Covid19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Mäerz 2022

Aus dem Bilan vun der Santé geet ervir, datt sech d‘lescht Woch 5.968 Persoune mam Coronavirus ugestach hunn.

Ënnert dësen neien Infektioune läit den Inzidenztaux vun den nei geimpfte Persoune bei 986 pro 100.000 Awunner an 922,8 pro 100.000 Awunner, déi ee vollstännegen Impfschema haten. Dobäi muss gesot ginn, datt déi net geimpfte Persounen, een zweemol méi grousse Risiko hunn, infizéiert ze ginn.

D’Altersmoyenne vun den diagnostizéierte Persoune leit bei 35,3 Joer. Et goufe 17.853 PCR-Tester gemaach. Am Verglach dozou waren et an der leschter Woch 17.169 Tester, se si liicht eropgaangen. 83 Schnelltester ware positiv.

Den 13. Mäerz  goufen 10.909 aktiv Infektioune gemellt, de 6. Mäerz waren et 9.623. Am Ganzen ziele mir 182.024 geheelte Persounen. D’Doudesfäll am Zesummenhang mam Coronavirus leie fir de Moment bei 7 Fäll. D’Altersmoyenne vun de verstuerwene Persoune läit bei 83 Joer.

Den effektive Reproduktiounstaux läit bei 1,13 – en ass soumat ganz liicht eropgaangen. Wann dës Zuel iwwert 1,0 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert. De Positivitéitstaux op allen ausgefouerten Tester läit bei 33,43%.

D’Inzidenz läit bei 940 Fäll pro 100.000 Awunner. An dat wärend 7 Deeg. An der leschter Woch war en op 755/100.000.

An de Spideeler ass d’Situatioun e stabil. Et sinn 30 Patienten op der normaler Statioun a 4 Patiente ginn intensiv behandelt.

Impfungen: An der Woch vum 7. bis den 13. Mäerz gouf am Ganzen 2.842 mol geimpft. Dovunner kruten 850 Persounen hier zweet Dosis – an 1.455 Persounen kruten eng drëtt, zousätzlech Dosis. 470.598 Persoune sinn vollstänneg geimpft.

D’Plaz wou sech meeschten ugestach gëtt ass mat 32,6% de Familljekrees. Dono kënnt d’Educatioun mat 15,1%, d’Reesen mat 4,5% an d’Aarbecht ass mat 4,1% dobäi an d’Fräizäit mat 8%. Den Taux, dee kenger Quell zouzeschreiwen ass, läit bei 26,9%.

Iwwerwaachung vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kontext vum SARS-CoV-2

Den Niveau vun der Kontaminatioun duerch SARS-CoV-2 an den dräizéng Kläranlage weist eng erhéichte Präsens vum Virus op. Dat ass däitlech ze erkennen, genee ewéi an den zwou leschte Wochen. Fir dozou méi ze soen, muss dësen Trend an den nächsten Deeg oder Woche bestätegt ginn. Et bleift weider dobäi, datt e virsiichteg muss sinn. Passt op Iech op a bleift gesond.

CORONASTEP-Berichter kënnen op der LIST Websäit gekuckt ginn.

All weider Informatioune fannt dir op der Säit www.impfen.lu.

Dernières nouvelles