Search

You may also like

Bei liewegem Leif verbrannt
International Neiegkeeten Stories

Bei liewegem Leif verbrannt

Bei engem Brand an engem Spidol am Nordoste vu Rumänien

„Kiwanis History Vehicles“ Meeting zu Zowaasch
International Neiegkeeten Stories

„Kiwanis History Vehicles“ Meeting zu Zowaasch

Zowaasch ass en ofgeleeënt Dierfchen am déifste Minett an zugläich

Haut hätt den amerikanesche Soulsänger Bobby Womack säi 75. Gefeiert
International Neiegkeeten Stories

Haut hätt den amerikanesche Soulsänger Bobby Womack säi 75. Gefeiert

Hie gouf de 4. Mäerz 1944 zu Cleveland (Ohio) ënnert

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert

EU-Sommet: „Léiwer ee schlechte Kompromëss, wéi guer kee Kompromëss“

Rechtsstaatlechkeet gëtt kloer iwwerbewäert

Beim leschten EU-Sommet vun dësem Joer, hunn sech d‘Staats- a Regierungscheffe mat grousser Kreativitéit op ee Kompromëss zum „neie Rechtsstaatsmechanissem“ verstännegt. Et ass also elo gelongen de Budget vun der Unioun an d‘Covid19-Finanzhëllef, zur Ofstëmmung ze bréngen. De Präis ass héich, wëll domadder dréit Europa och de Mënscherechter elo zou.

Ungarn a Polen, zwee Länner wou d‘Definitioun fir Rechtsstaatlechkeet därer entsprécht, wéi se Saudiarabien fir Reliounsfräiheet benotzt, gi regelméisseg vum Europäesche Geriichtshaff (EuGH) veruerteelt wëll se géint alles verstoussen, wat de Pappe vum europäesche Gedanke sengerzäit emol wichteg war. Rechter vun Homosexuellen, de Fraen an de Migrante souwisou, si schäissen drop.

Mee Europa ass och ee komplizéiert Zesummespill, wou jidderee well deen anere gleewen doen, datt een eng grouss Famill ass, an där sech all d‘Memberen un déi gemeinsam ausgeschafften Hausuerdnung halen. Eng Hausuerdnung déi eenzeg an eleng Eestëmmeg kann ugepasst an/oder revidéiert ginn. Elo gëtt Toleranz gelieft: Faschisten a reliéis Fanatiker bestëmmen d‘Wäerter…

Rechtsstaatlechkeet

Et ass gëschter zu Bréissel gelongen an engem Kompromëss, dat neit Verfaren zur Bestrofung vu Verstéiss géint d‘Rechtsstaatlechkeet mat enger Zousazerklärung ze ergänzen, an där festgeluecht gouf, wéi sech Ungarn a Polen géint eng Uwennung vun de Reegelen zur Wier setze kënnen. Eng dovunner ass d‘Iwwerpréiwung vun der Veruerdnung duerch den EuGH. Déi ass also vum Dësch.

Doriwwer eraus gëtt nach emol schrëftlech festgehalen, datt d‘Feststellung vun engem Verstouss géint d‘Rechtsstaatlechkeet eleng net duer geet. Zumindest soll et net duer goen, fir Subventiounen ze kierzen. Dofir misst scho bewise ginn, datt de Verstouss en negativen Impakt op d‘Verwendung vun dësem Geld hätt. Sollt et zum Sträit kommen, mussen d‘Staats- a Regierungscheffen dat klären.

Et huet misse sinn

Natierlech ass sech an dëser grousser demokratescher Famill, wou Zesummenhalt, Solidaritéit, mee virun allem chrëschtlech an national Gefiller zu de grousse Wäerter gehéieren, schonn eppes iwwert de schlechte Beholl geiergert ginn. Mee wann een hinnen net noginn hätt, géif d‘EU ab Januar nach just op Noutstroum lafen. Ee ganz schlecht Signal fir d‘Wirtschaft a ganz besonnesch d‘Bourssen.

Et muss een nämlech wëssen, datt d‘Decisioun d‘Ekonomie mat engem Subventiounsprogramm an Héicht vu 750 Milliarden Euro ze stäipen, d‘Aktiëmäert stabiliséiert huet. An dir hat gemengt et géif drëms goen äre Job ze retten? Zudeem si vill Länner seriéis drop ugewisen. Besonnesch den europäesche Süden, mat Spuenien an Italien, awer och d‘Rabbelkäpp Ungarn a Polen selwer.

Rechtsstaatlechkeet(v.l.n.r.) D‘Angela Merkel mam Charles Michel an dem Xavier Bettel. Eigentlech dräi vun deenen een nach rezent geduecht hätt, hinne wiere Grondwäerter, Mënscherechter a besonnesch d‘Rechtsstaatlechkeet wichteg. Si schéngen sech enns ginn ze sinn, datt esou eppes dann awer schonn eppes iwwerbewäert gëtt. © European Union

Kléngt scho verréckt datt ënnert esou Viraussetzungen, grad déi de Budget an de Rettungsplang blockéieren? Jo dofir muss een d‘EU-Politik zumindest eppes a senge groussen Zich verfollegen, well soss kënnt een net drop. Dofir ass et gutt, datt zumindest déi Staats- a Regierungscheffen, wéi eise Premierminister beispillsweis, wou an dëse Länner keng Rechter hätt, déi Regierunge stäipt.

De Bierger géintiwwer, reegt sech natierlech de Xavier Bettel op a veruerteelt, datt et an Ungarn an a Polen Zonen huet, déi „LGBTQI-Fräi“ sinn. Hien zitt déi grouss diplomatesch Regëster an fält den Errongenschaften am eegene Land an de Réck. Net emol de „Virfall“ an deem sech ee kloer Faschist aus Ungarn – dat war d‘Affär ëm de Josy – ridiculiséiert huet, war e Statement wäert.

Et geet dach just ëm Geld a Muecht

Et ass wuel net ziilféierend ze betounen, datt natierlech och an Ungarn oder Polen, eise Premier vun der Staatsmuecht géif geschützt ginn. Ganz esou verschidde sinn eise Premier an den ungareschen ex EU-Deputéierten dann och alt nees net. An esou huet den Duo Orban/Morawiecki den Dicks gebéit kritt. Si hunn hir Ziler erreecht, an déi aner behaapten elo och sech duerchgesat ze hunn.

Dofir muss insistéiert an nach emol drop higewise ginn – dat ass wierklech wichteg well hei gouf elo ee Prezedenzfall geschafen – dat de Veto vun den „erweiderten Ostgebidder“ absolutt guer näischt mam EU-Budget oder den an den eegene Länner dréngendst benéidegte Finanzhëllefen ze dinn hat. An et wier méiglech gewiescht, d‘Rabbelkäpp vun dësen „Hëllefen“ auszeschléissen.

RechtsstaatlechkeetDe bekennende Faschist a bannent der EPP besonnesch bei den däitsche „Vertrieder“ immens beléifte Viktor Orban huet säi Chrëchtdagskaddo zesumme mam reliéise Fanatiker a fraefeindleche Mateusz Morawiecki entgéintbruecht kritt. Hien dierf elo ganz offiziell a mam Seegen och vun der Lëtzebuerger Regierung, vertrueden duerch de Xavier Bettel, d‘Rechter vun Homosexuellen an anere Minoritéite beschneiden. © European Union

Béid Hallwerweisen, den Orban wéi de Morawiecki, woussten datt et do „Optioune“ gëtt, hir Leit (ass si selwer, well et bleift jo och ëmmer eppes an der eegener Täsch hänken) de Goss vu Bréissel zwéngend brauchen. Si hunn sech dann awer, wéi et sech fir Autokrate gehéiert op ee Pokerspill agelooss. Si hu jo och mat der europäescher Vollekspartei (EPP) ee ganz zouverlässege Partner…

Och d‘EPP, zu där d‘CSV gehéiert, schafft mat alle Mëttel dorunner, d‘Grondwäerter vun der EU am Sënn vun enger nationalkonservativer Ideologie ze reforméieren. An dat léisst sech och d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen net umierken. Jiddefalls war et dat mat de Wäerter, de Grond- a Mënscherechter, an esou och dem eigentlechen europäesche Gedanken. Schued…

mat indymedia/bru

Foto: © European Union

Related topics Covid19-Finanzhëllef, EU-Budget, EU-Sommet, Muecht, Polen, Rechtsstaatlechkeet, Ungarn, Veto
Next post Previous post