Search

You may also like

MeteoLux: Wiederwarnung fir haut a Muer
International Neiegkeeten

MeteoLux: Wiederwarnung fir haut a Muer

Eppes Summer hate mir schonn an ee wäert sech wuel

JSL: Schluss mat der Sexualiséierung vum weibleche Kierper
International Neiegkeeten

JSL: Schluss mat der Sexualiséierung vum weibleche Kierper

Wann et em Belästegung vu Frae geet, gëtt am Moment

Bloalgen am Stauséi – Schwamme verbueden op der Rommwiss!
International Neiegkeeten

Bloalgen am Stauséi – Schwamme verbueden op der Rommwiss!

Am Kader vun de reegelméissege Kontrolle vun der Waasserqualitéit sinn

Ungarn: Rechtsstaat oder Führerdemokratie?

De faschistoiden Orban a seng Fidesz hu bal onendlech Muecht erlaangt an awer gëtt hinnen den Dapp beim Bléck op d‘Wale vun 2022

Ungarn: Rechtsstaat oder Führerdemokratie?

Ganzer eelef Joer ass dem EPP-Fraktiounsleader, Manfred Weber, säin ideologesche Copain un der Muecht. An dësem Zäitraum gouf mat der Réckendeckung vun de Konservativen op allen Niveaue vun der Unioun, d‘Pressefräiheet an d‘Onofhängegkeet vun der Justiz ad acta geluecht. Kaum en anert Land verhält sech esou oneuropäesch an néierewou ginn d‘EU-Subventiounen esou verdeelt.

Mee nieft Bedruch an Demokratieofbau, hunn den Orban an d‘Fidesz esouvill Muecht erlaangt, datt de Politolog, Prf.Dr. András Körösényi, den ungaresche politesche System zur „Führerdemokratie“ deklaréiert. Esouguer aus den USA, hei d‘Mënscherechtsorganisatioun „Freedom House“, heescht et datt Ungarn nëmmen een zum Deel fräie Staat wier. D‘Ungarn sinn doran awer net déi eenzeg.

Elo heescht et awer, datt d‘Faschisten an Ungarn Angscht virum Vollek hätten. Kléngt verréckt bis onwarscheinlech, mee et huet Indizien. Zum Fussballsmatch géint Portugal de 15. Juni, léisst dem Victor Orban seng Regierung 60.000 Mënschen an de fuschneie Puskas-Stadion eran, mee eng ugefrote Manifestatioun vu regierungskritesche Bierger, déi gouf op maximal 500 Leit begrenzt.

Den zivilisatoresche Mëttelfanger

Ee Samschdeg huet sech d‘Zivilgesellschaft allerdéngs net un dës Virgab gehalen, an esou waren si zu dausenden an de Stroosse vu Budapest, fir géint d‘Regierung ze protestéieren. Eng Regierung déi politesch wéi ideologesch en eenzege Widdersproch ass. Esou huet dës 2020 entscheet de Stied a Gemenge wichteg Recetten ofzeknäppen: Parkingstax, Autossteieren an d‘Touristenofgaben.

Gerechtfäerdegt gouf dësen Déifstall mat der sanitärer Kris, déi bekanntlech eppes Käschte sollt verursaacht hunn. Dat ass ëm esou méi interessant, wéi elo beschloss gouf, sech fir 1,5 Milliarden Euro um Bau vun der Annexe vun der chinesescher Fudan-Universitéi ze bedeelegen. Dës Uni gëtt vun der kommunistescher Partei kontrolléiert a finanzéiert, an wien hei era wëll muss sech fügen.

Dat kléngt net nëmme Schizophren… woubäi dann awer nees muss drun erënnert ginn, datt de faschistoiden Orban selwer bis 1989 ee kommunistesche Fonctionnaire war, iert hien am Mee vum selwechte Joer an enger historescher Ried den Ofzuch vun de russeschen Truppe gefuerdert. Et war d‘Grondsazried vum Faschist, dee sech bis haut domadder bretzt d‘Kommuniste verjot ze hunn.

An et huet jo nach aner Indizien: esou ass zanter Mëtt Abrëll gewosst, datt d‘Orban-Regierung Staatsbesëtz am Wäert vu Milliarden u Stëftunge verdeelt, déi selbstverständlech vun eegene Matstreider dirigéiert ginn. Privatiséierung ass jo elo eigentlech eppes, wat d‘EU-Kommissioun esou och fërdert, woubäi de Staatsbesëtz aus hirer Siicht an d‘Hänn vu Konzerner gehéiert…

Annex:

mat indymedia/bud/tlv

Illustratioun: Imaresz / pixabay

Related topics Faschismus, Fidesz, Protest, Regimekritiker, Staatsbesëtz, Ungarn, Victor Orban
Next post Previous post