Randal an Onroue fir ee Recht op Infektiounsfräiheet

Nodeems um Freideg zu Rotterdam de Mobb sech zesummefonnt huet, fir den Autoritéiten op eng ganz eegen Aart a Weis d‘Message ze vermëttelen, datt ee Leit weder ënner Hausarrest setzen nach zur Impfung géint de Covid19 zwénge kann, huet et de Weekend iwwer weider Rapp a Klapp ginn.

De „Chaos“ – oder misst een hei net villméi vu offensichtlecher Gewaltbereetschaft schwätzen? – am hollänneschsproochege Raum huet gréisser Kreesser gezunn, wéi een sech dat um Samschdeg erwaart hätt. Den Onverstand ass jo nach hinzehuelen, mee et schéngt sech eng Minoritéit fir eng kierperlech Ausenanersetzung mat den Autoritéiten entscheet ze hunn. Et dreet ee Flächebrand…

D‘Nuecht vum Sonndeg op ee Méindeg war déi drëtt a folleg, fir d‘hollännesch Autoritéiten, déi sech mat reegelrechte Kläpper an eenzeg op Gewalt ausgeriichten Daboen ze ploen hat. An datt vill Jonker – wuel aus Grënn – sech animéiert gefillt hunn „eng Hand unzepaken“, ass eng bedenklech Entwécklung. Et léisst sech net méi Trenne wat Protest, a wat bëllegen Zerstéierungswëllen ass.

Esou zu Enschede a Groningen, wou sech jonk Mënschen zesummegedoen hunn, fir geziilt mat Feierwierkskierper op d‘Police lasszegoen. Zu Roosendal an Tilburg war et net besser, an esou sinn iwwert de Weekend an Holland eng 130 Persoune verhaft ginn. Offiziell heescht et, datt hei géint d‘Covid19-Mesure vu der Regierung an der angeblech beabsichtegter Impfflicht protestéiert gëtt.

Net op franséisch am Text

Dat dierf een, bezunn op d‘Ausmooss vun der Gewalt an den Ziler, déi vun de Rabbelkäpp an de betraffene Stied gewielt goufen, eppes ausschléissen. Och d‘Analys vun den Opriff an de sozialen Netzwierker, léisst erkennen, datt de Covid19 mat alle senge politeschen Niewewierkungen, méi „Begrënnung“ wéi tatsächlech „Notzen“. An d‘Haass-Fonken hunn et bis op Bréissel gepackt…

Jo och zu Bréissel hunn där ganz gescheiter sech d‘Hollänner zum Virbild gemaach. Hei war leider och just d‘Gewalt an de Wëllen alles ze zerstéieren, méiglecherweis esouguer aner Mënsche ganz wesentlech ze schueden, dat primäert Zil vun de „Protester“: Randal an Zerstéierungswut, iwwerall brennend Barrikaden a Policeautoen, zerstéiert Fënsteren a massiven Asaz vu Pyrotechnik, WTF?

Nom Regruppement vun den diversen Zuelen (Police a Protest-Gruppen) kann ee vun enge 35.000 Demonstranten an der belscher Haaptstad ausgoen. Dovunner hunn ee puer Honnert – dat dierf als erwise gezielt ginn – et just op d‘Konfrontatioun ukomme gelooss, d‘Ursaach vum Protest an/oder den Zweck géint drastesch Covid19-Mesuren ze demonstréieren, ass dësem Mobb vëlleg Friem.

Fir eppes iwwer 40 vun dësen esou schrecklech dommen, wéi allgemeng geféierlechen Toperten huet et elo en Termin beim Riichter. Wennt een der Bléck vun de „Vandalen“ of, da stellt een awer och Fest, datt ënnert deene wou friddlech géint d‘Covid19-Mesure marschéiert sinn, de ganze soziale Spektrum vertruede war. Vu faschistesch iwwer „Reebou“ bis lénksradikal, alles war do…

mat indymedia/bru/ams/rtm

Dernières nouvelles