Covid19: Ee Réckbléck op den zweete Lockdown an Däitschland

Oder ass et eng Zukunftsvisioun?

Am Januar 2020 war d’Liewen nach normal. Mir hunn eis ee schéint neit Joer gewënscht, Familljememberen an den Aarm geholl an de Leit zur Begréissung d’Hand ginn.

Dat war alles selbstverständlech. Ewéi d’Noriichte vun dem éischten ominéise Coronafall a China bericht hunn, hunn déi meescht vun eis onwëssend de Kapp gerëselt.

« Deen wäert schonn net heihinner kommen. »

E puer Méint drop war alles anescht. D’Welt huet sech verännert, eng Pandemie huet sech ausgebreet. Länner sinn an de Lockdown gaangen, et gouf eng Ausgangsspär verhaangen. Engem Mënsch d’Hand gi war bemol verbueden. Et war riskant, et kéint een sech jo ustiechen.

Et huet geheescht, mir missten eis reegelméisseg d’Hänn wäschen an desinfizéieren, ee Maskeschutz undoen a sozialen Ofstand anhalen. D’Schoul ass vun Doheem aus gehale ginn.

Näischt huet gehollef, mir hunn de Virus an seng ënnerschiddlech Varianten nach ëmmer net am Grëff. Mëttlerweil si mir bei der fënnefter Well ukomm – een Enn ass net a Siicht. An dat, obwuel eng Impfung entwéckelt ginn ass. Houschten an Néitsche sinn natierlech Reflexer. Mee de Coronafall huet eis esou gepräägt, datt mir a solche Fäll schif ugekuckt ginn. Net nëmmen d’Welt huet sech verännert, och d’Mënschen.

Iwwregens ass Däitschland haut virun engem Joer a säin zweete Lockdown gaangen. Dësen huet bis den 12. Januar 2021 gedauert. Schoule, Restauranten, Coiffeuren an Entreprisen hunn hier d’Dieren alt erëm missen zoumaachen. Dat eenzegt, wat ee sech kafe konnt, ware Liewensmëttel a Produiten fir de perséinleche Besoin, zum Beispill Botzmëttel, Shampoing an Toilettëpabeier. Eben alles wat noutwenneg war. Spillsaache fir Kanner waren dovunner ausgeschloss.

Bei der Aarbecht war Home-Office déi sécher Léisung. D’Gastronomie konnt just e puer Frang mam Take-Away verdéngen. Alkoholkonsum an der Ëffentlechkeet war streng verbueden. Ee Verstouss konnt mat engem Protokoll bestrooft ginn. Och all Aart vu Versammlung oder Veranstaltung war verbueden.

Besuch bei Frënn oder der Famill ass op maximal 5 Persoune beschränkt ginn – dobäi hunn nëmmen zwee ënnerschiddlech Stoten sech dierften zesummesetzen.

Wiem dat alles bekannt virkënnt: esou änlech waren d’Restriktioune, ewéi Lëtzebuerg am Dezember zu méi strenge Moossname gegraff huet, fir ee Lockdown ze verhënneren.

Wann een d’Zuelen vun den Neiinfektioune kuckt a sech bewosst ass, datt d’Klinicken elo erëm an der Phas 3 sinn, ass dat scho beängschtegend. Déi eng jäizen no Fräiheet, anerer maache sech Gedanken iwwert d’Coronazuelen no de Feierdeeg.

An och wann et mëttlerweil een 08/15 Sproch ass:

Mir sinn all Deel vun der Léisung. A soulaang dat net bei jidderengem ukënnt, kréie mir dës Pandemie och net an de Grëff. Mir mussen dës nei Normalitéit akzeptéieren – ob mir wëllen, oder net.

Dernières nouvelles