Search

You may also like

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?
International Neiegkeeten

Wëll RTL en Duell Polfer/Wilmes verhënneren?

Dës Fro stellt sech d’CSV. An engem Pressecommuniqué detailléiere si,

money
Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden
International Neiegkeeten

Editorial: Wat d‘Investissementsfonge vun dir erwaarden

D‘Welt verännert sech rapid an deels och ganz Brutal, op

EuroBirdwatch 2020: Dëse Weekend dréint sech ëm d’Villercher!
International Neiegkeeten

EuroBirdwatch 2020: Dëse Weekend dréint sech ëm d’Villercher!

Den éischte Weekend vum Oktober steet ganz am Zeeche vun

Polnesche Fundamentalismus an d‘Rechter vun de Fraen

Polnesche Fundamentalismus an d‘Rechter vun de Fraen

Zu Warschau huet d‘Parlament an der éischter Liesung ee Gesetz ugeholl, mat dem dat scho strengt Recht op Schwangerschaftsofbroch a Polen nach weider soll verschäerft ginn. Esou soll et elo och net méi am Fall wou de Fötus mëssgebild oder vun enger onheelbarer Krankheet ass, méiglech sinn.

Et geet oft Rieds iwwert den islamesche Fundamentalismus an deem d‘Rechter vun de Frae mat Féiss getrëppelt ginn, an dobäi gëtt séier iwwersinn, datt och fundamentalistesch chrëschtlech Communautéite gëtt, déi sech am direkte verglach mat Länner wéi Saudiarabien oder dem Iran, net manner dogmatesch erweisen, wann et ëm reliéis Grondlage geet. Polen ass doranner e Virreider…

Wochelaang, an trotz den drastesche Bestëmmungen am Kontext vun der sanitärer Kris, hunn a Polen d‘Frae géint dësen aschneidende Gesetzprojet protestéiert. Wéinst den Ausgangsspären, déi der Regierungspartei PiS (Partei fir Recht a Justiz) entgéint komm sinn, hu sech d‘Frae missen eng nei Form vum Protest afale loossen. Schwaarz Kleedung a Präbbeli – déi polnesch Versioun vu „Code Pink“ – ass eng Aart Markenzeechen, mee am Kontext vum Confinement kaum ze erkennen.

Fraen

A während engersäits d‘Policeautoen duerch Géigend gefuer sinn, an iwwer Lautsprecher d‘Leit drun erënnert hunn, datt eng Pandemie grasséiert an d‘Leit sollen doheem bleiwen, sinn anersäits d‘Frae mat hire Gefierer – an entspriechendem Getuuts – duerch d‘Stroosse gezunn, fir géint de Verbuet vun der Selbstbestëmmung vun der Fra ze protestéieren. Och am Netz ware si present…

D‘Marta Lempart, eng Figur vun der Fraebeweegung „Ogólnopolski strajk kobiet!“ (Polnesch Fraen am Streik) huet zum Protest am Kader vun der Covid19-Pandemie erkläert, datt ee laang iwwert d‘Alternativen zum Stroosseprotest diskutéiert huet. An esou huet sech de Protest an de virtuelle Raum verlagert, et huet Autocorsoen zu Breslau, Kattowitz a Warschau ginn, Banner a Plakater sinn an de Fënsteren oder op de Balconen opgehaange ginn. Mee firwat dat ganzt?

D‘Muecht vun der Kierch

Elo ass dëse Gesetzprojet, deen am Parlament vun der rietskonservativer PiS-Partei, der däitlech rietsradikaler „Konfederacja“ (Konfederatioun fir Fräiheet an Onofhängegkeet) an der „Polskie Stronnictwo Ludowe“ (fundamentalistesch reliéis) duerchgesat ginn, an et ass zimmlech sécher, dat de Staatspresident, dee schon Undeitunge gemaach huet, dëst Gesetz no der 2. Liesung besigelt.

Abruecht gouf dëse Gesetzprojet vun enger radikaler Ofdreiwungsgéignerin – dee schonn an der leschter Legislaturperiod „behandelt“ gouf, awer an de Kommissiounen hänke bliwwen ass – well d‘Protester an de Stroossen net ofgeholl hunn, an d‘Regierungspartei kee „politesche Risk“ agoe wollt. D‘PiS-Partei an déi kathoulesch Kierch déi sech net vun dësem Gesetz distanzéiere wollten, hunn op Zäit gespillt. Fir Si an hir „Partner“ ass de Covid19 en himmlescht Zeechen…

FraenDobäi huet Polen scho laang déi strengste Gesetzer, a kaum en Dokter oder eng Klinik wot et ee Schwangerschaftsofbroch. Béi Manner wéi 1.000 Ofdreiwungen am Joer, ass ersiichtlech wéi eng Auswierkungen déi fundamentalistesch Ausriichtung vun der polnescher Regierung hunn. Dobäi sollten d‘Fraen – net nëmmen a Polen – an den éischte Woche selwer bestëmmen dierfen.

Viru Polen, war – wann et ëm Schwangerschaftsofbroch gaangen ass – Nordirland laang Zäit ëmmer am Mëttelpunkt, wann dëse Sujet an d‘Recht op Selbstbestëmmung vun der Fra ugeschwat gouf. Och hei hat d‘Kierch laang vill ze vill Muecht. Am Mee 2018 ass dës kierchlech Muecht „gebrach“ ginn. Mëttels Referendum ass et zu enger Liberalisatioun komm, wat gutt a richteg ass, an zudeem déi logesch Folleg op d‘Aféierung (2015) vum gläichgeschlechtleche Bestietnes ass.

mat indymedia/waw

Foto: Wa Protester duerch eng sanitär Kris „behënnert“ ginn, heescht dat net, datt de Protest muss ophalen, mee een nei Weeër fanne muss, seng Positioun no bausse vertrieden ze kënnen. A wa wéinst enger Pandemie d‘Mask „Flicht“ gëtt, esou sollt een déi net als „Maulkuerf“ gesinn, mee als Moyen seng Meenung oppen an däitlech ze weisen. © Katarzyna Ueberhan (via Twitter)

Related topics Covid19, Konfederacja, Pandemie, PiS-Partei, Polen, Polskie Stronnictwo Ludowe, Rechter vun de Fraen, Schwangerschaftsofbroch, Strajk Kobiet
Next post Previous post