. Net ze vergiessen, datt ausser dem Henri Kox, an dëser Saach och d‘Inneministesch Taina Bofferding(LSAP) nach ee Wuert matzeschwätzen huet.

A jo et spillt bei dësen Diskussiounen, och wann d‘Rechtslag u sech kloer ass an déi eigentlech all Gespréich oder Verhandlung iwwerflësseg mécht, eng Roll wéi déi politesch Rolle verdeelt sinn. An der Chamber sinn Buergermeeschtesch an déi concernéiert Minister „Partner“, am Gemengerot si se Géigner. Zudeem dierft interessant sinn, wéi d‘CSV dat an der Chamberkommissioun bewäert.

Et ass nu emol kee Geheimnis, datt besonnesch den CSV-Conseiller an Deputéierte Laurent Mosar, mee och d‘ADR, bereet wieren de Rechtsstaat esou auszeleeën, datt ee sech den Dealer an anerem kriminelle Gesocks entleedege kéint. Strummerten am léifsten direkt mat, mee dat ass en anert Thema an et gëtt zuweilen och eng Rei Iwwerschneidungen, zumindest op rechtlechem Niveau…

Illustratioun: „Mënsche géifen sech vun eis Ënnerscheeden, well se denke kënnen. Bei deem wat d‘Politik awer esou ervirbréngt, muss et erlaabt sinn do gewëssen Zweiwel zum Ausdrock ze bréngen“, esou den Toshi Dog exklusiv fir moien.lu © Charles Deluvio / unsplash

Related topics Delinquenten, Drogendealer, Garer Quartier, Henri Kox, Lydie Polfer, Police, Rechtsstaat, Sécherheetsfirmaen, Stad Lëtzebuerg, Strummerten, Taina Bofferding, Uewerstad, Widderstand
Next post Previous post