Search

You may also like

surprise
9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts
Neiegkeeten

9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts

All Dag reegen sech Leit doriwwer op, datt hiren Zuch

money
Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten
Neiegkeeten

Lëtzebuerg am Big Apple – Op der Sicht no neien Opportunitéiten

Am Kader vum Deplacement op New York, wou den Ierfgroussherzog

Wann eis de Bësch verluer geet
Neiegkeeten

Wann eis de Bësch verluer geet

No Schätzungen, déi um Méindeg vu Global Forest Watch (GFW)

Déidlecht Accident zu Recken-op-der Mess

Déidlecht Accident zu Recken-op-der Mess

Wéi d‘Police um spéide Freideg Nomëtte matgedeelt huet, ass et op engem Feldwee tëscht Recken-op-der-Mess a Riedgen kuerz no 16 Auer zu engem déidlechen Accident komm. Aus bis zur Stonn nach net gekläerter Ursaach, huet en Traktorist vun 61 Joer d‘Kontroll iwwert säi schwéiert Gefier verluer, wouduerch dëst ëmgefall ass.

Fir de Mann, en Awunner vu Monnerech, koum leider all Hëllef ze spéit. Den Dokter vum Samu, dee wuel zäiteg op der Plaz war, konnt leider nëmmen nach den Dout vum Traktorist feststellen. Op der Plaz waren och de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police. D‘Redaktioun dréckt der Famill hiert Matgefill aus.

Foto: © Groussherzoglech Police

Related topics Accident, Feldwee, Police, Recken-op-der-Mess, SAMU, Trakter, Traktorist
Next post Previous post